Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
EU-Kompromëss zum Entsendegesetz ass (k)eng Victoire fir de Macron
Neiegkeeten

EU-Kompromëss zum Entsendegesetz ass (k)eng Victoire fir de Macron

D‘Aarbechtsminister aus der EU hunn no laange Verhandlungen um Méindegowend

Journalismus ass ee geféierleche Job
Neiegkeeten

Journalismus ass ee geféierleche Job

Journaliste liewe geféierlech. An och wann 2019 d‘Zuel vun den

Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Neiegkeeten

Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat

Wat wat dat nees e gäile Weekend an der Schongfabrick

Saudi-Arabien Deal: „wichtegste Waffenhandel an der amerikanescher Geschicht“

Saudi-Arabien Deal: „wichtegste Waffenhandel an der amerikanescher Geschicht“

Et war ee kinneklechen Empfang deen dem Donald Trump op senger éischter Auslandsrees gebuede ginn ass. E Samschdeg war den amerikanesche President a Saudi-Arabien ukomm an et dierf ee roueg vu „grousse Kino“ schwätzen, esou pompös wéi hien zu Riyadh empfaange ginn ass. En Empfang deen och am Kontrast zum Drock, deen op him zu Washington laascht, steet.

Bei all de politeschen Themen déi mam Kinnekshaus beschwat gi sinn, ass zu gudder Lescht dach just den onmoossege Waffendeal wierklech hänke bliwwen. Ee Geschäft dat sech weise léisst, wëll et hei ëm net manner wéi ee gesamte Montant vun iwwer 110 Milliarden Dollar geet. Donieft gouf natierlech awer och nach bilateral Gespréicher mam Kinnek Salmane an déi offiziell saudesch Agence SPA erwähnt am ganze 34 Accorden an de Beräicher Verteidegung, Pëtrol a Lofttransport.

Den amerikanesche President war dann och ganz aus dem Haische: „Et war ee formidabelen Dag (…) Honnerte Milliarden Investissementer an den USA a Jobs, Jobs, Jobs“, huet hie voller Freed de Journalisten an d’Mikroe gejaut. An enger Pressekonferenz mat sengem amerikaneschen Homolog Rex Tillerson sot de saudeschen Ausseminister Abdel al-Jubeir: „D’Valeur vun den Investissementer iwwertrëfft 380 Milliarden Dollar“.

Fir de Spriecher vum Wäissen Haus, Sean Spicer, stoungen awer déi militäresch Verträg am Wäert vun 110 Milliarden am Virgrond. Hie bezeechent des als „wichtegste Waffenhandel an der amerikanescher Geschicht“ betruecht. Dësen Deal huet als Ziel „d’Sécherheet vu Saudi-Arabien an der ganzer Golfregioun op laang Siicht, virun dem schlechten iraneschen Afloss an der Bedreeung déi mam Iran verbonnen ass, un de Grenze vu Saudi-Arabien ze ënnerstëtzen“, sot de Rex Tillerson.

Alles eng Fro vun Timing

Et ass sécherlech keen Zoufall, datt d’Annonce vun dësem aussergewéinlechen Deal op den Dag vun der Neiwahl vum Hassan Rouhani am Iran gefall ass. Op dës Wal huet dann och de Rex Tillerson reagéiert an den iranesche President opgeruff „den terroristesche Reseau“ a sengem Land ze schleefen a mat de Versich vu ballistesche Rakéiten opzehalen. „Mer hoffen och, datt den Rouhani d’Recht vun den Iraner op fräi Meenung an Zesummekënft retabléiert“, huet den Ausseminister weider ausgesot.

Dat sunnitescht Saudi-Arabien consideréiert de schiiteschen Iran als säi virrangege Géigner am mëttleren Osten. Déi zwee Länner sti sech iwwerdeems an de Konflikter a Syrien an am Yemen géinteniwwer. D’Wäisst Haus preziséiert dann och, datt déi militäresch Verträg d’Méiglechkeete vum Kinnekräich verstäerkt fir „konter-terroristesch Operatiounen an der Regioun duerchzeféieren“ wat „d’Lascht“ fir d’amerikanesch Arméi verklengert.

Den Trump erwaart sech dann och, datt Riyadh eng gréisser Roll am Kampf géing déi dschihadistesch Gruppen, Islamesche Staat an Al-Qaïda iwwerhëlt. De Kinnek Salmane an den Trump hunn am iwwregen eng „Deklaratioun iwwert eng gemeinsam strategesch Visioun“ ënnerschriwwen, mat där déi bilateral Relatioune verstäerkt ginn. Erënnere mer eis awer kuerz dorunner, datt dat saudescht Kinnekshaus viru gutt engem Joer, dem Barack Obama déi kal Schëller gewisen hat, wëll deen sech fir ee Rapprochement mam Iran ausgeschwat hat.

Eng kloer Sprooch

De Kinnek vu Saudi-Arabien huet sech dann um Sonndeg, bei der Ouverture vun engem Sommet tëscht moslemesche Länner an den USA, mat däitleche Wieder géint den déi Islamesch Republik Iran ausgedréckt. De Kinnek Salmane bezeechent den Iran „als Lanzespëtzt vum Weltterrorismus“ a sot sech och konsequent bereet de „Grupp (sunnitesch dschihadistesch) Islamesche Staat an all terroristesch Vereenegung, egal wéi enger Relioun, Konfessioun oder Ideologie se no stinn, ze eliminéieren“.

Den iranesche Regime ass Lanzespëtzt vum Terrorismus säit dem Trounwiessel vun der Revolutioun ënnert dem Ajatollah Rouhollah Khomeiny“ deklaréiert de saudesche Kinnek, Leader vun den arabesch-sunnitesche Monarchien an der Golfregioun. Wieder déi hien esou virum amerikanesche President an de Vertrieder vun enger ronn fofzeg moslemesche Länner virbruecht huet.

Den iranesche Regime ënnerstëtzt Groupementer an terroristesch Mouvementer wéi den schiitesch-libaneseschen Hezbollah, déi jemenitesch Rebelle „Houthis“ grad esou wéi déi dschihadistesch-sunnitesch Gruppen Daesch (IS), Al-Qaïda an anerer“ esou seng Beschëllegungen. Wat de Kampf u sech betrëfft, esou de Kinnek „Mir si vereent fir géint d’Gäissel vun al Iwwel an dem Extremismus virzegoen (…) géint den Terrorismus an all senge Formen ze agéieren a säi Finanzementssystem dreschen ze leeën.“ Hien ënnersträicht dann och, datt déi 55 moslemeschLänner déi um Sommet deel huelen an annerhallef Milliard Mënsche representéieren, ee wichtege Partner am Kampf géint den Extremismus an Terrorismus sinn.

D’Wuert ass dunn un weider Staatscheffe gaangen, déi een nom aneren de Wëlle vun hire Länner ënnerstrach hunn, sech un dësem Kampf ze bedeelegen. „Dës Lutte muss an enger globaler Siicht och ekonomesch gefouert ginn“, esou den egyptesche President Abdel Fattah al-Sissi, dee sech och géint Parraine vum Terrorismus gestallt huet. „Terrorist ass net nëmmen dee wou d’Waff dréit, mee och dee wou se finanzéiert an him eng politesch Ouverture erlaabt.

Den indonesesche President Joko Widodo ënnersträicht, datt „d’Moslemen déi éischt Affer vum Extremismus sinn“, an datt se sech missteneenege fir sech dëser Plo ze entleedegen.“ Den Emir vum Kuwait, de Scheich Sabha al-Ahmad al Sabah lueft „d’Kooperatioun an d’Koordinatioun mat den USA fir eng Roadmap am Kampf géint den Terrorismus ze erstellen.“ Eng „Lutte déi net nëmme militäresch mee och ideologesch misst sinn“ esou de malaysesche Premier Najib Razak.

Den Donald Trump huet dës Aussoen als Aluedung gesinn a notzt Gonscht vun der Stonn fir säi Point-de-Vue duer ze leeën. „Vum Libanon zum Irak iwwert de Jemen, finanzéiert, bewaffent a bilt den Iran d’Terroristen, Milizen an aner Groupementer déi Zerstéierung an Chaos an der Regioun verbreeden“, fir am Discours wieder auszeféieren: „Bis den iranesche Regime bewisen huet, datt hien ee Partner fir de Fridde wëll sinn, mussen all d’Natiounen zesumme schaffe fir en ze isoléieren“ a beschëllegt d’islamesch Republik „d’Feier vum reliéisen an terroristesche Konflikt ze schueren“.

Via AFP

Foto: AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Iran, Saudi-Arabien, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel