Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Digitalisatiounsminister beim OECD Going Digital Summit
International Money Neiegkeeten

Den Digitalisatiounsminister beim OECD Going Digital Summit

De Lëtzebuerger Digitalisatiounsminister Marc Hansen huet dës Woch um OECD

F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter
International Money Neiegkeeten

F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter

Wann ee bedenkt datt e sëllechen „Experten“ den Olympiakos Piräus

Editorial: Wann de Patron dech am A huet
International Money Neiegkeeten

Editorial: Wann de Patron dech am A huet

Elo ass et dann entscheet ginn. Déi national Kommissioun fir

money

Europa wëll d‘US-Sanktioune géint den Iran ëmgoen

Kann d‘EU esou d‘Nuklearofkommes mam Iran retten? Loossen den d‘USA dat gefalen?

Europa wëll d‘US-Sanktioune géint den Iran ëmgoen

Europa huet dem Donald Trump säin eesäitege Réckzuch aus dem iraneschen Nuklearofkommes net verquësst, an versicht alles, dësen Deal mat der islamescher Republik oprecht ze erhalen. An dësem Kontext hunn Däitschland, Frankräich a Groussbritannien wëlles eng eege Finanzgesellschaft op d‘Been ze stellen, mat där si d‘US-Sanktiounen ëmgoe kënnen.

Während déi amerikanesch Justiz sech grad derzou entscheet huet, de chineseschen Technologie-Konzern Huawei, ënnert anerem och wéinst dem Verstouss géint d‘US-Sanktiounen am Iran, viru Geriicht ze stellen, wëllen dräi europäesch Länner eng Handelsplattform opbauen, mat där si déi US-Sanktiounen ëmgoe kënnen. Et ass e riskante Schachzuch, wann ee weess wéi konsequent den Donald Trump reagéiere kann, wann e sech erausgefuerdert gesäit.

Fir d‘Europäer awer, déi um Accord mat Teheran festhalen – zemools et ëmmer nees erwise war, datt sech déi islamesch Republik un d‘Ofkommes hält – soll dës „Handelsplattform“ den Deal mam Iran retten. Dofir soll e gesënnerten „Bezuelsystem“ tëscht den iraneschen an europäeschen Handelspartner geschafe ginn. Mat dësem SPV (Special Purpose Vehicle), esou d‘Iddi, sollen d‘Geschäftsverbindungen trotzt US-Sanktioune bestoe bleiwen.

Pssst! Geheim!

Vill Detailer zu dësem Projet gëtt et aus evidente Grënn net. Gewosst ass bis ewell, datt de Sëtz vun dësem Gruppement fir wirtschaftlech Zwecker (GIE) op Paräis kënnt. D‘Presidence vun dëser Gesellschaft soll en däitsche Finanzexpert iwwerhuelen. Zesumme mat Groussbritannien, sinn et déi dräi wirtschaftlech stäerksten EU-Länner, déi sech hei géint d‘Interesse vu Washington vereent hunn. Et heescht dann och, datt et all EU-Land op steet, sech um Projet ze bedeelegen.

Wat de Fonctionnement vun dëser „Handelsplattform“ betrëfft, esou gëtt et och dozou aktuell kaum konkret Informatiounen. Geséchert ass bis ewell nëmmen, datt et sech bei dëser Plattform, ëm esou eppes handelen dierft, wat ee mat enger Bourse d‘Echange gläichstelle kann. Méi konkret: bei den Transaktiounen tëscht europäeschen an iraneschen Entreprisen, sollen d‘Liwwerunge matenaner verrechent ginn. Dat ass et dann awer och schonn, wat ee mat Sécherheet ka soen.

Tricky Business

Bis dëse „System“ esou opgestallt ass, datt ee vun enger Funktionalitéit ka schwätzen, dierften nach Woche vergoen. Während et fir déi dräi EU-Partner verhältnesméisseg einfach ass, d‘Struktur zu Paräis operationell ze maachen, esou ass et dat am Iran méi komplizéiert. Däitschland, Frankräich a Groussbritannien bestinn op Garantien a Reegelen, mat deene soll verhënnert ginn, datt et zu Tricks kënnt, fir Geld „wäiss ze wäschen“ dat zur Terrorfinanzéierung agesat gëtt.

Fir eng Kollisioun mat den US-Interessen ze begrenzen a sech net selwer Sanktiounen auszesetzen, komme bei den ugestrieften Handelstransaktioune mam Iran keng Banke vir. Banke géifen sech mat enger Bedeelegung un dëser „Handelsplattform“ den Zougank zum US-Maart op Joerzéngten hin verspären. Esou gesinn, muss ee bei dëser Plattform vun engem „symboleschen Instrument“ ausgoe mat där een Washington signaliséiert, datt e sech net alles gefale léisst.

De Wuerekuerf

An dësem Kontext stellen sech allerdéngs och eng ganz Rei relevant Froen: Geet dëse Schratt den Iraner wäit genuch fir um Ofkommes festzehalen? Ëmmerhi soll den Handel a klenge Schrëtt a fir unzefänken op gewësse Wuere begrenzt ginn. Den „Echange“ bezitt sech, esouwäit een dat bis elo mat Sécherheet soe kann, en éischter Linn op Medikamenter a Liewensmëttel. Konsumgidder sinn eigentlech och méiglech, mee a wéi engem Ëmfang ass nach net ersiichtlech.

Geséchert ass, datt dëst „Instrument“ net ka benotzt ginn, fir d‘Pëtrolsgeschäfter mat der EU ofzerechnen. Op, an a wéi engem Ëmfang dës „Sécherheetsmoossnam“ verhënnere kann datt d‘USA géintiwwer der EU Sanktiounen ergräifen, léisst sech net mat Sécherheet soen. Sécher ass awer, datt den Donald Trump de Iran wirtschaftlech ënnerwerfe wëll, an och verkënnt hat, de Regimm vun der islamescher Republik stierzen ze wëllen.

mat indymedia/lon/par/ber

Illustratioun: © EIU, Teheran

Ähnlech Sujeten Däitschland, Echange, Europa, Frankräich, Groussbritannien, Handelsplattform, Iran, Teheran, US-Sanktiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel