Zu Fuerschungszwecker: e Scheck fir den Dokter Serge Haan

Déi Lëtzebuerger „Fondation Cancer“ huet de Moien dem Dokter Serge Haan, ee Scheck an Héicht vun 281.492 Euro iwwerreecht.

Mat dësem Geld, ënnerstëtzt d‘Fondation Cancer de Projet: Effects of pesticides on the gutt an their role in Cancer development, vun der UNI-Lëtzebuerg. Dem Dokter Haan seng Fuerscherequipe kritt sech esou d‘Méiglechkeet sech op déi molekular Mechanissem a Signalistatiounskaskaden ze konzentréieren, déi vun de Pestiziden induzéiert ginn.

Foto: (v.l.n.r.) Lucienne Thommes, Directrice vun der Fondation Cancer; Professer Dokter Serge Haan, UNI-Lëtzebuerg; Dokter Elisabeth Letellier, UNI-Lëtzebuerg; Dokter Carlo Bock, President vun der Fondation Cancer. © Fondation Cancer