Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CGDIS: Keng Blesséierter bei gréisserem Feier zu Esch-Uelzecht!
International Kultur celebs go dating voice over rob beckett

words to describe myself for dating site

Um 17:30 Auer si gëschter eng Zwanzeg Appelle bei de

speed dating kuching
International Kultur celebs go dating voice over rob beckett

Jonk Studenten entdecken den Härebierg

Am Kontext vun den „Informatiounsdeeg“ vun der Arméi, Police, Douane,

surprise
En amerikanescht Duerf verdeedegt säi Waasser géint Nestlé
International Kultur celebs go dating voice over rob beckett

En amerikanescht Duerf verdeedegt säi Waasser géint Nestlé

Nestlé, de Schwäizer Liewensmëttelkonzern deen der Meenung ass datt Waasser

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen

Hollywoodstar an de 70er an 80er Joer, ass den US-Schauspiller Burt Reynolds en Donneschdeg am Alter vun 82 verstuerwen. Den Acteur, gebuer am Joer 1936, war bei eis virun allem bekannt duerch säi Rôle als Lewis Medlock am Film “Deliverance“ vun 1972.

De Burt Reynolds war och e Star vun der „liichter Ënnerhalung“. Hien huet a Koméidie wéi „The Longest Yard“ (1974), „Smokey an d’ the Bandit“ (1977), „Hooper“ (1978) oder och nach „The Cannonball Run“ (1981) d‘Haaptroll gespillt. De Schauspiller huet och an deen een an anere Flopp higeluecht, bis hien 1997 mat enger Nieweroll am „Boogie Nights“ nach emol brilléiert huet.

1998 ass de Burt Reynolds nominéiert fir en Oscar als beschte Schauspiller, wéinst senger Nieweroll an der Interpretatioun vum Jack Horner, e Porno-Filmproduzent. Mat Boogie Nights erhält de Schauspiller um Enn awer keen Oscar. Dofir huet den Acteur, fir seng Roll a Boggie Nights, e puer méint drop e „Golden Globe“ erhalen.

De Schauspiller, dee seng Carrière géint de 50er Jore lancéiert huet, war och fir eng Rei Filmer an de 70er an 80er, hannert der Kamera aktiv. De Burt Reynolds, de Mann mam perfekte Schnurres, war 2017 nach emol vun de Kritiker héich gelueft ginn, fir seng Prestatioun an „The Last Movie Star“, eng ofhängege Film, dee leider net den erwaarte Succès sollt hunn.

Säin Agent, Erik Kritzer, huet géintiwwer dem „Hollywood Reporter“ bestätegt, datt den Acteur en Donneschdeg an engem Spidol a Florida verscheet ass. Informatiounen zu Begriefnis leien eis nach net vir.

mat AFP

Foto: E vum Burt Reynolds seng leschten Optrëtter, hei Enn Mäerz zu Los Angeles, bei der Promo-Tour fir de Film „The Last Movie Star“. © Michael Tullberg/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Boogie Nights, Burt Reynolds, Deliverance, Hollywood, Schauspiller
Nächsten Artikel Virrechten Artikel