Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
Medecins du Monde: Fir d‘Recht medezinesch versuergt ze sinn
International Neiegkeeten

Medecins du Monde: Fir d‘Recht medezinesch versuergt ze sinn

Um Dënschdeg huet „Medecins du Monde“ Lëtzebuerg (MdM) eng gréisser

angry
Awëllegung zu Geschlechtsverkéier vun engem 11 järege Meedchen am Debat virun der Justiz
International Neiegkeeten

Awëllegung zu Geschlechtsverkéier vun engem 11 järege Meedchen am Debat virun der Justiz

Kann en 11 järegt Meedchen aus fräie Stécker seng Awëllegung

Roy Reding likt PD-Kommentar
International Neiegkeeten

Roy Reding likt PD-Kommentar

Datt een als Politiker oppasse muss, wat een sou op

Mëttelmier: Nees e Schëff mat Migrante blockéiert

Mëttelmier: Nees e Schëff mat Migrante blockéiert

De Kapitän vun engem Handelsschëff, dee 40 Migranten aus dem Mëttelmier gefëscht huet, rifft déi tunesesch Autoritéiten op anzegräifen, an him den Zougang zu Zarzis am Süde vun Tunesien ze erlaben. Ënnert den aus dem Mier gerette Migranten, befannen sech och schwanger Fraen.

De „Sarost 5“, ee Handelsschëff mat tuneseschem Pavillon, läit zanter dem Méindeg op héijer Séi virun Zarzis. „Den Equipage ass um Enn vu senge Kräften, moralesch a physesch. (…) Mir ruffen déi tunesesch Autoritéiten op dréngend anzegräifen an d‘Migranten opzehuelen“, esou de Kapitän Ali Hajji, an engem Telefonsgespréich mat der AFP.

„Mir maachen de Maximum fir eis Hëllef de Migranten zoukommen ze loossen. Verschiddener vun hinnen si krank, a mir riskéiere Kontaminéiert ze ginn“, betount den Ali Hajji. D‘Migranten déi vu Libyen aus mat engem Schlauchboot d‘Iwwerfaart opgeholl haten, ware gutt fënnef Deeg um Mier verluer, iert si vum Schëff Caroline III entdeckt goufen.

Dëst Schëff huet dann d‘Küstewaach vun Italien, Malta a Frankräich informéiert. Déi hunn de Message erhalen an dem Kapitän vun der Caroline III matgedeelt, datt si déi Schëffbrëcheg net géifen ophuelen, an datt déi am nächste geleeën Häfen an Tunesien sinn. D‘Migranten, dorënner aacht schwanger Fraen, sinn du vum Handelsschëff Sarost 5 opgeholl ginn.

Sech der Verantwortung entzéien ass keng Léisung

„D‘Waarden op eng Entscheedung fänkt u bedréckend ze ginn“, bemierkt den Ali Hajji, deem den Ëmgang mam Schicksal vun de Migranten onverständlech ass. Bei der tunesescher Küstewaach ass ee mat der Situatioun iwwerfuerdert: „D‘Autorisatioun fir d‘Schëff Sarost 5, zu Zarzis unzeleeën, geet iwwer eis Zoustännegkeet eraus. Mir waarden op eng politesch Entscheedung“.

Um Niveau vun der Presidence vun der tunesescher Republik an der Regierung ass awer nach keng Entscheedung geholl ginn. D‘Zäit ass hei awer dat wat weder d‘Migranten, nach den Equipage vum Schëff huet. Laut dem Verantwortleche vum Regionalbüro vum rouden Hallefmound, Mongi Slim, sinn déi um Schëff blockéiert Migranten, vun Dokteren ënnersicht ginn.

„Aacht Migranten hunn d‘Gal an zwou Frae riskéieren hire Bëbee ze verléieren. Mir hunn déi tunesesch Autoritéite gefrot. wéinstens dräi Persounen ze hospitaliséieren. (…) Déi grouss Schwieregkeet besteet zudeem doranner, datt déi 40 Migrante refuséiere vun Tunesien opgeholl ze ginn. Si wëllen Europa erreechen“, esou de Mongi Slim.

Vum rouden Hallefmound ginn awer weiderhi Medikamenter a Liewensmëttel un d‘Schëff geliwwert. Tunesien ass dann och eent vun deene Länner, dat als méigleche Standuert fir déi sougenannten „Opfanglager“ oder „Debarquement-Plattformen“ baussent der EU virgesinn ass, esou wéi et déi 28 beim Sommet zu Bréissel entscheet hunn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Europa, Libyen, Migranten, Séinout, Tunesien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    4

  • Cry

    10

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    3

  • Love

    0