Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Den éischten Ëmzuch fir Rosenmontag zu Köln
Neiegkeeten Sport

What the Fakt – Den éischten Ëmzuch fir Rosenmontag zu Köln

All Kölner ass ewéi bänzeg op déi fënneft Joreszäit. Och

De KINNEKSBOND geet an déi nei Saison: Wat gëtt gebueden?
Neiegkeeten Sport

De KINNEKSBOND geet an déi nei Saison: Wat gëtt gebueden?

Beim Kinneksbond, Centre Culturel Mamer steet eng nei Saison un,

Mam „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei huet een en Hauch Summer doheem
Neiegkeeten Sport

Mam „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei huet een en Hauch Summer doheem

Wann ee bedenkt, datt d‘Hierstellung vu Béier mat Weess (Weizen)

SC Beetebuerg: Mir hu bei den Dammen de Bols gefillt

SC Beetebuerg: Mir hu bei den Dammen de Bols gefillt

Um Freidegowend, no enger flotter Fussball-Woch – Dir konnt bei eis jo eppes iwwert den F91 gewuer ginn, an och de Match war jo flott – hu mir eis nees eisem Saison-Zil zougewennt: den Damme-Fussball. Mir hunn eis virgeholl d‘Damme vum SC Beetebuerg (doheem) ze begleeden, firwat et net vu Muttwëll ass sech och dem Training zouzewennen.

An dësem Kontext ware mir dann och ganz iwwert den Accueil, deen eis vun de Spillerinnen an dem Trainer zougestane gouf, erfreet. Hir éischt Renconter haten d‘Dammen de leschte Weekend, wou si dann och zu Wëntger nom engem verdéngten 2:0 déi éischt dräi Punkte fir Beetebuerg an d‘Tabell agedroen hunn. Wéi si dat gesinn hunn, a wéi et ka weider goen, dat sot eis d‘Karen Marin.

Sidd dir mam éischte Match (géint Wëntger) zefridden?

Wann e gewonnen huet dierf een zefridde sinn. Wat elo d‘Mannschaftsleeschtung ubelaangt, do muss ee wëssen, datt eis vu virera kloer war, datt et eng schwéier Renconter géif ginn. Wëntger ass keng Equipe déi een ënnerschätzen dierf.

Dozou muss een dann och nach wëssen, datt esou kuerz no der Vakanz, och bei eis, nach net alles esou ofleeft, wéi mir dat kënnen a wëllen. Mat dem elo reegelméissegen Training, dënn dozou bäidréit datt mir eis besser openaner astelle kënnen, gëtt dat awer besser, a stäerkt och d‘Vertrauen.

Mam éischte Spilldag koum och déi éischt Iwwerraschung. Jonglënster verléiert zu Mamer 2:0, wat seet iech dat fir de weidere verlaf vum Championnat?

Et ass schonn eng Iwwerraschung, dorunner besteet keen Zweiwel. Elo muss een awer wëssen, datt Jonglënster eng ganz Partie wichteg Spillerinne verluer huet, an hiren Altersduerchschnëtt schonn „eppes méi gehuewen“ ass.

SC Beetebuerg

Goalkeeper-Training beim SC Beetebuerg. Hei gesi mir d‘Lena Kreier (24) a voller Aktioun. © Luigi De Stephanis/moien.lu

Dësen éischte Match, deen een net iwwerbewäerten dierf, wéisst awer schonn drop hin, datt et dës Saison am Fraefussball méi ausgeglach wäert hiergoen. D‘Spillerinne vu Jonglënster, déi op eng grouss Erfarung zréckblécke kënnen, wäerten dës verluere Partie ewechstiechen. A mat hinnen ass weiderhin ze rechnen.

Haut den Owend ginn der bei de Progrès Nidderkuer. Hir Damme ginn zu de Favoritte vun dëser Saison gezielt. Wéi gitt dir des Renconter un?

Also mir ginn definitiv dohinner fir eis dräi Punkte mat heem ze huelen. Dat verhënnert net, datt mir och mat Respekt op Nidderkuer fueren. Si hunn eng zolidd Spillgrondlag, an hunn eis datt beim Preparatiounsmatch, dee mir 1:3 verluer hunn, och ze verstoe ginn.

Zu Nidderkuer erwaart wéi schonn déi Jore virdrun, eng ganz intensiv a physesch Renconter. Wa mir eis do behaapte wëllen, musse mir esouwuel mental wéi kierperlech a Form sinn. E Kaddo maachen si eis mat Sécherheet net. Si hunn sech an der Transferzäit gutt verstäerkt.

Wat ass dann äert Zil fir dës Saison, um perséinleche Plang, mee och um Niveau vum Veräin?

Wann et mir nogeet, da maache mir dëst Joer den Triplé: Championnat, Coupe de Luxembourg a Futsal. Dat ass mäin Zil mam Veräin. Wat meng privat oder perséinlech Wënsch an Ambitiounen ubelaangt, esou hunn ech mir virgeholl iwwert den SC Beetebuerg och enger internationaler Carrière net ze verschléissen.

SC Beetebuerg

De Co-Trainer José Antonio Marin, am Gespréich mat sengen Dammen. De SC Beetebuerg geet den Owend bei de Progrès Nidderkuer, an hie géif sech iwwert eng weider Victoire freeën. © Luigi De Stephanis/moien.lu

Fussball ass meng Leidenschaft, mäi Liewen. Viru véier Joer hätt ech ëm een Hoer schonn dës Carrière kënnen ergräifen. D‘Eintracht Frankfurt, déi op mech opmierksam gi waren, hate mir sengerzäit eng interessant Offer ënnerbreet. Déi hunn ech esou net konnten unhuelen, doheem hu meng Elteren drop bestanen, datt ech als éischt mäi Schoulofschloss soll maachen.

Sou bleift mäi Kapp dann och fräi, ech ka mech voll a ganz fir den SC Beetebuerg asetzen an op dës Saison konzentréieren. Hei fillen ech mech wuel, et ass meng sportlech Heemecht.

Foto: D‘Karen Marin, 19 Joer jonk a Mëttelfeldspillerin vum SC Beetebuerg. Ass 2015 a 2017 als beschte Spillerin vu Lëtzebuerg gewielt ginn, an huet nach vill Ambitiounen. © Luigi De Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dammefussball, Karen Marin, Ligue 1, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel