Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mam Stock-Car Auto duerch den Topaze!
International Neiegkeeten Stories

Mam Stock-Car Auto duerch den Topaze!

Hat Dir se och gesinn, déi zwee getéitscht Autoen am

Gemengewahlen: wéi se hannert de Kulissen organiséiert sinn
International Neiegkeeten Stories

Gemengewahlen: wéi se hannert de Kulissen organiséiert sinn

Wéi et sech bei de Gemengewahle verhält, wa bis all

dislike
Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn
International Neiegkeeten Stories

Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn

Datt d‘Austrëttsverhandlunge fir de Brexit net einfach géife ginn, dat

Saudescht Kinnekräich iwwerrascht Weltgemeinschaft

Mohammed ben Salmane iwwerhëlt Verantwortung fir Mord um Jamal Khashoggi

Saudescht Kinnekräich iwwerrascht Weltgemeinschaft

Déi saudesch Monarchie ass wéinst senger traureger Roll am Jemen, mee och an virun allem wéinst der Ermordung vum Jamal Khashoggi liicht an d‘Kritik geroden. Länner wëlle Saudiarabien keng Waffe méi liwweren, Staats- a Regierungscheffe loossen sech bei gréisseren Treffen entschëllegen.

Zäit sech nees eppes op d‘Welt zouzebeweegen a gläichzäiteg en diplomatesche Schlag géint den Äerzfeind Iran auszeféieren. Esou fuerdert de saudesche Krounprënz Mohammed ben Salmane vun der internationaler Gemeinschaft eng „entschloss Reaktioun“ am Konflikt mat den Ajatollahen. Et bréicht staark Moossname fir Teheran zur Vernonft ze bréngen. Déi sollte politescher Natur sinn.

KinnekräichInteressant an dësem Kontext: Am Kader vun dëser „Message“ un déi international Communautéit, huet de saudesche Krounprënz och nach déi voll Verantwortung fir de Mord um Dissident Jamal Khashoggi iwwerholl. Hien dementéiert allerdéngs dëse Mord an Optrag ginn ze hunn. Et wier ee schrecklecht verbriechen, mee et sollt kee mengen datt Journalisten eng Gefor fir d‘Land sinn.

Domatter ass dee vun de Vereenten Natioune virgeluechte Sonnerbericht, an deem de Krounprënz eng direkt Verbindung zum Mord an dem Uerder fir d‘Ausféierung vun der Dot, awer net entkräft. Woubäi Saudiarabien, nodeems seng Raffinerie vun den Houthi-Rebelle bedreet an ugegraff ginn, am Virfeld zu engem bewaffente Konflikt mam Iran, op eng „gutt Meenung“ ugewisen ass.

Militäresch Interventioun net ausgeschloss

An de Mohammed ben Salmane – deen am Dossier Khashoggi wuel net perséinlech Hand ugeluecht huet – alarméiert d‘Weltgemeinschaft: „Wann d‘Welt keng staark an entschloss Moossnamen ergräift fir den Iran ofzeschrecken, da wäerte mir eng weider Eskalatioun erliewen. D‘Interesse vun der Welt ginn hei bedreet. D‘Pëtrolsversuergung gëtt ënnerbrach, den Ueleg net méi ze bezuelen“.

KinnekräichNo enger – esou den offizielle Stand – Dronenattack vun den Houthi-Rebellen op Raffinerien am saudesche Kinnekräich, mécht Riad zesumme mat Washington (an enger Rei europäesche Länner) Teheran fir d‘Ugrëff verantwortlech an dreet, sollt net domatter opgehale ginn, mat Géigeschléi. Den Iran huet all Verantwortung am Kontext vun dësen Dronenasätz vu sech gewisen.

Dës Attack hätt, esou de Mohammed ben Salmane, net d‘Häerz vun der saudescher Pëtrolsindustrie getraff, mee d‘Häerz vun der globaler Energieindustrie getraff. Trotzdeem wëll hie sech fir eng diplomatesch Léisung asetzen. Zwar wéilt sech d‘Welt mam Iran un de Verhandlungsdësch sëtzen, si géifen sech awer alle Gespréicher verweigeren. Och dofir bréicht et méi internationalen Drock.

E „Pinocchio“ aus „dausend an enger Nuecht“

Hei muss een dann awer op eng Rei Punkten agoen, déi esou net ze hale sinn. Wat de Mord um Jamal Khashoggi ugeet, esou ass et irrelevant op de Krounprënz perséinlech den Uerder ginn huet oder net, well et eng reng rhetoresch Fro ass. Hien hätt awer schonn eppes éischter dierften, esou wéi et seng Stellung eigentlech verlaangt, Verantwortung iwwerhuelen. Ännert jo näischt um Fait.

An eigentlech geet et de Saudien an éischter Linn dorëms, datt d‘Welt d‘Ajatollahen dovunner ofbréngt weider d‘Houthi-Rebellen am Jemen ze ënnerstëtzen, wat der Koalitioun ënner saudescher Leedung de Wee géif fräi maachen, fir zesumme mat Washington eng Marionetteregierung anzesetzen. Dat géif awer fir den Iran bedeiten, den Amerikaner Zougank zum Grenzgebitt ze ginn.

KinnekräichDatt den Iran net verhandele wéilt stëmmt esou och net. Si kënnen aktuell weder mat Riad nach mat Washington diskutéieren, well et den Ament kee glafwierdege Gespréichspartner gëtt. Den Donald Trump ass besiess de Regime am Iran ze stierzen, an d‘Saudie féieren e Glawenskrich (Sunnitte vs Schiiten). D‘Europäer, déi eigentlech Fridden duerch Handel wollten, riichten sech elo no den USA.

Et léisst also feststellen, datt ee säi Wonschgespréichspartner net mat Schléi op den Hannerkapp un de Verhandlungsdësch zwénge kann. Zudeem sollt et – wann ee säi Géinteniwwer scho beschëllegt – och glafwierdeg Beweiser ginn. Zanter dem George W. Bush an de Massevernichtungswaffen am Irak, der Fuerderung no Oprëschtung an d‘Zerrappe vun all méigleche Verträg, ass Virsiicht ubruecht.

mat indymedia/tlv

Ähnlech Sujeten Houthi-Rebellen, Iran, Jamal Khashoggi, Jemen, Kinnekräich, Krich, Mohammed ben Salmane, Petrol, Saudiarabien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel