Search

You may also like

Haut geet et ëm de Brexit
Neiegkeeten

Haut geet et ëm de Brexit

Den EU-Kommissär Michel Barnier soll laut diplomatesche Quellen, gëschter Owend

D‘Recommandatioune vum UN-Generalsekretär fir de Schutz vun de Palestinenser
Neiegkeeten

D‘Recommandatioune vum UN-Generalsekretär fir de Schutz vun de Palestinenser

Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, huet e Freideg véier Recommandatioune presentéiert,

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien
Neiegkeeten

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien

Scho leschte Freideg huet den FBI de fréieren Zaldot Mark

Saturn/Mediamarkt bestätegt Restrukturatiounspläng

Saturn/Mediamarkt bestätegt Restrukturatiounspläng

Zur am August an de Medien annoncéierter Restrukturatioun vum Grupp Saturn/Mediamarkt, wou bis zu 3.500 Aarbechtsplaze liquidéiert ginn, heescht et elo, datt keen Aarbechtsplazofbau bei eis zu Lëtzebuerg envisagéiert gëtt.

De Grupp Saturn/Mediamarkt huet zu Lëtzebuerg zwee Geschäfter mat ronn 130 Mataarbechter. Den Ament leeft d‘Entreprise zu Lëtzebuerg nach ënnert de Bezeechnung „Saturn Lëtzebuerg“. Vum 1. Juni 2021 un, dann ënnert dem Numm „Mediamarkt Luxembourg“. Den OGBL, deen an dësem Grupp d‘Personalvertriedung stellt, hat wéinst de Restrukturatiounspläng den 20. Oktober eng Entrevue mat der Direktioun.

Am Kader vun dëse Gespréicher gouf de Vertrieder vum OGBL confirméiert, datt och bannent dem Benelux bis 2023 ronn 450 Plaze géifen ofgebaut ginn. Et sollen allerdéngs keng Plaze bei eis am Land verluer goen, betount den OGBL, woubäi d‘Restrukturatioun schonn en Impakt wäert op d‘Aarbechtsplazen hunn. Laut dem Communiqué vum OGBL, wëll de Grupp Saturn/Mediamarkt seng Aktivitéiten zentraliséieren.

Och hei gëtt sech verstäerkt op d‘Digitaliséierung vun de Servicer ausgeriicht, wat bedeit datt et Poste wäert ginn déi verschwannen an neier entstinn. An dësem Kontext hunn sech d‘Direktioun vum Grupp an den OGBL drop verstännegt, der Weiderbildung e gréissert Gewiicht zouzegestoen. Et soll e „plan de maintien dans l‘emploi“ (PME) ausgeschafft ginn a déi vun der Restrukturatioun betraffe Mataarbechter entspriechend begleet ginn.

Foto: © Saturn Luxembourg

Related topics Mediamarkt, OGBL, Personalvertriedung, Restrukturatiounspläng, Saturn
Next post Previous post