Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’geschloent Kand vun der Literatur
Neiegkeeten Sport

D’geschloent Kand vun der Literatur

Wann et em Science Fiction geet, ass wuel keng Communautéit

money
Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?
Neiegkeeten Sport

Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?

Fir wien wëll unhuelen, datt d‘Modalitéite vun der Scheedung tëscht

dislikelaughing
De Budget 2018 an 9 Tweets
Neiegkeeten Sport

De Budget 2018 an 9 Tweets

D’Presentatioun vum Budget ass eng vun de wéinegen Occasioune, bei

Fraefussball Saison 2018/19: D‘Damme vum SC Beetebuerg ongedëlleg

Fraefussball Saison 2018/19: D‘Damme vum SC Beetebuerg ongedëlleg

Um haidege Samschdeg fänkt no enger laanger Summerpaus och d‘Championnat am Fraefussball un. Mir hunn eis den SC Beetebuerg auserwielt, fir dës Saison iwwert hir Heemmatcher ze beriichten. Si hunn sech zolidd an der Paus op déi nei Saison virbereet, a triede schonn haut den Owend (19 Auer) zouversiichtlech zu Wëntger géint den AS Wincrange un.

Iert et dann an eng hoffentlech erfollegräich Saison geet, wollte mir vun de Verantwortleche wësse wéi et ausgesäit. An dësem Kontext hu mir da beim Trainer Daniel Nunes Ferreira „de Bols“ gefillt. Deen huet sech vill Zäit geholl fir mat eis iwwert sengt Mannschaft, an déi nei Saison ze schwätzen. Gewosst ass awer schonn, datt d‘Moral beschtens ass, an den SC Beetebuerg mat 10 Transferte säi Kader qualitativ verstäerkt huet.

SC Beetebuerg

Den Daniel Nunes Ferreira war esou gentil sech vun eis „Lächer an de Bauch“ froen ze loossen. De SC Beetebuerg geet gutt virbereet an d‘Saison 2018/19 a stellt Uspréch op den Titel. Op déi aner Equippen den Damme vu Beetebuerg dat duerchgoe loossen? © Luigi De Stephanis/moien.lu

Mir stinn e puer Stonne virum Championnat, a kënnt dir eis eppes iwwert de Verlaf vun ärer Virbereedung erzielen?

D‘Preparatioun ass am grousse ganze ganz gutt verlaf. Natierlech muss ee berécksiichtegen, datt mir wéi alle anere Veräin, och musse Récksiicht op eis Dammen huelen, déi jo och eng Vakanz verdéngt hunn. An der Preparatioun konnte mir e puer Zolidd Matcher géint renomméiert Clibb spillen. Dat waren der am ganze sechs, an dräi dovunner hu mir zu eise Gonschten entscheet.

Hei hunn ech zefridde festgestallt, datt et géintiwwer der leschter Saison e Mentalitéitswiessel ginn huet. Eis Dammen si ganz positiv agestallt, super motivéiert, firwat ech mat Zouversiicht op dës nei Saison blécken.

Wéi zefridde sidd dir mat den Transferten?

Mir hunn am ganzen zéng Transferten ënnerschriwwen, dovunner ginn der sechs op déi éischt Equippe, a véier verfalen op déi zweet Equippe. Nei mat derbäi sinn elo d‘Lena Kreier (24) am Goal, eist Mëttelfeld verstäerken d‘Justine Oswald (28), Lea Pizzimenti (20) an Lucia Ruiz (14).

Mir hunn och eng nei Stiermerin: d‘Kate Thill (16) an hei sinn dann och d‘Erwaardunge grouss. Domatter kann ee festhalen, datt sech den SC Beetebuerg qualitativ verstäerkt huet, a beschtens op déi nei Saison agestallt ass.

Muss een sech nees op en Duell mat der Jeunesse Jonglënster astellen?

Ech denken datt sech och de Progrès Nidderkuer an de Racing FC Union Lëtzebuerg gutt an der Paus iwwert Transferte verstäerkt hunn. Déi wäerten hiert Wuert matzeschwätzen hunn, an kengem e Kaddo maachen. Gutt uecht dinn, musse mir och virun den Izeger Dammen (Entente Izeg-CeBra). Et kann een dann och dovunner ausgoen, datt d‘Championnat 2018/19 wiesentlech méi ausgeglach a Spannend wäert sinn, woubäi och den Niveau wäitaus méi héich leie soll.

Wat sinn är Ziler fir dës Spillzäit?

Mir hunn eis natierlech dohinner verstäerkt, well mir eis den Titel huele wëllen. Et wier allerdéngs och e vun de schéinste Kaddoen, dee mir eis selwer kéinte maachen, um Enn d‘Coupe de Luxembourg an Hänn halen ze kënnen. Net ze vergiessen, datt mir och an der Hall untrieden, an hei fest entschloss sinn, eisen Titel am „Futsal“ op neits ze verdeedegen.

Un Ziler feelt et eis net, wéi dir kënnt gesinn. Wann d‘Damme mir gutt nolauschteren, sech wéi an der Vergaangenheet 100 prozenteg fir d‘Equipp asetzen, da sollt et fir eis eng ganz gutt Saison ginn. Bleift ze hoffen, datt méi net mat Verletzungen a soss Ausfäll belaascht ginn. D‘Äntwert mussen d‘Dammen elo um Terrain ginn.

Wéi eng Géigner gesitt dir perséinlech als méiglech „Iwwerraschung“?

Fir eng gutt Iwwerraschung kéinten d‘Damme vun der Entente Wormeldange-Munsbach-CSG suergen. Eng Mannschaft déi eis schonn an der vergaangener Saison vill Kappzerbrieches gemaach huet. Dëst Joer hunn si sech d‘Sophie Maurer an d‘Catherine Havé geholl, an dat ass méi wéi eng Uso. Domatter ass hire Kader nach eppes besser wéi am leschte Joer, an hei heescht et oppassen.

Ärer Meenung no, wien ass um Enn vun der Spillzäit Kandidat fir den Ofstig?

Also ouni engem wëllen ze no ze trieden, hei geet jo och ëm de berühmte Bléck an d‘Kristallkugel. Menger bescheidener Meenung no, dierften et d‘Damme vum AS Rupensia Lusitanos Larochette dës Saison net einfach un.

Mee ganz éierlech, och beim Ofstig dierft et dës Saison vill méi equilibréiert zougoen. Et ass einfach esou, datt d‘Spillzäit 2018/19 einfach vun der Qualitéit hir besser opgestallt ass, wat dem Zuschauer schonn a kierzt opfale sollt.

Ären éischte Spilldag féiert iech op Wëntger. Wéi gitt dir an dëse Match eran?

Mir si frou datt et endlech nees lassgeet a fueren dohinner fir ze gewannen. Meng Damme sinn ongedëlleg, well och si natierlech wësse wëlle wéi et mat der Form ausgesäit. Wëntger ass, wéi eigentlech all eis Konkurrenten, keen einfache Géigner.

Den AS Wincrange kann sech op gutt motivéiert Spillerinne verloossen. Déi kënnen sech verbäissen, a wëssen hir Stäerkte prezis anzesetzen. Hei muss ech dann och der Trainerin Claudine Miller, e grousst Kompliment maachen, dat sech drop versteet, seng Talenter mat Geschéck opszestellen.

Zum Kader:

Goal: Lena Kreier a Cath Keipes; Defense: Amelie Albrand, Cathie Batista, Bisa Ceman, Sheila Hoja, Kim Ney, Kim Nilles, Marta Pires, Carolina Rodrigues, Nancy Serrano an Luana Tosti; Mëttelfeld: Senada Ceman, Sadine Correia, Amenis Correia, Kimberley Dos Santos, Rita Garcia, Karen Marin, Justine Oswald, Lea Pizzimenti, Lucia Ruiz, Joana Simoes an Sarah Witry; Stuerm: Anouchka Bësch, Morgane Blanco, Sabrina Dukovski, Melissa Muacho an Kate Thill; Coaching: Daniel Nunes Ferreira, Marin José Antonio, David Da Silva a Kevin Baustert.

mam Luigi De Stephanis

Ähnlech Sujeten FLF, Fraefussball, Saison 2018/19, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel