Search

You may also like

Eng grouss Dagesuerdnung fir de Regierungsrot
Meenung

Eng grouss Dagesuerdnung fir de Regierungsrot

E Freideg hat et nees eng Sëtzung vum Regierungsrot ënnert

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer
Meenung

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer

Nom tragesche Virfall am Munitiounslager um Waldhaff weist eise Premierminister

Vill Emotioune beim „leschte“ Bilan vun de Stater Beruffspompjeeën
Meenung

Vill Emotioune beim „leschte“ Bilan vun de Stater Beruffspompjeeën

Et war dee leschte Bilan, dee gëschter vun der Buergermeeschtesch

Satir am Déngscht vun der Demokratie

Satir am Déngscht vun der Demokratie

Satire huet aktuell Héichkonjunktur. Dovunner kann een sech liicht iwwerzeegen, huet Saturday Night Life bei den Emmys uerdentlech ofgeraumt. D’Sendung huet net gezéckt, souwuel d’Hilary Clinton als och den Donald Trump an hier Konsorten kräfteg op d’Schëpp ze huelen. En noutwännegen Déngscht an dësen Zäiten. Interessanterweis war grad de Stephen Colbert de Moderator. Hien ass wuel eent vun deene bekanntste Gesiichter vun der aktueller amerikanescher Satire-Zeen. Dobäi war et säin Zögling, den John Oliver, deen zwou Statue krut. Dëst och, well allen zwee weisen, datt dat, wat am Moment an den USA leeft, einfach net normal ass.

Dat ass hiren Déngscht un der Demokratie.

Satir als Selbstzweck ass keng Satir. Et däerf ee krass sinn, och mol ënner de Gurt haen, sou laang een no uewe schléit. A genau dat geschitt an dësen Emissiounen: Si huelen sech di Privilegiéiert fir, a stellen sech domatter an den Déngscht vun all deenen, deenen et net esou gutt geet. Déi sech och net méi an der normaler Noriichtewelt erëmfannen. Eng Noriichtewelt, déi schlicht net méi capabel sinn, de Wahnsinn, deen de President Trump mat sech bréngt, wierklech nach als solchen duerzestellen. Tatsächlech entwéckelt sech do eng Normaliséierung: Wann all Noriicht, all Tweet, all Uerder vum Presidente méi schlëmm ass, wéi déi virdrun, da falen déi mi kleng Saache guer net méi op.

De Sensationalismus, dee vir eis Europäer duerchaus grotesk dohier kënnt, an all Noriicht wéi eng Sportsendung couvréiert, packt et net, déi eigentlech anormal a geckeg Aktiounen vun engem Presidenten nach richteg ze erfaassen. A wann d’profesionell Journalisten Krämpes domatter hunn, wéi sollen se dat nach dem Public vermëttelen? Satiresendungen wéi déi vum Stephen Colbert an den John Oliver liwweren hei e wichtegen Déngscht. Jo, si maache sech doriwwer lëschteg, wat do geschitt. Mee hier Kommentaren an Analysen si gutt recherchéiert a liwwere méi Duerchbléck wéi CNN oder Fox News. Dat ass erschreckend, traureg an dach däer ee frou sinn, se ze hunn an doriwwer, datt se dofir gelueft ginn.

Related topics Donald Trump, Emmy, Hilary Clinton, John Oliver, Politik, Satir, Stephen Colbert, USA
Next post Previous post