Aweiung vun der Kläranlag zu Gréiwemaacher
Energieeffizient an ëmweltschounend ass dat neit Klärwierk zu Gréiwemaacher, wat
Energieeffizient an ëmweltschounend ass dat neit Klärwierk zu Gréiwemaacher, wat
Mammendag steet virun der Dier – zanterdeem ech d’Buch Mammendag
Obwuel et sécherlech méi Wichteges gëtt, wéi sech den Ament mam Brexit ze beschäftegen, esou dierf net vergiess ginn, datt d‘Iwwergangsphas den 31. Dezember eriwwer ass. An esou wéi et elo den Ament ausgesäit, wäert et net méiglech sinn, bis dohinner esou eppes wéi en Ofkommes fir d‘Zäit duerno op d‘Rei ze kréien. De Boris Johnson stéiert et net a stellt schonn emol d‘Weichen.
Am britesche Parlament hunn d‘Deputéiert gëschter ee Gesetzprojet ugeholl (jo 351 / nee 252) mat deem Aarbechter/Employéeën aus der EU, Island, Liechtenstein, Norwegen an der Schwäiz, ab dem 1. Januar 2021 kee fräien Zougang zum briteschen Aarbechtsmaart méi hunn. Wéi eng Reegelen da sollen ugewannt ginn? Dat geet aus dem Gesetzesentworf leider net ervir, mee d‘Usätz si bekannt.
Schonn am Februar hat de britesche Premierminister Boris Johnson e Punktesystem virgestallt, an deem Aarbechtskräfte mat „besonnesche Fäegkeeten“ privilegiéiert solle ginn. Och deemools huet et net wierklech eng Erklärung zu dëse besonnesche Fäegkeete ginn. D‘Inneministesch Priti Patel, betount awer, datt dëse System „Fair an Einfach“ opgestallt ass. Méi Präzisioune gouf et leider net.
mat indymedia/lon
Illustratioun: © Vicky Yu / unsplash