Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!
Fail International Neiegkeeten

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!

De Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer huet elo

maddi.lu – den Online Magazin fir Häerz a Séil
Fail International Neiegkeeten

maddi.lu – den Online Magazin fir Häerz a Séil

Vergaangene Freideg gouf den éischte Lifestyle Magazin vu Lëtzebuerg virgestallt:

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA
Fail International Neiegkeeten

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA

Wéi OGBL an LCGB et um Freideg bekannt ginn huet,

dislike

Sarkozy: No der Garde à Vue kënnt d‘Uklo

Sarkozy: No der Garde à Vue kënnt d‘Uklo

An der Enquête zum Verdacht vun der libescher Wahlkampffinanzéierung vum Nicolas Sarkozy am Joer 2007, ass de fréiere franséische President no senger „Garde à Vue“ ënner Uklo gestallt ginn. Hie bestreit dann awer eppes mat de Faiten ze dinn ze hunn, déi him virgeworf ginn.

De fréiere Staatsmann kritt ënnert anerem virgehäit: passiv Korruptioun, illegal Wahlkampffinanzéierung, an Ënnerschloe vun ëffentleche libeschem Geld. Fir de Sarkozy – ee vun deenen deen zum Stuerz vum Mouammar al-Kadhafi bäigedroen huet – huet den Albdram en Dënschdeg, mat enger Garde à Vue zu Nanterre ugefaangen.

Seng Auditioun an de Raimlechkeete vun der „Oclciff“ (Anti-Korruptiounseenheet) war um Dënschdegowend ënnerbrach, an um Mëttwoch intensivéiert ginn. Nodeems him d‘Uklo matgedeelt ginn ass, konnt den ex-President nees a seng Wunneng am 16. Arrondissement.

„No fënnef Joer Investigatiounsaarbecht, eng onerwaarten Tournure. Hie gëtt fir all d‘Haaptpunkten aus der Enquête ënner Uklo gestallt“, esou eng Quell aus dem Ëmfeld vum Dossier. „D‘Justiz an dësem Land ass fräi. Ob een e fréiere Staatschef ass, Parlamentarier oder Minister“, betount géintiwwer der AFP de Christophe Castaner, Generaldelegéierte vu La Republique en Marche.

An et ass net déi eenzeg Affär déi him virgeworf gëtt. 2017 war hie scho vum selwechte Riichter, Serge Tournaire, wéinst illegaler Wahlkampffinanzéierung, virun e Strofgeriicht gestallt ginn. An dësem Dossier ass et ëm d‘Presidentielle vun 2012 gaangen. Hei war Asproch erhuewe ginn.

Mee do ass och den Dossier vun der „Ecoute“. De fréiere President vu Frankräich gëtt verdächtegt, alles dru gesat ze hunn, fir vun engem Magistrat vum Cassatiounsgeriicht, Gilbert Azibert, Informatiounen ze erhalen, déi der Geheimhaltung ënnerleeë waren. Hei ass bis ewell net ersiichtlech, ob et zu enger Geriichtsverhandlung ka kommen.

Seng Uklo am libeschen Dossier, gëtt als Erfolleg no enger laanger Enquête vun de Magistrate betruecht. Säit der Verëffentlechung am Mee 2012 vun engem libeschen Dokument, aus deem eng Finanzéierung an héicht vu ronn 50 Milliounen Euro ervirgeet, sinn d‘Autoritéite gutt virukomm.

Vill kriminell Energie

Vill Protagonisten, dorënner fréier libesch Würdenträger, hunn d‘Thees vun der illegaler Finanzéierung gestëtzt. Esou de franco-libanesesche Geschäftsmann Ziad Takieddine. Deen huet verséchert, héchst perséinlech tëscht Enn 2006 a Ufank 2007, dräi Wallisse mat 5 Milliounen Euro, un de Sarkozy (deemools Inneminister) a säi Cabinetsdirekter Claude Guéant iwwerreecht ze hunn.

Den Ziad Takieddine huet dann och direkt no der Uklo vum ex-President reagéiert: „De Ligener, dat sinn net ech. Lues a lues zitt sech d‘Schléng zou, alles fält zesummen an d‘Mafia och“. An déi franséisch Magistrate schéngen dann och d‘Aussoe vum Geschäftsmann als kredibel unzegesinn.

Et gëtt allerdéngs och „déi aner“. Eng ganz Rëtsch u fréiere libesche Politiker an héije Beamten, déi den Nicolas Sarkozy 2007 am Elysée-Palais empfaangen hat, hunn all Finanzéierung vun der Wahlcampagne, duerch de Mouammar al-Kadhafi, ofgestridden. Dat féiert zur Fro: wéi eng nei Elementer hunn d‘Magistraten opgedeckt, déi dem ex-President kéinte geféierlech ginn?

Laut Le Monde, hätte fréier Würdenträger vum Khadafi-Regimm, Aussoe gemaach, déi de Verdacht vun der Wahlkampffinanzéierung stëtzen. An och aus engem Rapport vum Anti-Korruptiounsbüro vum September, geet ervir, datt 2007 vill Geld am direkten Ëmfeld vum Sarkozy, zirkuléiert huet.

„All Mënsch ass seng Enveloppe siche komm“ erkläert am Rapport deen d‘AFP agesinn huet, eng fréier Mataarbechterin. Fir d‘Enquêteure ass dann och kloer, datt esou eng massiv „Verdeelung“ net ouni d‘Wësse vum UMP-Kandidat méiglech war. Den Tresorier vun der Campagne, Éric Woerth, a säin Adjoint, hunn hirersäits verséchert, datt d‘Geld vun anonymmen Donateure staamt.

Onbeäntwert Froen

D‘Investigatiounen hunn dann och Liicht a verschidde verdächteg Operatioune bruecht. Esou e Virement vu 500.000 Euro, déi de Claude Guéant am Mäerz 2008 erhalen huet. De fréiere Generalsekretär vum Elysée, steet ënner Uklo wéinst Wäisswäschen a Steierhannerzéiung.

Froe stellen sech d‘Riichter och am Bezuch zu der Vente vun enger Villa zu Mougins am Joer 2009. De Keefer: e libesche Fonds dee vum Bachir Saleh geréiert an dem Entourage vum al-Kadhafi zougerechent gëtt. Hei gëtt ugeholl, datt eigentlech de Geschäftsmann Alexandre Djouhri derhannert stécht, an d‘Transaktioun illegal Versemente soll verstoppen.

An der Affär ass och de fréieren Inneminister Brice Hortefeux um Dënschdeg verhéiert ginn. Eng Oppen Auditioun, esou säin Affekot. „Hien huet op e neits verséchert, datt et keng Finanzéierung mat Ursprong Libyen oder soss dem Ausland ginn huet“, betount de Me. Jean-Yves Dupeux.

Wat de Geschäftsmann Djouhri betrëfft, esou ass deen am Januar zu London verhaft ginn. Eng Ausliwwerung un déi franséisch Justiz kéint am Juli stattfannen. Um politeschen Niveau fënnt de Chef vun de Republikaner, Laurent Wauquiez, d‘Mesure erniddregend an onnéideg. D‘Sozialistin Ségolène Royal ass der Usicht, datt d‘Bierger e Recht hunn d‘Wourecht gewuer ze ginn.

mam Sophie Deviller a Pauline Talagrand/AFP

Foto: De Nicolas Sarkozy (Archivbild aus dem Oktober 2016) © Joel Saget/AFP

Ähnlech Sujeten Frankräich, Korruptioun, Mouammar al-Kadhafi, Nicolas Sarkozy, Wahlkampffinanzéierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel