Chef-Lobbyist vun der COPAS mat Krisegestioun zefridden
De President vum Verband vun de Prestataire vun Déngschtleeschtunge fir
De President vum Verband vun de Prestataire vun Déngschtleeschtunge fir
De Sänger vun der Metall-Band „Linkin Park“, Chester bennington huet
De Sommet tëscht dem Donald Trump an dem Kim Jong-Un
Schliisslech erweist sech e Konschthaus als bescht Méiglechkeet, d’Sprooch vun der Konscht ze vermëttelen, ze léieren an se ze notzen. Ma, aus dësem Grond wäerten an der Galerie zu Schëffleng net nëmmen Ausstellungen, mee och pedagogesch Aktivitéiten an eco-responsabel Atelieren organiséiert ginn.
A wat versteet een dorënner? Ma, all Expo gëtt vun engem pedagogeschen Dossier begleet, dee sech un de jonke Publikum riicht. Nieft einfache guidéierte Visitte kënnen och Schoulklassen der Konscht méi no kommen. A well Schëffleng eng Klimabündnisgemeng ass, huet ee geplangt d’Konscht mam Ëmweltbewosstsinn ze verbannen. An Zukunft fanne beispillsweis Atelieren zum Thema Upcycling statt.
De Start Mëtt Mäerz huet aus eis all bekannte Grënn misse verréckelt ginn. Um 11. August huet een an der Galerie awer schonn ee klenge Virgeschmaach gebueden, ob dat, wat eis an Zukunft erwaart. D’Expo „Am Laf vun der Zäit“ weist Wierker vu Schëfflenger Kënschtler, respektiv vu Schëffleng selwer, an dat an alle méigleche Stiler. Et gesäit een déi Biller, déi soss verstoppt a Gemengen, an Entreprisen oder bei Privatpersounen hänken an net fir jiddwereen zougänglech sinn.
Den offiziellen Ufank – et sollt ee sech en schonn an den Agenda androen – ass fir de 17. September geplangt. D’Stéphanie Uhres, eng Lëtzebuerger Kënschtlerin, déi zu Köln lieft a schafft, bitt den néidegen Elan an déi symbolesch Elementer, déi dëse besonneschen Start benéidegt: De Mënsch steet am Fokus, oft och Kanner. Duerch douce Verleef, am Kontrast zu de realitéitsgetreie Figuren gëtt d’Thema „Luft & Wasser“ representéiert.
Nom Vernissage um 17. September kann een dës Expo nach bis de 17. Oktober 2020 kucke goen. Uschléissend dierf ee sech schonn op Ausstellunge vum Peggy Dihé, Samuel Levy, Anne Lindner, Florence Hoffmann, Patricia Lippert, Christian Neuman, Kevin B., Gérard Claude an Karolina Pernar freeën.
Am Hibléck op Esch2022 erhoffe sech d’Gemeng an déi jonk sympathesch Galeristin Claudia d’Inca, datt d’Konschthaus sech am viraus schonn een Numm mécht. Déi 200 m² Fläch sollen dann, zesumme mat aneren Highlights, d’Duerf am Minett besonnesch an Zeen setzen.
Uewen fannt Dir eng kleng Billergalerie zum Schëfflenger Konschthaus © Shari Pleimelding/moien.lu