Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerger Start-up Mandexpa stellt sech vir
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Start-up Mandexpa stellt sech vir

An der Folleg vu hirem Lancement, huet déi kollaborativ Immobilière-Plattform

Ofdreiwen, ass wéi sech engem bezuelte Killer ze bedéngen
Kultur Neiegkeeten

Ofdreiwen, ass wéi sech engem bezuelte Killer ze bedéngen

E Mëttwoch huet de Poopst Francis de Schwangerschaftsofbroch an senger

Festival vun de Migratiounen 2019: „Mäin Numm ass…“
Kultur Neiegkeeten

Festival vun de Migratiounen 2019: „Mäin Numm ass…“

Dëst Joer fënnt de Festival vun de Migratiounen, der Citoyennetéit

„A Scene At The Sea“ am Ciné-Club um 29. Mee!

„A Scene At The Sea“ am Ciné-Club um 29. Mee!

Den Escher Ciné-Club huet och dëse Mount nees ee fantastesche Programm u Filmer presentéiert. Als Schlussliicht vun dësem Mount steet nächste Mëttwoch „A Scene At The Sea“ um Programm.

Een daf-stommen Drecksmännchen gëtt sech senger Passioun zum Welle-Reiden hin. Ënnerstëtzt gëtt hie vum wuechtsame Bléck vu senger Verloobter, déi – wéi hie selwer – och daf-stomm ass. De jonke Kärel entwéckelt sech rasant virun, wouduerch hien sech bei Competitioune mat anere miessen dierf.

De japanesche Film vun 101 Minutte kënnt aus dem Joer 1991 an ass vum Takeshi Kitano realiséiert ginn. Mam Hiroko Ôshima, Claude Maki, Sabu Kawahara an Toshizo Fujiwara als Schauspiller konnt d’Geschicht op emotional Aart a Weis erzielt ginn.

Weider Informatiounen

Um kommende Mëttwoch, den 29. Mee 2019 gëtt „A Scene At The Sea“um 20:30 Auer am Kinosch zu Esch-Uelzecht (116, rue de Luxembourg) gewisen. Den Entrée läit bei 5 €. Weider Detailer ginn et HEI.

Ähnlech Sujeten A Scene At The Sea, Ciné Club, Film, Japan, Kinosch, Surfen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel