Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Britesche Premierminister gëtt de Rhythmus vir
Neiegkeeten

Britesche Premierminister gëtt de Rhythmus vir

Kaum datt e gewielt ass, scho gëtt de britesche Premierminister

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 6)
Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 6)

Fir d’Period vum Deconfinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

Du bass op Twitter a wëlls Lëtzebuerger Politiker Followen? Mir hunn eng iwwersiichtlech Lëscht!
Neiegkeeten

Du bass op Twitter a wëlls Lëtzebuerger Politiker Followen? Mir hunn eng iwwersiichtlech Lëscht!

De Wahlkampf kënnt ëmmer méi an d’Gäng. Dat heescht och,

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker

14. September 2019 – Konferenzsall vun der Escher Jugendherberg

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker

De Joreskongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker zum Thema „Migratioun a Laïzitéit“ gëtt dëst Joer am Konferenzsall vun der Jugendherberg zu Esch-Uelzecht organiséiert. All Mënsch deen sech fir dësen Thema interesséiert ass häerzlech agelueden deelzehuelen.

De Kongress start pénktlech um 10 Auer. Um 13 Auer gëtt et d‘Geleeënheet fir ee Mëttegiessen, dat ee bequem op der Plaz kann anhuelen, d‘Jugendherberg huet déi entspriechend Méiglechkeeten.

Um Kongress gëtt d‘Fro, wéi eng Auswierkungen déi aktuell Migratioun op d‘Uspréch vun enger laizistescher Gesellschaft huet. Wiesentlech ass dobäi, wat et fir fräidenkeresch Kärtheme wéi Gläichheet, Trennung vu Staat a Relioun, Gewährleeschtung vun der Fräiheet reliéiser an net reliéisen Iwwerzeegungen oder den Internationalismus.

Zu dësem Thema schwätzen ënnert aneren: de Klaus Hartmann (D) „Ongläichheet – Ursaachen a Folge vun der aktueller Migratioun“, den Thierry Mesny (F) „D‘Migratioun an d‘Verdeedegung vun der Laïzitéit“, de Rüdiger Rauls (D) „Migratioun an Internationalismus“. Dozou gëtt et nach weider Beiträg aus der Belsch, Lëtzebuerg an der Schwäiz.

Foto: Arek Socha / Pixabay

Ähnlech Sujeten Esch-Uelzecht, Fräidenker, Joreskonferenz, Jugendherberg, Weltunioun vun de Fräidenker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel