Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: „Monsanto hätt viru méigleche Risike misse warnen!“ esou de Kläger
czech republic dating websites Neiegkeeten

https://moien.lu/questions-to-ask-someone-you-have-just-started-dating/

Wann hien iwwert déi méiglech sanitär Risiken informéiert gi wier,

law of attraction dating tips
czech republic dating websites Neiegkeeten

Wou ass de Goss?

Enn Januar huet déi national Gesondheetskeess (CNS) misse feststellen, datt

Editorial: „Back to the Roots…“ eng Partei sicht seng Wuerzelen
czech republic dating websites Neiegkeeten

Editorial: „Back to the Roots…“ eng Partei sicht seng Wuerzelen

Der Sozialdemokratie an Europa geet et esou schlecht wéi der

Ungarn: schwéiert Schëffsongléck op der Donau

Bei engem Accident zu Budapest ass en Ausfluchsschëff gekentert, Mënsche sinn erdronk

Ungarn: schwéiert Schëffsongléck op der Donau

Um spéide Mëttwochowend war et, direkt virum ungaresche Parlamentsgebai zu Budapest, zum Zesummestouss tëscht dem ungareschen Ausfluchsschëff „Mierjoffer“ an engem Schwäizer Hotelschëff komm. D‘Mierjoffer ass dobäi gekentert, Mënsche sinn erdronk anerer gi vermësst.

Eppes no 21 Auer, esou de Spriecher vun der Budapester Police, wier d‘Accident gemellt ginn, an direkt sinn d‘Rettungsmoossnamen ageleet ginn. En Asaz mat „Erausfuerderungen“. Heftege Reen engersäits a schwiereg Stréimungsverhältnisser anersäits hunn d‘Rettungsequippe staark behënnert, kengem war et wéinst de schwierege Verhältnisser erlaabt sech eleng ze „bewegen“.

Op der „Mierjoffer“ – esouvill ass elo gewosst – waren 33 Touristen an zwee mann Besatzung. Wéi de Spriecher vun der Police bestätegt huet, ass d‘Ausfluchsschëff bannent Sekonnen ënnergaangen, an et wiere mindestens 7 Leit Erdronk. 21 Touriste sinn en Donneschdeg nach vermësst ginn, a bei Waassertemperaturen ëm déi 12°C falen d‘Iwwerliewenschancë vu Minutt zu Minutt…

Säitens de Rettungsdéngschter ass alles an d‘Weeër geleet ginn: de Schëffsverkéier ass wäitraimeg agestallt ginn an wéinst der staarker Stréimung ass de ganze Secteur esouwuel zu Waasser wéi och zu Land bis un d‘Grenz zu Serbien ofgesicht ginn. Siwe Persoune konnten „gerett“ ginn. Si wieren ënnerkillt, mee „stabil“ gewiescht. Weider 7 Persoune konnten nëmmen nach Dout gebuerge ginn.

Onfallursaach nach onkloer

Wat d‘Grënn sinn, déi zu dësem Accident gefouert sinn, dat muss eng Enquête ofschléissend klären. Vun der Police gouf matgedeelt, datt et eng Videoopnam vun der Kollisioun gëtt. An dësem Video wier ze gesinn, wéi dat kléngt Ausfluchsschëff a Richtung Norde fiert, grad ewéi dat Schwäizer Hotelschëff „Viking Sigyn“. Bis dohinner war nach alles an der Rei, mee dat sollt sech änneren…

Wéi d‘Mierjoffer tëscht d‘Péil vun der Margarete-Bréck geréit, huet si sech onerwaart gedréit an ass esou virun d‘Viking geroden. A 7 Sekonne méi spéit war d‘Mierjoffer ënnergaangen. Fir de Bedreiwer vum Ausfluchsschëff ass d‘Katastroph e Rätsel. Dës touristesch Ronnfaarte gehéieren zum Budapester Alldag, an d‘Mierjoffer wier technesch an awandfräiem Zoustand gewiescht.

Dat verhënnert net, datt d‘Autoritéiten elo géint de Kapitän vum Schwäizer Hotelschëff ermëttelen. Dem 64 järege Kapitän aus der Ukrain gëtt virgeworf d‘Accident erbäigefouert ze hunn. Weiderhin hunn d‘Autoritéite bestätegt, datt et sech bei den Touristen ëm eng koreanesch Reesgrupp handelt. D‘Sich no méiglechen Iwwerliewende geet weider, woubäi et wéineg Zouversiicht gëtt…

mat indymedia/was/lax/hou

Foto: Dat Schwäizer Hotelschëff „Viking Sigyn“ soll schold un der Kollisioun hunn. Esou eng éischt Ausso no der Bewäertung vum Video. D‘Hotelschëff, mat enger längt vun 136 Meter wier riicht ewech iwwert déi 27 Meter laang Mierjoffer (Hableany) gefuer, an hätt dëst bannent 7 Sekonnen ënner Waasser gedréckt. © Nataly Jeliczky/im-bud

Ähnlech Sujeten Budapest, Donau, Hableany, Mierjoffer, Schëffsongléck, Viking Sigyn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel