Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof
International Stories

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof

D’Bild gesäit net iwwerall d’selwecht gutt aus, mee d’Tendenz ass

dislike
De ganz normale Wahnsinn
International Stories

De ganz normale Wahnsinn

Wann et em Waffe geet, verstinn d’Amerikaner kee Spaass. Dat

crying
Italienesch Justiz saiséiert d‘Schëff vu spuenescher ONG
International Stories

Italienesch Justiz saiséiert d‘Schëff vu spuenescher ONG

En italienesche Riichter huet en Dënschdeg d‘Saisie vun engem Schëff,

Trump: Sanktioune géint den Iran a Menace fir déi aner

Trump: Sanktioune géint den Iran a Menace fir déi aner

Nodeems hien alles dru gesat huet d‘Sanktioune géint den Iran nees anzeféieren, huet den Donald Trump eng Warnung un d‘Adress vun alle Länner geriicht, déi och weiderhi mat der islamescher Republik wéilten Handel dreiwen. Dës Sanktioune ginn als déi häertst betruecht déi et jeemools soll ginn hunn.

Am Iran hunn eis déi Leit, deene mir begéint sinn erzielt, datt si mat Roserei awer och grousser Angscht de Retour vun de Sanktiounen opgeholl hunn. Sanktiounen, déi d‘USA nom eesäitege Réckzuch aus dem Nuklearofkommes vum Joer 2015, nees agefouert hunn. Den US-President hat och vu senge „Partner“ an „Alliéiert“ gefuerdert, dem Iran de Réck zouzekéieren.

E puer Stonnen iert d‘Sanktiounen nees a Kraaft getruede sinn, déi der ugeschloener Wirtschaft am Iran nach emol en Déifschlag verpassen, hat den iranesche President, Hassan Rohani, d‘Mesure vun den USA als „psychologesche Krich“ bezeechent. Op Verhandlunge fir e neien Accord, wéi et vu den USA gefuerdert ginn ass, wëll ee sech zu Teheran net aloossen.

Fir den John Bolton, nationale Sécherheetsberoder vum US-President, ass et wichteg, datt an dësem Kontext, d‘Welt verséchert kritt, datt: „d‘Zil vun der Operatioun ass kee Regimewiessel. Mee mir wëllen de maximalen Drock op dës islamesch Regierung ausüben“. Dat ass erwisenermoossen eng glat Ligen, well géintiwwer Fox-News huet hien déi eigentlech Zilsetzung bestätegt.

„Mir wëllen datt den Iran dem internationalen Terrorismus seng Ënnerstëtzung entzitt, seng militäresch Aktivitéiten am noen Osten astellt, an säi ballistesche Programm opgëtt“, esou den John Bolton, deen – obwuel et dofir absolut keng valabel Beweiser gëtt – dem Iran ënnerstellt, säin atomare Waffeprogramm virunzedreiwen. Saudiarabien, den Äerzfeind vum Iran, begréisst dat.

Zu Moskau huet d‘Entscheedung, d‘Sanktiounen nees anzeféieren an esouguer ze verschäerfen, fir Roserei gesuergt. Moskau léisst wëssen, datt „alles wäert ënnerholl ginn, fir d‘Nuklearofkommes mam Iran ze retten“. „Déi international Communautéit dierf et net hinhuelen, datt grouss Erfolleg a Fortschrëtter vun der Diplomatie fir US-Ambitioune geaffert ginn“.

Den Trump an de Weltfridden

Vum Kreml aus, hätt nach kënnen drop higewise ginn, datt de Sträit deen den Trump mam Iran féiert, vill kleng „Ursaachen“ huet. Engersäits bedrängen esouwuel Riad wéi Tel Aviv d‘USA, all erdenklech Mëttel géint den Iran anzesetzen. Anersäits ass et der Trump-Administratioun dru geleeën „al Rechnungen“ ze begläichen. An den Donald Trump bereet de Weltfridden ze afferen.

Fir d‘Europäer, déi och den Accord mam Iran ënnerschriwwen hunn, ass et eng „Zwéckmillchen“. Si haten sech (eigentlech) vun Ufank dofir ausgeschwat, sech un d‘Nuklearofkommes mam Iran halen ze wëllen. Si wollten esouguer déi wirtschaftlech Interesse vun europäeschen Entreprise, déi am Iran investéiert hunn, verdeedegen. Et huet e sech eng spezifesch Legislatioun dofir ginn.

Ganz esouvill „Courage“ wéi déi europäesch Signataire vum Accord, hunn déi europäesch am Iran engagéiert Entreprisen a Konzerner net. D‘Fransouse Peugeot an Total, mee och den däitschen Daimler-Konzern, hunn op „Uerder“ vu Washington, déi geleeschten Investitiounen ofgeschriwwen an d‘Land verlooss.

Dat begréisst den Donald Trump, an tweet: „D‘Sanktioune géint den Iran sinn offiziell a Kraaft getrueden. Et sinn déi häertste Sanktiounen déi jeemools géint e Land agefouert goufen, an am November ginn se nach emol verschäerft. (…)Wien och ëmmer mam Iran Handel bedreift, wäert keng Geschäfter méi mat den USA maachen. Ech fuerderen net manner wéi de Weltfridden“.

D‘Sanktiounen enthalen de Blockage vun alle Finanztransaktiounen an de Verbuet vum Import vu Rohstoffer. Abegraff penaliséierend Moossname beim Handel am Automobil- a Loftfaartsecteur.

E grousse Feeler?

Fir den Ali Vaez, e Fuerscher vun der International Crisis Group (ICG), ass de Réckzuch aus dem Nuklearofkommes mam Iran, an déi domatter verbonnen Erneierung vun de Sanktiounen „ee vun de gréisste Feeler an der US-Aussepolitik, säit dem Irak-Krich“. De Retour zu Sanktioune wäert sech negativ op déi schonn ugeschloe Wirtschaft auswierken, erkläert den Ali Vaez.

Éischt Protester huet et dann och schonn am Iran ginn. A verschidde grousse Stied sinn d‘Leit op d‘Strooss gaangen, wou si géint d‘Inflatioun an de Chômage protestéiert hunn. Den iranesche Rial huet bannent sechs Méint Zweedrëttel vum Wäert agebéisst, konnt sech awer an de leschten Deeg marginal erhuelen.

„Ech hunn d‘Gefill datt mäi Liewen derbäi ass zerstéiert ze ginn. D‘Sanktioune wierken sech staark op d‘Liewe vun de Leit aus. Ech kann aktuell weder Liewensmëttel kafen, nach kréien ech de Loyer bezuelt“, erzielt der AFP e Bauaarbechter zu Teheran.

Un d‘Feindschaft vun den USA géintiwwer hirem Land gewinnt, maache vill Iraner hirer Regierung de Virworf, keng Léisung zur Kris fonnt ze hunn. Vill vun hinnen hunn dann och Dollar-Reserven ugeluecht, a sougenannten „Hamsterkeef“ gemaach, aus Angscht datt villes deemnächst net méi ze bezuelen oder ze kréien ass.

„Säit dräi, véier Méint, sinn d‘Präisser därmoosse geklommen, an alles wat ee brauch ass esou deier ginn, datt een et sech net méi leeschte kann. An dat scho virun de Sanktiounen“, beschwéiert sech den 31 järege Yasaman, Fotograf zu Teheran. Fir hie steet fest, datt d‘Regierung d‘Gëft schlécken a mat den USA verhandele muss. Mee säit 1980 ënnerhale béid Länner keng diplomatesch Bezéiung.

Alles op eng Kaart gesat

Den iranesche President, dee mam Nuklearofkommes alles op eng Kaart gesat hat, an sech fir eng oppe Politik mam Westen agesat huet, beschëllegt Washington, d‘zil ze verfollegen, dat iranescht Vollek géint d‘Regierung opbréngen ze wëllen. Fir hien ass et eng „verréckt Iddi“ am Schied vun de Sanktioune, Verhandlunge féieren ze wëllen. Sanktiounen déi virun allem déi Schwächst treffen.

Nach um Méindeg hat den Donald Trump gesot, datt hien engem „méi globalen Accord iwwert den Ensembel vun de schiedlechen Aktivitéite vum Iran, wéi de ballistesche Programm an déi onséileg Ënnerstëtzung vum Terrorismus“, oppe géinteniwwer steet. Hie fuerdert och vum Iran sech aus de Konfliktzonen erauszehalen, wann d‘Land nees wirtschaftlech eng Roll spille wëll.

Den Ali Vaez huet eis en Interview ginn, an deem hien op déi nei Situatioun ageet a warnt, datt dee geréngste Feeltrëtt an der Regioun, zu enger katastrophaler Konfrontatioun féiere wäert.

Wéi gesitt dir d‘Strategie vun der Trump-Administratioun géintiwwer dem Iran?

Ali Vaez: „Déi amerikanesch Regierung schéngt gedeelten Usiichten iwwert d‘Ziler ze hunn. Den Donald Trump ass der Iddi an Accord mam Iran ze fannen net ofgeneigt, wann dëse méi ëmfaassend a besser ass, wéi den Accord vum Obama. En Accord dee gläichzäiteg vill Problemer am noen Osten, Syrien a Jemen léise géif. E lackeleg Perspektiv vir e Verhandlungsexpert wéi hien.

Mee fir säin Ëmfeld a säi Kabinett, vum Sécherheetsberoder John Bolton bis zum Ausseminister Mike Pompeo, gëtt et een Objektiv: signifikativ den iranesche politesche System ze schwächen, a firwat net, de Regime auszetauschen.

Et besteet keen Zweiwel dorunner, datt et sech hei ëm de gréisste Feeler an der US-Aussepolitik zanter dem Irak-Krich handelt. Mir mussen eis elo op déi iranesch Dirigente verloossen, an hoffen, datt si logesch a mat beduecht reagéieren. Sollten si sech entscheeden sech zur Wier ze setzen, hire militäreschen Atomprogramm nees ze aktivéieren, kéint dat Israel an d‘USA derzou verleeden d‘Land unzegräifen.

Si géifen esou dat eenzegt stabilt Land an dëser Regioun destabiliséieren, an dee klengste Feeler kann zu enger katastrophaler Konfrontatioun féieren“.

Ass den Iran bereet sech un de Verhandlungsdësch ze setzen?

„D‘Méiglechkeet vun enger Verhandlung tëscht den Iraner an den Amerikaner läit bei Null. Dem Iran seng Strategie besteet doranner, déi nächst zwee Joer de Stuerm iwwert sech ergoen ze loossen an d‘Ofléisung vum Trump ofzewaarden. Déi eigentlech Fro déi sech stellt, ass wéi ginn déi aner Signataire vum Accord domatter ëm? Si kéinten dem Iran hëllefen Zäit ze gewannen…

Bedenkt een allerdéngs den Integratiounsniveau vun hirer Wirtschaft mat der US-Wirtschaft, esou hunn d‘Europäer e ganz klengen Handlungsspillraum. Mee Russland a China, grad ewéi Indien, hu méi Handlungsspillraum, a kënne weider mam Iran Handel bedreiwen, wat dem Land hëllefe kéint de Stuerm ze iwwerstoen“.

Wéi en Impakt huet dat op déi iranesch Wirtschaft?

„Den Iran huet zolidd wirtschaftlech Problemer. De Gros dovunner ass strukturell bedéngt, an net alles steet am Zesummenhang mat den US-Sanktiounen. Déi dierften awer zweiwelsfräi dem iranesche Vollek e grousse Schued zoufügen. Déi éischt Well deet elo net esou wierklech wéi, well de psychologeschen Impakt vun de Sanktioune schonn zanter dräi Méint antizipéiert gëtt.

Mat der Zilsetzung, dem Iran säi Pëtrolsexport op e Minimum ze beschränken, gëtt déi zweet Well richteg schmäerzhaft. Mee et ass net déi éischte Kéier datt de Regime vun Teheran sech Sanktioune stelle muss, an deen huet an Tëschenzäit geléiert domatter ëmzegoen. Et ass wuel richteg, datt et am Ament zu Protester kënnt, mee déi si bis ewell net koordinéiert.

D‘Oppositioun am Iran huet kee Leader, an et besteet zum aktuellen Zäitpunkt keng liewensfäeg Alternativ zum bestoende System. Net ze vergiessen, datt de Regime esouwuel de Wëlle wéi och d‘Kapassitéiten huet, en Opstand néierzeschloen. Ech ginn deemno net dovunner aus, datt de Regime vun Teheran an de nächste Joren zesummebrécht“.

mam Eric Randolph/AFP

Foto: E Mann kuckt sech zu Teheran eng Zeitung un, an där den US-President op der éischter Säit seng Sanktioune géint déi islamesch Republik begrënnt. © Atta Kenare/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Iran, Nuklearofkommes, Sanktiounen, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel