Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Méi bezuelbare Wunnraum um Kierchbierg
International Neiegkeeten

Méi bezuelbare Wunnraum um Kierchbierg

D‘Piraten, déi lénk, d‘Gewerkschaften an ongezielten ONGe fuerderen zanter enger

Trump-Diplomatie vum feinsten
International Neiegkeeten

Trump-Diplomatie vum feinsten

Nodeems den Donald Trump sech gëschter fir de Boris Johnson

Den Daachverband vun den Quartier-Syndikater bleift Determinéiert
International Neiegkeeten

Den Daachverband vun den Quartier-Syndikater bleift Determinéiert

Bei der Generalversammlung vun der USILL (Union des Syndicats d‘Interêts

EU verstännegt sech op Sanktioune géint Wäissrussland

Bei de Wahle gefuddelt an dann d‘Demonstranten néierknëppelen, dat muss Folgen hunn...

EU verstännegt sech op Sanktioune géint Wäissrussland

No drolege Wahlen a Wäissrussland, wou dem Diktator Alexander Lukaschenko knapp iwwer 80% vun de Stëmmen zougestane goufen, ass et an der fréierer Sowjetrepublik zum Opstand komm. Dat gefält dem „Herrscher“ éischter net, an esou ginn d‘Protester mat entspriechender Gewaltuwennung néiergeschloen. D‘EU wëll dat net hinhuelen, gesäit seng Expansiounspläng gefäerdet a regéiert.

Scho Mëtt August, kuerz nodeems ersiichtlech war, datt bei de Wahlen a Wäissrussland net alles no de Reegele konnt verlaf sinn, an et schonn éischt Affer ënnert den Demonstranten ze bekloe gouf, haten d‘EU-Ausseminister an enger Drénglechkeetssëtzung decidéiert, Sanktioune géint eng Rei Personalitéiten an Honoratioren aus dem Donstkrees vum Alexander Lukaschenko ze verhänken.

Den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell, war dann och beoptraagt ginn, déi ranghéich Supporter vum Diktator ze bestëmmen. No weidere Berodunge vun de Minister zu Berlin huet den EU-Kommissär eppes zum „Tëschestand“ ze soe gehat. Leider näischt Genaues, an dat werft net wierklech ee gutt Liicht op déi tatsächlech Absichte vun der EU-Kommissioun.

Eigentlech war erwaart ginn, datt de Josep Borrell um Freideg géif eng Lëscht mat Nimm op den Dësch leeën, mee deem war net esou. Och seng Aussoe waren éischter „evasiv“ an esou ass nach ëmmer net gewosst wéi vill Persounen dann elo vun de Sanktioune solle betraff sinn. Et war emol rieds vun engen 20 Dignitéiten, méi déi Zuel soll „no uewe korrigéiert“ ginn, huet et geheescht.

Iwwerhaapt schéngt et ënnert den EU-Ausseminister keng kloer Linn ze ginn. Gesäit een emol dovunner of, datt se sech „all“ eens sinn, datt d‘EU mat de geplangte Sanktiounen en Zeeche vun der Solidaritéit setze wëll, dat well Bréissel déi zukünfteg Regierung zum Uschloss un d‘Unioun beweege wëll, dann ass et déi üblech „meng Interessen an duerno vläicht Europa“ Kultur déi gëllt.

Déi baltesch Länner hunn hir Fuerderung, däitlech méi Persoune mat Areesverbuet a finanzielle Sanktiounen ze beleeën, net duerchgesat kritt. Et gëtt zudeem och nach ëmmer dru festgehalen, keng Sanktioune géint den eigentleche Verbriecher, also den Alexander Lukaschenko ze verhänken. Esou ass Europa, an zu Bréissel gëtt et Technokraten déi sech wonneren, datt keen hinne vertraut.

Mat topegem Gebraddels gewënnt ee keng Schluechten

Een deen dëse ganzen Zinema zolidd veriergert ass den Ausseminister vu Litauen, Linas Antanas Linkevicius. Hien hält alles wat sech bis ewell ofgespillt huet, beschtefalls fir „symbolesch“. Him ginn déi éiweg Gespréicher, déi absolutt net ziilféierend sinn op den Nerv. „Dat ass alles net ausräichend. Dat ass keng eescht gemengte Reaktioun“, esou de Litauer an huet vollkomme Recht.

De leschten europäeschen Diktator léisst sech dann och net beandrocken. Hie geet mat nach méi haarde Bandage géint déi Opstänneg vir, déi vun der sech am Exil befëndlech Oppositioun als „friddlech Revolutioun“ duergestallt gëtt. D‘Leaderin, Svetlana Tichanowskaja, huet an engem Videomessage betount, datt d‘Revolutioun streng „demokratesch“ wier, an net pro-europäesch.

Si wier awer och net anti-russesch… Laut der Oppositioun wier een engem Dialog opgeschloss, mee d‘Haaptacteuren trauen sech den Ament nach net zréck a Wäissrussland ze kommen. Och dat éischter verständlech, schliisslech sinn d‘Membere vum bei gegrënnte Koordinéierungsrot, Olga Kowalkowa an Sergej Dylewski leschte Méindeg vun der Police als Organisateure festgeholl ginn.

Géintiwwer Litauen huet den Alexander Lukaschenko dann och gemengt, datt säi Land schonn an der Vergaangenheet Strofmoossnamen iwwerstanen hätt, an dat esou an Zukunft bleiwe géif. Wie mengt him a senge Landsleit Angscht ze maachen, misst do schonn eppes méi fréi opstoen, an déi droleg Band vun Ausseminister, wou een deem aneren säin Däiwel ass, wier ee lächerleche Veräin.

Stëmmt voll a ganz: Griicheland dreet mat Veto géint d‘Sanktiounen, wann net endlech eppes géint de Sultan vu Ankara ënnerholl gëtt, deen sech an der Ägäis d‘Äerdgasquellen ënnert net Nol rappe wëll. Den Alexander Lukaschenko huet keng Loscht op e Gespréich mam Angela Merkel, an de Lëtzebuerger Ausseminister, Jean Asselborn, huet ausser Wuerthülsen och näischt Opweises.

Op d‘OSZE eng Vermëttlerroll iwwerhuele kann? Wäissrussland ass jo bekanntlech ee vun de 57 Member vun dëser „Organisatioun“, déi och en Enn vun de Mënscherechtsverletzunge gefuerdert huet. Dat huet awer méi mat enger Grondsazfro ze dinn, wéi datt dat mat Sanktiounen ze dinn hätt. A während all dës fei Leit sech eens sinn, net wëllen eens ze ginn, kënne Leit agespaart ginn…

mat indymedia/bru/lon

Illustratioun: „Dat bescht wat ee géint eng Diktatur maache kann, ass se net méi eescht ze huelen“ © Luecken

Ähnlech Sujeten Alexander Lukaschenko, Jean Asselborn, Josep Borrell, Revolutioun, Sanktiounen, Svetlana Tichanowskaja, Wäissrussland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel