https://moien.lu/how-potassium-argon-dating-works/
Bei senger Irlandrees huet de Poopst François aacht Mënsche getraff,
Bei senger Irlandrees huet de Poopst François aacht Mënsche getraff,
Nodeems elo bekannt ass, datt déi technesch Kontroll vum Gefier
De Start vun der neier Nationalbibliothéik (BnL) hätt net kënne
Vum éischten Ament un hunn d‘Damme vum SC Beetebuerg den Toun uginn a kloer gemaach, datt si „hei doheem“ sinn. An der éischter Minutt ass dann och direkt de éischte Goal fir Beetebuerg gefall. Hei hat d‘Lucia Ruiz (14) d‘Goelkeeperin vum CS Fola, Rafaela Lopes (1) äiskal erwescht.
D‘Dominanz war ersiichtlech a et sollt och iwwert déi ganz éischt 45 Minutten esou bleiwen. An der Paus huet et verdéngt 5:0 fir den SC Beetebuerg gestanen. Fir d‘Goaler verantwortlech waren nieft dem Lucia Ruiz: an der 12. Minutt nach emol d‘Lucia Ruiz, an der 18. Minutt war et d‘Kimberley Dos Santos (10), dunn an der 39. Minutt huet Lea Crusel (71) markéiert an an der 43. Minutt huet d‘Lea Crusel nach een drop geluecht. Domatter war d‘Bier eigentlech scho geschielt.
SC Beetebuerg vs CS Fola © Martine de Lagardère /moien.lu
No der Paus awer sollt riicht esou weider goen, wéi déi éischt déi éischt Halbzeit op en Enn gaangen ass. Den SC Beetebuerg huet weiderhin d‘Heft um Spillfeld an der Hand behalen. An si hunn dann och schéi weider a Richtung Fola Goal gespillt. Esou sinn dann och nach véier Goaler gefall: esou an der 58. Minutt, wou d‘Lea Crusel säin drëtte perséinleche Goal geschoss huet. An der 79. Minutt gëtt et de 7:0 duerch d‘Rita Garcia (21), eng Minutt drop war et dem Kate Thill (20) gegënnt och nach een eranzesetzen. Ofschléissend gouf et an der 89. Minutt de 9:0 duerch d‘Amenis Correia (88). Et war wéi gesot keen einfachen Owend fir déi Escher Dammen.
Woubäi déi och matgespillt hunn, an duerchaus richteg beméit waren sech virum Beetebuerger Goal ze weisen. Den Damme vum CS Fola war den Éierentreffer awer net vergënnt ginn. Esou an der 82. Minutt, wou tëscht dem Susana Soares (16) an dem Cleunice Soares (12) e flotten „une-deux“ entstanen ass. Leider huet d‘Lena Krier (1) am Beetebuerger Goal dësen exzellente Versuch bravouréis ofgewiert. An esou geet de Match mat 9:0 zu Gonschte vum SC Beetebuerg op en Enn.
CS Fola: Nom Spill huet eis d‘Monica Cruz (10) seng Andréck zum Match vermëttelt. „Mir sinn dëst Joer fir déi éischte Kéier an der 1. Liga an si grad derbäi Léiergeld ze bezuelen. Et geet wesentlech méi Fix virun an all Feeler gëtt Cash bezuelt. Dozou sollt gewosst sinn, datt mir vill vun eise Spillerinne beim Opstig verluer hunn, an elo esou lues, wou mir d‘Equippen kennen, och sollten besser ginn. Et ass awer nach ee wäite Wee“.
SC Beetebuerg vs CS Fola © Martine de Lagardère /moien.lu
SC Beetebuerg: Hei war et d‘Lea Crusel (71) dat d‘Analys virbruecht huet. „De CS Fola huet sech kämpferesch gewisen, dat muss een ervirhiewen. Si hunn eis schonn deelweis Problemer bereet, déi mir awer, d‘Resultat ënnersträicht et och, léise konnten. Mir wollten eist Spill mat zwou-dräi Touche maachen, an dat ass eis Phaseweis och ganz gutt gelongen. 9:0 ass ee Resultat dat esou an d‘Rei geet, och wann een méi aus deem Ganzen hätt kënnen eraushuelen“.
CS Fola: 1 Rafaela Lopes; 2 Claudia De Jesus; 15 Erica Barros; 9 Diana De Sa Correia; 5 Laetitia Lobo; 13 Jessica Lopes; 10 Monica Cruz; 11 Diana Gomes; 7 Kiara Menino; 12 Cleunice Soares; 4 Carina Marques. Reserven: 14 Sandra Files; 16 Susana Soares. Trainer: Alexandre Pereira.
SC Beetbuerg: 1 Lena Krier; 9 Sadine Correia; 71 Lea Crusel; 10 Kimberley Dos Santos; 4 Cathie Batista; 19 Stessy Musselek; 8 Lea Pizzimenti; 14 Lucia Ruiz; 20 Kate Thill; 6 Sarah Witry; 88 Amenis Correia. Reserven: 29 Tamara „Tammy“ Aniset; 21 Rita Garcia; 22 Sheila Hoja; 5 Simone Ney; 7 Marta Pires. Trainer: Yves Block.
Foto: SC Beetebuerg vs CS Fola © Martine de Lagardère /moien.lu