Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Steesel: 10. Internationale Meeting fir al Militärgefierer
International

Steesel: 10. Internationale Meeting fir al Militärgefierer

De Weekend steet vrun der Dier an dier wësst net

Kenns du eis Planzen a Blumme gutt genuch, fir dech an dësem Quiz behaapten ze kënnen?
International

Kenns du eis Planzen a Blumme gutt genuch, fir dech an dësem Quiz behaapten ze kënnen?

Et gëtt gäre vergiess, mee mir hunn am Lëtzebuergeschen vill

Den Déiereschutz an der Verfassung verankeren
International

Den Déiereschutz an der Verfassung verankeren

Aus Aktualitéitsgrënn ass d‘ADR un vergaangenen Donneschdeg op den Déiereschutz

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran

Um Sonndeg huet Saudiarabien den Iran gewarnt, datt een net einfach géif „stall halen“ géintiwwer senger „aggressiver Politik“. D‘Stëmmung tëscht béide Rivalen am Noen-Osten ass iwwert de Weekend nach weider an de „Keller“ gaangen.

Während enger aussergewéinlecher Sëtzung vun der arabescher Liga zu Kairo, déi op Ufro vu Riad ofgehale ginn ass, huet den saudeschen Ausseminister Adel al-Jubeir, en zolitte verbalen Ugrëff op den Iran a seng „Agente“ lancéiert. Hei waren dann och ganz däitlech de libaneseschen Hisbollah an d‘Houthi-Rebellen am Yemen gemengt.

Dat sunnitescht Saudiarabien an de schiiteschen Iran, déi säit Januar 2016 kengerlee diplomatesch Bezéiunge méi ënnerhalen, stinn sech a verschidde Konflikter géinteniwwer. Dat primär am Yemen, mee och a Syrien an am Libanon.

„Saudiarabien wäert net einfach stall halen, géintiwwer den iraneschen Aggressiounen, a wäert och kenger Ustrengung auswäiche fir seng national Sécherheet ze verdeedegen“, esou de al-Jubeir bei an der Plenière. „Näischt zu den iraneschen Aggressioune vu sengen Agenten an der Regioun ze soen, schützt keng arabesch Haaptstad viru ballistesche Rakéiten“.

De 4. November hat déi saudesch Arméi iwwert dem Fluchhafe vu Riad eng Rakéit ofgefaangen, déi vun de jemenitesche Rebellen ofgeschoss ginn ass. Déi saudesch Autoritéite behaapten sech dann och drop, datt dës Rakéit aus iranescher Produktioun staamt, wat Teheran kategoresch dementéiert.

Den Hisbollah, eng reell Bedreeung

Net manner hefteg, de Scheich Khaled ben Ahmad Al-Khalifa, Ausseminister vum Bahrain, an Alliéierte vu Riad. Deen huet ganz kloer Stellung geholl a wëll wëssen, datt den Hisbollah d‘Kontroll iwwert de Libanon geholl huet.

„Dës Band vun Terroristen déi sech als politesch Partei ausgëtt, féiert net nëmmen aggressiv Operatiounen am Land selwer duerch, mee iwwertrëtt sämtlech Grenze vun eisen Natiounen. Dat ass eng eescht Bedreeung fir déi arabesch Sécherheet“, esou den Al-Khalifa.

An engem Communiqué, huet déi arabesch Liga no der Reunioun den Ofschoss vun enger ballistescher Rakéit, aus iranescher Produktioun, streng veruerteelt. Hei wier een erwisenermoossen am Fall vun enger Aggressioun, déi an kenger Weis toleréiert ka ginn. De Communiqué bestätegt zudeem och d‘Recht vun der „Selbstverteidegung“ fir Riad a Manama.

Domatter schléisst sech déi arabesch Liga der Positioun vu Riad un, esou wéi et eppes méi fréi de Generalsekretär Ahmed Aboul Gheit zum Ausdrock bruecht hat: „Déi arabesch Haaptstied leien an der Schosslinn vun de ballistesche Rakéite vun Teheran“.

Zudeem beschëllegt de Generalsekretär och d‘Hisbollah (Libanon) an d‘Wiechter vun der Revolutioun (Iran) terroristesch Banden zu Bahrain ze finanzéieren an auszebilden. Hie geet esouwäit ze soen, datt d‘Hisbollah den Terroristen an den arabesche Länner, sophistiquéiert Waffen a ballistesch Rakéiten zoukomme léisst.

Den Iran verwiert sech géint dës Aussoen. Si hätten absolut näischt mat en Onrouen an der Regioun ze dinn. Villméi wier et Saudiarabien dat déi genannte Konflikter géif nieren, ënnerstëtzen an deels selwer „operationell“ um Terrain aktiv wier.

mam Bassem Aboualabass/AFP

Foto: Bei der aussergewéinlecher Sëtzung vun der arabescher Liga zu Kairo, ass den Iran beschëllegt ginn, eng grouss Verantwortung un de Konflikter am Noen-Osten ze droen. © Khaled Desouki/AFP

Ähnlech Sujeten Arabesch Liga, Bahrain, Hisbollah, Iran, Libanon, Saudiarabien, Yemen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel