Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘CGFP erfreet iwwert d‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht
Neiegkeeten

D‘CGFP erfreet iwwert d‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht

Fënnef Deeg an der Woch bis zur Pensioun a Vollzäit

Phil27: Musikalesch Spëtzeleeschtungen zum klenge Präis
Neiegkeeten

Phil27: Musikalesch Spëtzeleeschtungen zum klenge Präis

An der neier Saison 2019/20, déi fir d’Philharmonie mat engem

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht
Neiegkeeten

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht

E gëtt ëmmer nees als dee „Verkafsevent“ vum Joer verkläert

Scheck-Iwwerreechung vum LCTO un d’Fondatioun vum Groussherzog an der Groussherzogin

Scheck-Iwwerreechung vum LCTO un d’Fondatioun vum Groussherzog an der Groussherzogin

Gëschter huet S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa d’Representante vum Luxembourg City Tourist Office (LCTO) empfaangen, fir ee Scheck zu Gonschte vun der „Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse“ iwwerreecht ze kréien.

Als Presidentin vun der Fondatioun duerft d’Groussherzogin beim feierleche Moment dobäi sinn, wou de Scheck an Héicht vun 38.734,38 € iwwerbruecht ginn ass. Dëse Montant geet aus dem Benefice vun de guidéierte Visitte vun der Saison 2018 ervir.

Um internationalen Dag fir d’Eliminatioun vu sexueller Gewalt huet d’Groussherzogin den LCTO – dee vum President Marc Angel, dem Direkter Tom Bellioun an der stellvertriedender Direktesch Martine Voss representéiert ginn ass – uginn, datt de Profit un Stand Speak Rise Up! geet.

Säit 1977 organiséiert de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) guidéiert Visitte vum groussherzogleche Palais, an dat vu Juli bis August. All Joer geet dobäi den Netto-Benefice un d’Fondatioun vum Groussherzog an der Groussherzogin. Méi zu de Visitte fannt Dir ënnert www.lcto.lu.

Opmaacherfoto: S.A.R. d’Groussherzogin ass ëmgi vun (v.l.n.r.) dem Martine Voss, stellvertriedend Direktesch vum LCTO; dem Tom Bellion, Direkter vum LCTO; dem Marc Angel, President vum LCTO © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Ähnlech Sujeten Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse, LCTO, Luxembourg City Tourist Office, S.A.R. d'Groussherzogin Maria Teresa, Stand Speak Rise Up
Nächsten Artikel Virrechten Artikel