Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neies vum Bichergeck : Eng Virwëtztut fir d’Kanner?
International Money rouyn noranda dating

taeyong dating rumors

Déi grouss Vakanz ass geschwënn eriwwer, d’Schoul geet nees un.

Et ass „Grippenzäit“ denkt drun iech impfen ze loossen
International Money rouyn noranda dating

Et ass „Grippenzäit“ denkt drun iech impfen ze loossen

Et ass Oktober an schonn an esou muncher Entreprise huet

What the Fakt – Haut ass Weltkriibsdag!
International Money rouyn noranda dating

What the Fakt – Haut ass Weltkriibsdag!

All Joer soll besonnesch um 4. Februar op eng vun

money

Nei Dimensioun fir US-Sanktiounspolitik géint Kuba

Amerikaner riskéieren a Schwieregkeeten ze gerode wa si Vakanz op der Insel maachen

Nei Dimensioun fir US-Sanktiounspolitik géint Kuba

Nieft der Amëschung an déi britesch an europäesch Innepolitik, dem Gestreits mam Iran, dem Handelskrich mat China an de Wirtschaftssanktioune géint Mexiko, gëtt och d‘Sanktiounspolitik géintiwwer Kuba weidergefouert an erweidert. Zil vun de neiste Sanktiounen: den Tourismus.

Am Abrëll hat d‘Trump-Administratioun et annoncéiert, elo ass et entscheet. Wien als Amerikaner déi karibesch Insel besiche wëll muss elo kreativ ginn. De Milliardär a seng Ekipp hunn Barrière geschafen déi kaum ze iwwerwanne sinn, an den Tourismus op Kuba soll zum erlee bréngen. Et ass elo Amerikaner – mat wéinegen Ausnamen – ënnersot, déi schéin Insel ze bereesen.

Esou de „Waasserwee“: Croisièren, Iwwerfahrte mat Passagéierschëffer, jo esouguer Yachte sinn Tabu. Reese mam Privat- oder Firmefliger si carrement verbueden, woubäi et awer weiderhi sollt Linneflich ginn, déi een am Prinzip net dierf benotzen. Sougenannt „Bildungsreesen“ (mat deene soss Restriktiounen ëmschëfft goufen) gëtt et zukünfteg och keng méi, dat ass net méi erlaabt.

Den US-Ausseministère huet awer op Nofro bestätegt, datt Exilkubaner trotz de Sanktiounen hir Familljen op der Insel dierfe besichen. Et soll esouguer aus akademesche, journalisteschen an/oder humanitäre Grënn erlaabt sinn, Kuba ze bereesen. De Ministère huet zudeem ganz onbekëmmert erläutert firwat dës nei Sanktioune gutt sinn a wat d‘Intentioun hannert deem ganzen ass.

De Regime mat Wirtschaftssanktioune stierzen?

Mat de neie Sanktioune wëll den US-President mam „Team Amerika“, dem kubanesche Regime, der Arméi an dem Geheimdéngscht de Geldkrunn zoudréinen. Eigentlech wëll den Donald Trump de Regime stierzen an d‘Insel nees der US-Wirtschaft ënnerstellen, well nëmmen déi d‘Bierger vu Kuba nees an d‘Fräiheet leeden an eng richteg wéi nohalteg Demokratie aféiere kann.

Kuba

Gutt et huet natierlech och eppes domatter ze dinn, datt Kuba den demokratesch gewielte President vum Venezuela, Nicolas Maduro, ënnerstëtzt. Net ze vergiessen datt den Donald Trump d‘lescht Woch am Bundesstaat Florida – wou déi meeschten Exilkubaner eng nei Heemecht fonnt hunn – seng Campagne fir de nächste Presidentschaftswahlkampf ofgehalen huet an hir Stëmme brauch.

Interessant an dësem Kontext d‘Tatsaach, datt des nei Sanktioune besonnesch fir den Tourismus eng denkbar schlecht Noriicht ass. Et wier schliisslech net auszeschléissen, datt vill net-Amerikaner elo och op d‘Vakanz zu Kuba géife verzichte, well se befierchte mussen dat vun den USA virgeworf ze kréien, wa si spéiderhin en Touristevisum erhale wëllen. Datt gouf dann awer „dementéiert“…

Zanter der Revolutioun ënner amerikaneschem Drock

Datt Washington an déi an den USA beheemeschten Exilkubaner, sech ni mat der Onofhängegkeet an der politescher Ausriichtung vun der Insel konnt offannen, ass bekannt. De Barack Obama war bis haut deen eenzegen, dee sech fir eng Politik vun der Entspanung an Ëffnung géintiwwer Kuba agesat huet, wat him net nëmme Luef abruecht huet. US-Sanktioune sinn also näischt Neies.

Trotzdeem huet de kubaneschen Ausseminister Bruno Rodriguez sech et net huele gelooss, via Twitter op déi Moossnamen ze reagéieren. Hei beschëllegt hien d‘USA d‘Absicht ze hunn déi kubanesch Ekonomie ze zerschloen an de Kubaner d‘Liewensqualitéit ze entzéien, mam erkläerten Zil Kuba zu politeschen Zougeständnesser ze zwéngen. Mee dat ass scho virdrun net gaangen…

Hale mir nach séier fest, datt am Abrëll d‘USA och e Gesetz virgeschloen hunn, deen et Amerikaner soll erlaben, juristesch géint Persounen an Entreprise virzegoen, déi op Kuba „Besëtz“ hunn déi vun Awunner enteegent goufe wéi si an d‘USA ausgewandert sinn. Doriwwer ass Bréissel net erfreet, well ee sech gutt virstelle kann, datt vun dësem Gesetz och EU-Entreprise betraff kéinte sinn.

mat indymedia/mia/hav

Foto: Et huet schonn oft ganz däischter Wolleken iwwert dem kubaneschem Himmel ginn an déi goufen eigentlech ëmmer vun den USA „eriwwergeschéckt“. Elo soll et US-Bierger nees ënnersot ginn, Vakanz op der karibescher Insel ze maachen.

Ähnlech Sujeten Kuba, Regimewiessel, Tourismus, USA, Wirtschaftssanktiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel