Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Büroe vun der ULC si Fuesméindeg zou!
International Neiegkeeten

D‘Büroe vun der ULC si Fuesméindeg zou!

Dir huet e Mëssel mat engem Geschäft, Sträit mat enger

Muss dat sinn?
International Neiegkeeten

Muss dat sinn?

Et ass déi Froh, déi ech mer all Joer fir

RAFTSIDE verëffentlecht „We have the sun“
International Neiegkeeten

RAFTSIDE verëffentlecht „We have the sun“

Nom leschten Album Empty Start, deen 2017 erauskomm ass a

Saudiarabien: Fraen däerfen sech sportlech Veranstaltungen am Stadion ukucken

Saudiarabien: Fraen däerfen sech sportlech Veranstaltungen am Stadion ukucken

Am streng reliéise Saudiarabien soll et ab 2018 Fraen erlaabt sinn, an dat an dräi Stadionen, sech sportlech Evenementer unzekucken. Dat ass fir d‘Kinnekräich e Prezedenzfall, mee och d‘Konsequenz vun der kierzlecher Entscheedung d‘Restriktioune fir d‘Fraen ze lackeren.

„Et gëtt ugefaangen dräi Stadien ëmzebauen, fir Famillen ab 2018 kënnen opzehuelen. Dat ass jeeweils een zu Riad, zu Jeddah an zu Dammam“, esou déi sportlech Autoritéit vum Sport via Twitter. Et deet sech eppes am moslemesche Kinnekräich, och wann een nach net vu Fräiheete fir d‘Frae schwätze kann.

Mee schonn am September hat de Kinnek Salmane de Fraen éischt Zougeständnesser gemaach. Ab Juni 2018 sollen se dierfen Auto fueren. Eng historesch Entscheedung déi géint den Awand vun de reliéise „Beroder“ getraff gi war.

Kleng Schrëtt fir ee grousst Zil

Och schonn zu de Geleeënheet vum Nationalfeierdag, haten honnerte Saudiaraberinne fir d‘éischte Kéier am Stadion zu Riad Plaz geholl. Si konnten esou un de Feierlechkeeten, dem Concert an dem Freedefeier deelhuelen. Bis dohinner ware Fraen net an de Stadien zougelooss. Dat wéinst der Reegel vun der Trennung vun de Geschlechter am ëffentleche Raum.

Am Juli hate Militante fir d‘Mënscherechter begréisst, datt den Educatiounsministère d‘Entscheedung getraff hat, de jonke Meedercher ze erlaben an den ëffentleche Schoulen um Sport-Unterrecht deel ze huelen.

Wann elo dann d‘Meedercher an der Schoul dierfe Sport bedreiwen, d‘Fraen an de Stadien sech Sport dierfen ukucken, esou bleift et hinnen och weiderhi verbueden, Sport an der Ëffentlechkeet ze maachen. Och déi privat Sport-Säll fir Frae war laang d‘Grondlag fir Gestreits a Polemik.

Zäit fir bedeitend Reformen

Et ass dann awer elo net esou, datt d‘Frae „fräi“ wieren oder „Rechter“ zougestane kritt hätten. A Saudiarabien stinn d‘Fraen ënner dem Momper vun engem Mann aus der Famill. Dat ass de Papp, de Mann oder Brudder. Déi mussen awëllegen, wann d‘Fra wëll studéieren oder Reesen.

Am Kader vun de grousse wirtschaftlechen a soziale Reformen déi bis 2030 sollen ëmgesat ginn, dat och mam Gedanken seng Ofhängegkeet vum Pëtrol ze reduzéieren, schéngt d‘Kinnekräich sech ze wandelen. Verschidde Restriktioune fir d‘Frae gi gelackert an d‘Fërderung vu verschidde Forme vun der Fräizäitgestaltung stinn am Raum. Dat ass wuel och néideg am engem Land, wou d‘Hallschent vun den Awunner manner wéi 25 Joer al ass.

Beim Wirtschaftsforum „Davos an der Wüst“, hat den Ierfprënz Mohammed ben Salmane (32) e moderéiert Saudiarabien versprach. Dat bedeit, datt sech d‘Kinnekräich, deem nach ëmmer nogesot gëtt de Wahhabismus, eng vun de konservatiivste Forme vum Islam, ze exportéieren, nei wëll ausriichten. Op déi reliéis Autoritéiten sech dat bidde loosse bleift ofzewaarden.

mat AFP

Foto: De Nationalfeierdag (23. Oktober) war eng éischt Geleeënheet fir d‘Fraen a Saudiarabien zesumme mat de Männer ze feieren. © Fayez Nureldine/AFP

Ähnlech Sujeten Fraen, Fräiheet, Saudiarabien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel