Déi „Sozial Fro“ am Mëttelpunkt vum Wahlprogramm bei déi Lénk
Leschten Donneschdeg huet déi Lénk fënnef Haaptmesuren aus hirem Wahlprogramm
Leschten Donneschdeg huet déi Lénk fënnef Haaptmesuren aus hirem Wahlprogramm
Gutt datt ech mech schonn eng kéier mam Beholl vum
Mat senger Ried huet d‘Greta Thunberg an engem Park am
Den Nawalny am Stroflager, d‘Krim nach ëmmer besat… Russland ass kee Rechtsstaat, an dat hunn d‘EU-Ausseminister gëschter nach emol zimmlech däitlech duergestallt. Dobäi sollt sech Russland, wann et sollt Perspektive fir d‘Bevëlkerung ginn, un den europäesche Wäerter orientéieren. Et gëtt getuschelt, datt besonnesch Polen an Ungarn op d‘anhale vu Rechtsstaatlechkeet bestinn.
Et soll also zu Sanktioune kommen, zumindest hunn sech d‘EU-Ausseminister gëschter zu Bréissel drop verstännegt, datt mat de Virbereedungen zu de Strofmoossname muss ugefaange ginn. Zu de Mesure gehéiere Verméigensspären an EU-Areesverbueter, fir russesch Amtsträger, déi eppes mat der Inhaftéierung vum Dissident ze dinn hunn. D‘Sanktioune solle schonn déi aner Woch gräifen.
Zu Moskau huet ee vill Erfarung am Ëmgang mat Sanktiounen, a wuel och mat kritesche Stëmmen am Land. Datt sech Bréissel elo véier – éischter onbekannt – politesch Acteuren ausgewielt huet fir en Exempel ze statuéieren, net awer een eenzegen Oligarch, esou wéi dat jo vum Alexej Nawalny gefuerdert war, ass opschlossräich. Wierklech eng ënnerhuele geet schlussendlech dann awer net.
Am Fall „Nawalny“ sinn et zudeem net déi éischt Sanktiounen, déi d‘Unioun géint Russland getraff huet. Scho wéinst dem „Attentat mat militäreschem Nervegëft“ (Nowitschok), dee jee no Quell, am Téi, op senge Kleeder, eventuell der Ënnerwäsch, agefloss/opgedroe gouf, war géint Persounen aus dem putinschem Ëmfeld Areesverbueter a Verméigensspäre verhaange ginn. Mee hat et Beweiser?
Wann et se soll ginn, wier et gutt déi oppen duerzeleeën. Dorunner dierf ee berechtegt Zweiwel hu well, zu Bréissel goufen d‘Strofmoossname beschloss well: „dovunner auszegoen ass, datt hannert dësem Virfall staatlech Servicer (gemengt ass de Geheimdéngscht) stiechen“. Zu Bréissel geet een iwwregens och dovunner aus, datt Polen an Ungarn Helde vun der Rechtsstaatlechkeet sinn…
A Russland ass ee wuel net begeeschtert, woubäi jo zanter mindestens engem Mount op béide Säite gewosst wéi d‘Geschicht géif evoluéieren. De lamentabelen Optrëtt vum Josep Borrell huet zudeem net emol am Usaz „Stäerkt“ representéiert, an de Sergej Lavrov dierft vill Spaass dobäi empfonnt hunn, den Spuenier blousszestellen. Moskau hat wärend dem „Besuch“ 3 Diplomaten ausgewisen.
Fir de President vun der auswäerteger Kommissioun an der Duma (Parlament), Leonid Sluzki, ass dat ganzt eng bosseg. Déi ugekënnegt „Strofmoossnamen“ musse jo elo och emol kloer definéiert an dann nach vun de Staats- a Regierungscheffe bestätegt ginn. Et géif also keng Nout bestoen elo alles ze iwwerstierzen, a Géigemesuren unzekënnegen. Fir unzefänke muss et emol Mesure ginn.
Allerdéngs huet de russesche Parlamentarier keng Zweiwel opkomme gelooss, dat et eng Äntwert op déi versprache Sanktioune wäert ginn. Hien huet net déi geréngsten Undeitung gemaach, datt et am russesche Parlament Vertrieder hätt, déi d‘Fuerderung zur Fräiloossung vum Kremlkritiker géife stëtzen. Et wäert sech also esou ausgoen, datt d‘EU sanktionéiert an den Dissident am Lager bleift.
mat indymedia/bru/mow
Foto: De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet sech gëschter zu Bréissel am Kontext vun der EU-Ausseministerkonferenz och fir Sanktioune géint véier russesch Amtsträger agesat. © European Union