Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wëllen d‘Russen d‘EU-Wahl beaflossen?
lulu dating intelligence does chloe bennet dating logan paul

https://moien.lu/entj-dating-estj/

Ob et nëmme Propaganda ass oder d‘Vera Jourova, déi tschechesch

https://moien.lu/is-it-better-to-pay-for-online-dating/
lulu dating intelligence does chloe bennet dating logan paul

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann

Enger um Donneschdeg verëffentlechter Etüd no, waren 2015 weltwäit 36

Amazonas-Sommet: Vernonft oder Zwang?
lulu dating intelligence does chloe bennet dating logan paul

Amazonas-Sommet: Vernonft oder Zwang?

Um Amazonas-Sommet am kolumbianesche Leticia hu sech siwe Länner an

Bei neie Sanktioune kéint den Iran d‘Atomofkommes kënnegen

Géif domatter d'Land sech erëm selwer isoléieren?

Bei neie Sanktioune kéint den Iran d‘Atomofkommes kënnegen

En Dënschdeg huet den Iran domadder gedréit, den Accord iwwert d‘Notzung vun Atomkraaft mat de grousse Muechten ze kënnegen, wann d‘USA hir Sanktioun- a Contrainte-Politik weiderféieren.

Deen am Juli 2015, tëscht Teheran an de grousse Muechte vereenbaarten Accord, gesäit vir, datt den Iran säin nukleare Programm op déi zivil Notzung begrenzt. Am Echange sollten déi International Sanktioune progressiv ofgebaut ginn.

En Accord dee sengerzäit nach ënnert dem Barack Obama fonnt gi war, an elo vum Donald Trump a Fro gestallt gëtt. Den amerikanesche President, dee Saudi-Arabien nosteet, beschëllegt den Iran den Terrorismus ze ënnerstëtzen. Seng Administratioun huet eng ganz Rei juristesch a wirtschaftlech Sanktioune, déi net mam nukleare Programm a Verbindung stinn, verhaangen.

Iranesch Rhetorik

A senger Ried am Parlament, dat an den nächsten Deeg säi Cabinet muss validéieren, huet de President Hassan Rohani, och eng ganz Rei wirtschaftlech a sozial Mesurë virgeluecht, déi hie während sengem zweeten a leschte Mandat vu véier Joer wëll ëmsetzen.

„D‘Erfarung vu verfeelte Sanktiounen a Contrainten hunn déi läscht (amerikanesch) Administratiounen un de Verhandlungsdësch gefouert“ esou de Rohani op der Tëleeë. En huet och gewarnt, datt wann d‘USA nees „op déi al Methode wëllen zréckgräifen, dat och nach kuerzfristeg, dann hu mer nees d‘Situatioun vu virum Accord“.

Den iranesche President huet ënnerstrach, datt den Iran et géif virzéien den Accord net missen ze kënnegen. Dëse gëtt als „Model vun der Victoire vum Fridden an der Diplomatie iwwert de Krich an d‘Eesäitegkeet“ betruecht. Et ass allerdéngs och net déi eenzeg Optioun.

De Rohani bedauert och, datt den Donald Trump net éierbar ass: „An de leschte Méint konnt d‘Welt gesinn, datt d‘USA, nieft der Tatsaach all Verspriechen zum Atomofkommes gebrach ze hunn, och oft international Accorden ignoréiert hunn an hiren Alliéierte bewisen hunn, kee gudde Partner ze sinn“.

Amerika berifft sech op Fakten

Washington weigert sech op d‘Beschëllegungen anzegoen. D‘Spriecherin vum Ausseministère, Heather Nauert, huet en Dënschdeg verséchert, datt een d‘Atomofkommes géif respektéieren. Si huet awer och drop higewisen, datt dësen Accord deenen aneren Aktivitéite vun Teheran, déi vun den USA als Bedreeung fir d‘Regioun ugesi ginn, keen Enn gesat hunn. Iwwerdeems wier déi nei US-Politik géintiwwer dem Iran nach ëmmer am Stade vun der Elaboratioun.

Eppes méi explizit, huet déi amerikanesch UN-Ambassadrice, Nikki Haley an engem Communiqué affirméiert, datt „dem Iran dierf et net erlaabt ginn, d‘Atomofkommes ze benotze fir d‘Welt als Geisel ze huelen. Mir mussen dorunner festhalen, den Iran verantwortlech ze maachen, fir den Ofschoss vu Rakéiten, senger Ënnerstëtzung vum Terrorismus an der Verletzung vun de Resolutioune vum UN-Sécherheetsrot. Den Iran dierf ni, ënner kengen Ëmstänn, erlaabt kréien Atomwaffen ze besëtzen“.

Diplomatesch Sakgaass

Am Juli huet d‘US-Administratioun nei juristesch a wirtschaftlech Sanktioune géint Persounen an iranesch Entitéite verhaangen. Dat am Zesummenhang mat ballistesche Programm, deen duerch eng UN-Resolutioun verbueden ass. Vun de Sanktiounen, sinn natierlech och d‘Wiechter vun der Revolutioun betraff.

An deem Kontext, deen u sech eng diplomatesch Sakgaass ass, huet d‘iranescht Parlament schonn um Sonndeg eng konsequent Erhéijung vum Budget, vir eben de ballistesche Programm gestëmmt. Och de Budget fir d‘Wiechter vun der Revolutioun ass eropgesat ginn.

Zudeem dierf drun erënnert ginn, datt och wann den Donald Trump d‘Atomofkommes net a Fro gestallt huet, hien dee bestänneg kritiséiert an als „grujeleg“ bezeechent.

Den Iran, deen zanter 1980 keng diplomatesch Relatioune mat den USA ënnerhält, verséchert, datt d‘Sanktioune vun den USA den Accord a Fro stellen. En Accord, deen ëmmerhin déi international Isolatioun beendegt huet.

Datt d‘Situatioun ugespaant ass, geet och aus enger Meldung vun der US-Marine ervir. Déi behaapt, datt eng iranesch Drone sech „geféierlech no“ un d‘Fliger um Fligerträger USS Nimitz gemaach hätt. Den amerikanesche Fligerträger, hält sech am Ament an den internationale Gewässer vum Golf op. D‘Wiechter vun der Revolutioun hunn dës Affirmatiounen zréckgewisen. D‘Fluchbunn vun der Drone wier net geféierlech gewiescht.

Méi Frae fir d‘Rohani-Regierung

Virun den Deputéierten huet den iranesche President de Choix vu senger Regierung verdeedegt. Déi war an d‘Kritik vun de Reformer geroden, wéinst dem feelen u Fraen an der Bedeelegung vun „éischter eelere“ Ministeren.

„Mäi Wonsch war et dräi Fraen als Minister ze ernennen, mee dat huet sech net erginn“ sot de Rohani ouni an den Detail ze goen. Hie betount awer, datt „all d‘Ministere mussen sech mat Fraen ëmginn, dat och héije Posten. Besonnesch Beroderinnen an Deputéiert“.

Den Hassan Rohani war am Mee mat der Ënnerstëtzung vun de Reformer erëmgewielt ginn. Déi hu et mat engem gudden A gesinn, méi Meenungsfräiheet an Gläichberechtegung wëllen ëmzesetzen. De President huet versprach déi absolut Aarmut auszeläschen a fir besser Konditioune fir déi Aarm ze suergen. Dat nach virum Enn vu sengem Mandat 2021.

„D‘Regierung ass entschloss strukturell Reformen duerchzesetzen an gesäit am Kampf géint d‘Korruptioun eng vun de grondleeënde Konditioune vir de Fortschrëtt an d‘sozial Justiz“, esou de Rohani.

Hie war während sengem éischte Mandat beschëllegt ginn, e neoliberale Wirtschaftskurs ze fueren, dee just de Räichen entgéint komm wier. De President huet dann och versprach d‘Steiererliichterunge vun den aflossräiche Wirtschaftsgruppen ze kierzen. De Steiersystem soll zudeem erweidert ginn an esou mäi Gläichheet schafen.

mam Ali Noorani/AFP

Foto: Sëtzung vum iranesche Parlament um 15. August. Den iranesche President huet gewarnt, d‘Atomofkommes ze kënnegen, wann d‘USA un hirer Sanktiounspolitik festhalen (© Atta Kenare/AFP)

Ähnlech Sujeten Atomkraaft, Donald Trump, Hassan Rohani, Iran, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel