Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Venezuela: Attentat op den Nicolas Maduro, eng Iwwersiicht
Neiegkeeten

Venezuela: Attentat op den Nicolas Maduro, eng Iwwersiicht

Zwou Explosiounen, siwe Verletzter, sechs Verhaftungen: dat sinn déi Elementer

Automatiséiert Filtere stellen eng eescht ze huelend Gefor fir den Internet duer
Neiegkeeten

Automatiséiert Filtere stellen eng eescht ze huelend Gefor fir den Internet duer

En Upload-Filter fir den Internet ass esou eng absurd Iddi,

An der Schwäiz studéieren: mat enger Bourse vun der Konfederatioun
Neiegkeeten

An der Schwäiz studéieren: mat enger Bourse vun der Konfederatioun

An engem Communiqué hunn, déi Schwäizer federal Kommissioun vun de

Schafung vum Nationalen Opnameamt (ONA) an der Abteilung fir Integratioun

Schafung vum Nationalen Opnameamt (ONA) an der Abteilung fir Integratioun

D‘Gesetz vum 4. Dezember 2019zur Schafung vum Nationalen Opnameamt (ONA) ënnerstellt dem Minister Jean Asselborn, als Minister fir Immigratioun an Asyl, d‘Opnam vun den Demandeuren op internationale Schutz.

Mam Akraafttriede vum Gesetz zum 1. Januar 2020, ersetzt den ONA, dat Lëtzebuerger Opname- an Integratiounsamt (OLAI) an ass dem Generalsekretariat vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten zougeuerdent ginn.

Dës Ännerung ass am Koalitiounsaccord 2018/23 virgesinn: „Mat Zil enger wierdeger Opnam vun den Demandeuren op internationale Schutz, mussen déi d‘Méiglechkeeten hunn, sech während der ganzer Beaarbechtungszäit vun den Anträg op internationale Schutz a fir all Aspekter vun der Opnam, wéi d‘Ënnerbréngung a materiell Konditiounen un een eenzegen Uspriechpartner, an dësem Fall dee fir d‘Awanderung zoustännege Ministère, ze wennen“.

Am Koalitiounsaccord ass och festgeluecht, datt d‘Integratioun en zentraalt Uleies vun der Regierung ass. Dofir ass bannent dem Ministère fir Famill, Integratioun a Groussregioun eng Abteilung fir Integratioun ageriicht ginn, dat ënnert der Leedung vun der Ministesch Corinne Cahen, fir d‘Zesummeliewen zu Lëtzebuerg ze fërderen a fir sech nach besser op dëst Zesummeliewen an d‘Integratioun vun alle konzentréieren ze kënnen.

Matgedeelt vum Ministère vir auswäerteg a europäesch Ugeleeënheeten, dem Ministère fir Famill, Integratioun an d‘Groussregioun an dem nationalen Opnameamt (ONA) – fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Integratioun, Internationale Schutz, ONA, Opnameamt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel