Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
International Neiegkeeten

Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!

Vergaangene Samschdeg kruten um Rock the South véier Lëtzebuerger Bands

Jidderee wëll ee Stéck vun der Arktis
International Neiegkeeten

Jidderee wëll ee Stéck vun der Arktis

Fënnef Natiounen – Dänemark (mat Grönland), Kanada, Norwegen, d‘USA a

Effikass handelen géint d’Präissexplosioun beim Logement
International Neiegkeeten

Effikass handelen géint d’Präissexplosioun beim Logement

Konfrontéiert mat der Krise am Logement, déi sech an der

Sanktioune géint Russland: Den „Indizie“ Prozess (Kommentar)

Eigentlech sollt et: „Am Zweiwel fir den Ugekloten“ heeschen, mee fir esou Detailer huet een zu Bréissel wéineg iwwreg, woubäi an dësem Fall „Sanktioun“ net wierklech de Punkt trëfft.

Sanktioune géint Russland: Den „Indizie“ Prozess (Kommentar)

Wann een einfach emol Abstraktioun dovunner mécht, datt et vill gutt Grënn géif ginn de russesche Bier net iwwer Mooss ze stressen, et zudeem kee Geheimnis ass, datt och ee Kärel wéi den Alexej Nawalny alles wéi just keen Demokrat ass, geroden d‘EU-Sanktioune géint Russland an ee ganz anert Liicht. Zudeem soll et sech géint de Vladimir Putin riichten, mécht et allerdéngs net.

Datt se zu Bréissel lues awer sécher d‘Kontroll iwwert sech selwer verléieren, a sech mëttels deels ganz widderspréchlechen Decisiounen eegens tëscht Hummer an Amboss bréngen, sollt engem elo eigentlech ze Denke ginn, mee et ass Covid19 an keen interesséiert wat d‘EU mécht. Déi awer huet elo an der Kausa Alexej Nawalny Positioun bezunn, a Sanktioune géint Russland verhaangen.

Elo ass et richteg, datt d‘EU-Kommissioun selwer e liichten Hang zum Rietspopulismus (EPP) huet a wien Staatsmänner wéi de Viktor Orban hofféiert, an eng onmënschlech Asylpolitik bedreift, muss de fréieren ukrainesche Journalist politesch ënnerstëtzen. Et ass allerdéngs och kredibel, datt dësem russeschen Oppositionellen, en Nervegëft an den Téi verofreecht gouf, mee wien et war weess keen.

Näischt ausser eng chemescher Analys

Méi däitlech: Schwaarz op Wäiss ass näischt bewisen, an d‘EU-Kommissioun – vertrueden duerch de Franko-Nostalgiker Josep Borrell – zesumme mat den EU-Ausseminister, huet sech dës Woch fir Sanktioune géint Russland ausgeschwat. Si „mengen datt et am héchste Mooss wahrscheinlech ass“ datt de Kreml hannert allem stécht, an zitt mat Sanktiounen dem Zar seng „Leit“ zur Rechenschaft.

Natierlech gëtt sech net um „Patron“ Vladimir Putin direkt vergraff, dee gëtt nach gebraucht fir eng méiglechst diplomatesch Konfliktléisung am neierleche Sträit tëscht Armenien an Aserbaidschan ze fërderen. Och am Kontext vum „Demokratie-Opstand“ a Wäissrussland, wou sech Europa massiv amécht, ass Bréissel drop ugewisen, datt Moskau sech dem Wiessel „tolerant“ géinteniwwer weist.

Zu Bréissel hunn déi ganz „gescheit“ sech dem Ëmfeld vum Vladimir Putin ugeholl, an hei méi prezis dem stellvertriedende Leeder vun der Präsidialverwaltung, Sergej Kirienko. Dee spillt, och wann den Titel et op den éischte Bléck net hiergëtt, eng wichteg Roll am politesche Geflecht, well hien ass déi „gro Eminenz“ vun der russescher Innepolitik. Et ass keng zoufälleg Wiel vu Bréissel.

Et war de Kreml net den FSB

Datt déi – normalerweis mat eegene Nuebel beschäftegt – EU-Kommissioun de Sergej Kirienko als „Täter“ presentéiert soll verdäitlechen, datt een zu Bréissel zur Iwwerzeegung gelaangt ass, datt de Kreml selwer an direkt, net awer de russesche Geheimdéngscht FSB, hannert der Verofreechung vu Nowitschok stécht. Natierlech huet et dofir net dee geréngste Beweis, mee de Glawe geet jo duer.

Elo kéint een dergéint, halen datt d‘EU-Kommissioun méi weess, dat awer net ëffentlech maache wëll fir „Quellen“ ze schützen. Am Dokument zu de Sanktiounen steet dann och kee Wuert, zum gläichfalls opgelëschte „Sibirien-Beoptraagten“ Sergej Menjajlo, deen ëmmer nees als „Täter“ vum Uschlag erwäänt gëtt. Zu Bréissel geet een also „dovunner aus“ datt et esou ass wéi si et soen…

Wann d‘EU-Kommissioun dann elo awer Recht esou definéiert, sollt een sech als Bierger Gedanke maachen. Op där aner Säit, erkläert andrénglech et firwat Faschisten a Populisten sech zu Bréissel a Stroossbuerg esou wuel fillen. Et huet sécher och eppes mat domadder ze dinn, datt ee kee falscht Signal a Richtung Washington schécke wëll, an dem Fait datt et vu Membere gefuerdert ginn ass.

Sanktioune sollt een net iwwerbewäerten

Bei Sanktioune stellt sech awer och ëmmer d‘Fro: „Wat bréngt et?“. Am presente Fall, also quasi wéi ëmmer: Näischt! Wien en Häerz fir Populisten an Rechtsstaat-Verleegner huet, kéint hei eppes wéi eng symbolesch Aktioun erkennen, mee dat wier schonn zolidd mat den Hoer erbäigezunn. Dat huet an éischter Linn mat de Leit ze dinn, déi op dëser europäescher Sanktiounslëscht genannt ginn.

Alles wat op dëser ominéiser Lëscht steet – also och d‘Offizéier vun der Arméi an dem FSB – si keng därer, déi vill Auslandsreesen ënnerhuelen an/oder Bankkonten am Ausland ënnerhalen. Wier et de vun Technokrate gestëtzte Politiker och nëmmen am Usaz eescht, dem russesche Bier de Pelz op lénks ze dréinen, hätt et hei missen zu konkrete Wirtschaftssanktioune kommen. Ass et awer net.

Zudeem kann sech d‘EU-Kommissioun guer net leeschten, datt et zu engem „diplomatesche Broch“ mat Moskau kënnt. De russeschen Ausseminister Sergej Lavrov, huet jo och onverhuele wësse gelooss, datt sollt Bréissel net respektvoll mat sengem Land ëmgoen, si awer och d‘Konsequenze bedenke sollten. Iwwersat heescht dat näischt anescht wéi: „Wat sidd dir awer Läppercher!“ …

an Zesummenaarbecht mam Sara, indymedia/lon

Illustratioun: © Dušan S. / unsplash

Ähnlech Sujeten Alexej Nawalny, EU-Kommissioun, EU-Sanktiounen, Josep Borell, Nervegëft, Nowitschock, Russland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel