Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Statec: Wann et vir an hannen net méi opgeet
https://moien.lu/free-dating-sites-north-east-uk/ https://moien.lu/post-dating-mot/

https://moien.lu/dating-site-sold/

Aus enger Etüd vum Statec geet ervir, datt eng Famill

top worldwide dating apps
https://moien.lu/free-dating-sites-north-east-uk/ https://moien.lu/post-dating-mot/

New Horizons Festival: Als Metalhead op engem EDM Evenement

Eréischt 2 Joer ass et hir, datt den New Horizons

Lëtzebuerger Ausseminister besuergt
https://moien.lu/free-dating-sites-north-east-uk/ https://moien.lu/post-dating-mot/

Lëtzebuerger Ausseminister besuergt

Zwee Deeg laang hat déi vun den europäeschen Ausseminister ofgehale

SC Beetebuerg: dat éischt Auswäertspill huet sech gelount

Fir d‘Damme vum AS Wëntger war et éischter en duerchwuessenen Owend

SC Beetebuerg: dat éischt Auswäertspill huet sech gelount

En war en interessante Spillowend deen de Fussball-Enthusiasten um Samschdegowend gebuede ginn ass. Et gouf ganz flott Spillzich, Revirementer an un Enn eng verdéngt Victoire. Mee wéi ëmmer loosst eis dat an Rou analyséieren…

Déi éischt Halbzeit huet sech den SC Beetebuerg – am Géigesaz zu den éischten zwee Heemmatcher – vun Ufank un vill besser um Terrain gewisen. Iwwert déi éischt 30 Minutte konnt een erkennen, datt si „Consignen“ haten. Déi hunn doranner bestanen, deen zimlech déif stoende Block vum AS Wëntger iwwert béid Säiten auszespillen. Dorunner hu sech déi Beetebuergerinne gehalen.

D‘Dräiecker; op der rietser Säit, bestoend aus der 88 (Amenis Correia) 8 (Lea Pizzimenti) an 20 (Kate Thill) an op de lénker Säit, 18 (Marie Amélie Albrand) 17 (Stessy Musselek) an eise Wierbel-Wand 14 (Lucia Ruiz) déi ënnert de Regie vum der 6 (Sarah Witry) exzellent zesummegeschafft hunn, konnten den Drock mat enger ausgeklügelter Strategie oprechterhale konnten.

Hei hunn d‘Spillzich zur Perfektioun anenanergegraff an d‘ Anouchka Besch (11) konnt dës gutt Viraarbecht enstpriechend ëmsetzen. Goalchance gouf et masseg, an der 13 Minutt no enger exzellenter Kombinatioun op der lénker Säit (18/17/14) huet d‘Lucia Ruiz debordéiert, eng Réckpass op d‘Anouchka Besch gemaach, datt de Ball hannert d‘Linn bréngt. Domatter war den Ufank gemaach.

SC Beetebuerg

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Den 0:2 fält engem laange Ball vum Tamara „Tammy“ Aniset (29) op d‘Kate Thill (20), dat der Goalkeeperin vum AS Wëntger keng Chance léisst. Dat war déi 18. Minutt… keng 15 Minutte méi spéit, kënnt zu engem ähnlech gekonnten Zouspill op der rietser Säit, wou d‘Kate Thill (20) seng Géignerin op der Säit iwwerleeft, an dann an der Mëtt eraflankt, wou d‘Anouchka Besch (11) nees op der richteger Plaz ass, fir säin zweeten Treffer vum Owend ze landen.

En wierklech „Billerbuch“ hallef Stonn, déi eis hei gebuede gouf. Wat geschitt elo? Déi Wëntger Dammen hunn de „Block“ eppes méi „héich“ gestallt, an domatter de Beetebuerger Spillfloss aus dem Rhythmus bruecht. Dës taktesch Ëmstellung sollt sech schonn an der 35. Minutt ausbezuelen. Hei huet d‘Martine Schon (7) sech an der Beetebuerger Verdeedegung duerchgesat kritt, säin Zweekampf mat Bëss a Wëlle fir sech entscheet, a beim zweeten Usaz d‘Lena Krier (1) iwwerwonnen. E verdéngten Uschlossgoal fir den AS Wëntger.

Bis zur Halbzeit ass et widderholl zu „Gewulls“ am Beetebuerger Strofraum komm. Dorënner och eng Rei geféierlech Situatiounen. De SC hat hei deels och eppes Gléck, datt d‘Damme vum AS dat mam Ofschloss net hikritt hunn. Et konnt ee dann och feststellen, datt d‘Beetebuergerinne ganz frou waren, wéi den Arbitter zur Halbzeit gepaff huet. Et gouf Gespréichsbedarf an der Kabinn…

Taktesch Ëmstellung huet iwwerrascht

No der Paus hat den Trainer vum AS Wëntger seng Dammen nach eppes méi héich um Spillfeld opgestallt. Dat sollt sech aus taktescher Siicht net esou duerchsetze wéi hie sech dat wuel erhofft hat. Dem SC Beetebuerg ass duerch dëse Changement vill Raum ugebuede ginn, deen dann och dankend ugeholl a genotzt ginn ass. D‘Goalkeeperin vum AS huet sech net gelangweilt…

Hei muss et dann erlaabt sinn e puer Detailer ervirzehiewen: zum engen ass ernimmenswäert, datt d‘Julie Augscheller (1) vum AS eng uerdentlech Leeschtung fir seng Faarwe gewisen huet. Vill a Beweegung an oft op der richteger Plaz, konnt villes verhënnert ginn. An zum aneren ass drop hinzeweisen, datt d‘Damme vu Beetebuerg a Saachen „Ofschloss“ keng glécklech Hand – oder sollt e Fouss soen – haten. Hei ass villes leie bliwwe wat eigentlech an d‘Netz gehéiert huet.

SC Beetebuerg

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Et dierf een dann awer nach op zwou exzeptionell Aktiounen hiweisen. Esou den 1:4, deen an der 76. Minutt gefall ass. D‘Stessy Musselek (17) setzt aus der Distanz (20 Meter) e Ball esou kloer an d‘Kräiz, do hätt och bieden net méi gehollef. An De 90. Minutt huet d‘Knetzel seng gutt Dagesform nach emol ënnerstrach: hei kritt et eng laang Pass vum Sadine Correia (9), kontrolléiert gekonnt de Ball a mat engem Lüpfer setzt et d‘Goalkeeperin vum AS Schachmatt.

1:5 heescht et nodeems den Arbitter ofgepaff huet. E Resultat dat fir béid Mannschaften esou sollt an d‘Rei goen. De SC hätt duerchaus en eppes méi héicht Resultat erzile kënnen, dofir mussen si dann awer och d‘Chance virum Goal besser ëmsetzen. Den AS dierf houfreg op seng Nummer „1! blécken an och d‘Mannschaftsleeschtung geet, gemooss un den eenzele Leeschtungen, esou an d‘Rei.

Stëmmen zum Spill

Op Beetebuerger Säit huet d‘Sarah Witry (6) eis nom Spill Ried an Äntwert gestanen. „Et war un a fir sech e gutt Spill. Mir waren an den éischten drësseg Minutte bal perfekt openaner ofgestëmmt, a wat eis do nom drëtte Goal Ënnerlaf ass, léisst sech net erklären. Mir waren dann och frou wéi d‘Halbzeit gepaff gouf. Den Trainer huet eis dann och nees op Linn bruecht an esou konnte mir an der zweeter Halbzeit nees zu eisem Spill fannen. Mir mussen awer ganz kloer besser mat eise Goalchancen ëmgoen“.

Vum AS Wëntger war et déi sympathesch Goalkeeperin, d‘Julie Augscheller (1) déi sech eise Froe gestallt huet: „Mir woussten datt et géint den SC Beetebuerg keen Einfache Match géif ginn. Am grousse ganzen awer, huet d‘Ekipp eng gutt Moral a vill Zesummenhalt um Terrain gewisen. Fir eis ass dat immens wichteg. Eis stäerkt ass den Teamgeescht an dee brauch et och, wann ee wéi mir an éischter Linn fir de Klassenerhalt spillt. Et ginn ëmmer emol gutt, emol schlecht Zäiten. Wien domatter ëmzegoe versteet, ass Staark an huet sech näischt virzewerfen.“

Gefrot no der eegener Leeschtung huet d‘Julie eis gesot, datt et normal ass, wann engem wéi haut d‘Bällëm d‘Ouere fléien, ee besser „gesi“ gëtt. Datt et dann awer vill Goalchance vum SC Beetebuerg verhënnere konnt, wier awer och senger Defense zouzeschreiwen. Si hunn dat wat hinne méiglech war gemaach, an esou derzou bäigedroen datt d‘Resultat net méi héich ausgefall ass.

Opstellung vun den Equippen:

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 18 Marie-Amelie Albrand, 88 Amenis Correia, 9 Sadine Correia, 29 Tamara „Tammy“ Aniset, 6 Sarah Witry, 17 Stessy Musselek, 8 Lea Pizzimenti, 20 Kate Thill, 14 Lucia Ruiz, 11 Anouchka Besch. Reserven: 22 Sheila Hoja, 5 Kim Ney, 7 Marta Pires, 21 Rita Garcia, 13 Lea Crusel. Trainer: Daniel Nunes

AS Wëntger: 1 Julie Augscheller, 23 Megan Hagen, 13 Mara Sousa, 17 Carolina Ferreira, 5 Sara Moreira, 10 Pia Berscheid, 12 Anne Nicolas, 8 Theresa Kersting, 9 Angie Bisschops, 7 Martine Schon, 16 Julie Marques. Reserven: 11 Lis Bourg, 14 Yana Schmidt, 18 Pauline Smeets, 19 Käthy Kerschen, 4 Lynn Koch. Trainer: Carlo Calmes.

Foto: © Luigi De Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten AS Wëntger, Dammefussball, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel