Search

You may also like

De schlechten Ëmgang mat Antibiotiken ass eng Gefor fir d‘ëffentlech Gesondheet
Neiegkeeten

De schlechten Ëmgang mat Antibiotiken ass eng Gefor fir d‘ëffentlech Gesondheet

Lëtzebuerg ass EU-Duerchschnëtt wat Mesuren ugeet, déi de Mëssbrauch vun

Iwwer 200.000 Euro fir d‘Kriibsfuerschung am LIH
Neiegkeeten

Iwwer 200.000 Euro fir d‘Kriibsfuerschung am LIH

Am Kader vun der Fuerschungsfërderung hunn d‘Lucienne Thommes (Direktesch) an

Banann: Wann d’Produktioun iwwert der Gesondheet steet
Neiegkeeten

Banann: Wann d’Produktioun iwwert der Gesondheet steet

Si ginn onmënschlech behandelt, bestach fir sech net iwwert déi

Schëffleng: Commemoratioun a Krisenzäiten

Schëffleng: Commemoratioun a Krisenzäiten

Wéinst der Covid19-Pandemie wat et de Schëfflenger Leit an de ganz ville Gäscht, déi sech soss der Commemoratioun ëmmer ugeschloss hunn, dëst Joer leider net méiglech um Rassemblement deelzehuelen. Si huet missen „am klenge Krees“ stattfannen.

Gëschter um 15 Auer ass dann awer, et gehéiert sech schliisslech d‘Vergaangenheet ze wierdegen, wann ee mat Zouversiicht no vir blécke wëll, beim Monument zu Éiere vun de Schmelzaarbechter (Cité op Benn) den Aarbechter geduecht ginn, déi d‘Grondlag wier eise Wuelstand mat hirer Hänn Aarbecht geschafen hunn.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de President vun der Amicale „Schmelzaarbechter“, Alain Guenther hunn dann och engem Blummekranz néiergeluecht an eise Virfahre geduecht. Well et net richteg wier, wann d‘Leit net konnten deel huelen, d‘Rieden zesummenzefaassen, huet sech d‘Redaktioun entscheet, dës an hirer Integralitéit ze iwwerhuelen. Et ass eng Fro vun Anstand.

D‘Ried vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch

„De Schmelzaarbechter: E Virbild. Eng Stäip.

Zanter enger Rei vu Joren den Dag vun der traditioneller 1.Mee-Virfeier vun der Amicale Kolonien, haut d’Amicale vum Schmelzaarbechter, déi zesumme mat der Gemeng an de Gewerkschaften eng Commemoratioun zu Éiere vum Schmelzaarbechter organiséiert.

Dëst Joer hu mir eis just zu e puer beim Monument um Eck Cité Benn afonnt fir deenen ze gedenken, déi de Grondstee vum Wuelstand a vum soziale Fridden zu Lëtzebuerg gesat an iwwer d’Jore gefestegt hunn: Eis Schmelzaarbechter an hir Familljen. Si all zesumme stinn un der Wéi vun der ekonomescher Entwécklung, déi eist Land zanter Jore kennt.

Een haarde Wee an enger Zäit, déi net einfach war: Schlecht Aarbechtskonditiounen, niddreg Léin, keng spezial Ofsécherung, keng Sécherheet op der Aarbecht… vill Suergen a vill Leed… vill Nout ab Onsécherheet! Allerdéngs hunn d’Leit – d’Aarbechter vun der Schmelz, mat hire Fraen a Familljen – sech duerchgeschloen, duerchgekämpft.

Leider ass d’Plaz beim Steen haut quasi eidel. Ee Blummekranz als Merci, awer och als Hoffnung. Déi aktuell sanitär Kris, ausgeléist vun engem schreckleche Virus, dem Covid19, huet den Dag vun haut zu engem besonneschen Dag gestempelt. Net ewéi soss treffe mir eis zu bal honnert Leit fir de Patrimoine vum Stol- a Schmelzaarbechter héich ze halen! De Confinement léisst dat net zou.

D’Quarantaine erlaabt et net mateneen e conviviale Moment ze erliewen, ze feieren. Trotzdeem, bleift et oder ass et ëmsou méi een Dag fir Nozedenken, iwwer eis Gesellschaft, iwwer dat, wat eis verbënnt, iwwer dat, wat eis eent, iwwer dat, wat verbessert a nei orientéiert muss ginn, fir méi Gerechtegkeet, méi Fridden a méi Liewensqualitéit ze erméiglechen.

Jo, déi aktuell Kris stellt eis alleguer virun eng grouss Erausfuerderung, an eng ekonomesch Kris mat neie soziale Suergen zeechent sech of. Wat elo zielt si Solidaritéit, Zesummestoen an d’Virbereedung op eng nei, eng aner Zäit, déi mat Responsabilitéit, Courage a Gedold vu jidder Eenzele gestäipt a begleet muss ginn.

D’Schmelzaarbechter sinn e Beispill, si solle fir eis alleguer e Virbild an eng Stäip sinn; well si bewisen hunn, datt mat Asaz a Engagement, mat Solidaritéit an Toleranz ëmmer nees Weeër aus enger schwiereger Zäit, aus enger Kris mat Rezessioun méiglech ass.

Jo mir kënnen. Jo mir wëllen. Zesummen!“.

Schmelzaarbechter

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet am Numm vun der Gemeng de Schmelzaarbechter um Virowend vum 1. Mee geduecht. © Gemeng Schëffleng

D‘Ried vum Alain Guenther

„Merci de Schmelzaarbechter

Haut – den 30. Abrëll 2020 op der traditioneller 1.Mee-Virfeier sinn mir just an engem ganz klenge Krees zesumme komm fir de Schmelzaarbechter ze éieren. Vun dëser Plaz – an op dësem speziellen Dag – menge Virgänger, besonnesch dem René Mackel – e grousse Merci fir hiren Engagement an déi vill Aarbecht zu Éiere vun de Schmelzaarbechter.

De René Mackel ass ausserdeem e Pilier gewiescht fir de Grondstee fir eise Musée iwwer de Schmelzaarbechter ze leeën. E Musée hei am Süde vum Land, dee Sengesgläiche sicht, an deen e breede Bléck an d’Liewe vum Schmelzaarbechter offréiert.

Ech well ervirhiewen, dass mir fir Esch 2022 en ganz schéine Programm mat de „Ferro Forum“ op d‘Been gesat hunn. Den Héichpunkt vun eisen Aktivitéiten am leeschte Joer war eis 1.Mee-Virfeier am Pompelhaus mat dem Schmelzaarbechter senger klassescher Mettwurscht mat enger Enn am Alu-Pabeier gewéckelt a gebroden. Zesumme mat dem Éierewäin, offréiert vun der Gemeng sollt dat eng flott Traditioun ginn.

Haut kënne mir leider net zesumme feieren an de Schmelzaarbechter a grousser Zuel éieren. De Coronavirus huet eis en décke Stréch duerch Rechnung gemaach… an eis Memberen, Invitéën oder soss Éieregäscht sinn all excuséiert. Mir hoffen, datt mir dat nächst Joer eis Traditioun zum Gedenken un de Schmelzaarbechter nees opgräife kënnen an a grousser Zuel nees present dierfe sinn.

Haut am klenge Krees, zesumme mam Buergermeeschter, leeë mir Blummen néier. D‘Schmelzaarbechter hunn sech ëmmer missten een op den aneren, wéinst de geféierlechen Aarbechte verloosse kënnen. Dat ass haut mat dem geféierleche Coronavirus net anescht.

Wann ech gelift haalt Iech un d ‘Reglementer, déi de Moment gëllen, a bleift gesond a gitt dem Coronavirus keng Chance sech verbreeden ze kënnen. Zesumme stoen an enger schwiereger Zäit… et ass dat wat zielt!

Mir publizéieren e puer Biller vun der klenger Zeremonie op Internet. Mir freeën eis iwwer all Artikel am enger Dageszeitung. D’Metzer Schmelz huet vill Geschichten ze erzielen, d‘Schmelz huet och d’Kapitele vun der Lëtzebuerger Sozialgesetzgebung quasi nei formuléiert. Den Aarbechter huet méi Rechter kritt, ass besser ofgeséchert ginn, et war e laange, ustrengende Kampf. All dat solle mir net vergiessen.

Loosst eis dofir zesummen d‘Undenken un den Schmelzaarbechter héich halen“.

Foto: Déi Schëfflenger a vill Sympathisante vun der „Amicale Schmelzaarbechter“ konnten net mat derbäi sinn. De Geste vum Buergermeeschter an dem President vun der Amicale war richteg an och wichteg. Zesummestoen an den Zesummenhalt liewen, nëmmen esou kann een d‘Zukunft ugoen. © Gemeng Schëffleng

Related topics Alain Guenther, Amicale Schmelzaarbechter, Commemoratioun, Gemeng Schëffleng, Paul Weimerskirch, Schmelzaarbechter
Next post Previous post