Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert
Neiegkeeten

De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert

Wéi et um Dënschdeg vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL

Avis fir de Public: Virgeluechte Behandlungszenter an der Rockhal säit 14 Auer operationell
Neiegkeeten

Avis fir de Public: Virgeluechte Behandlungszenter an der Rockhal säit 14 Auer operationell

D‘Stad Esch informéiert, datt nodeems de Gesondheetsministère (elo an der

Iwwer 50 Journaliste sinn 2018 ëmbruecht ginn
Neiegkeeten

Iwwer 50 Journaliste sinn 2018 ëmbruecht ginn

No Reporter ouni Grenzen (RSF), huet och de Comité zum

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen

Eng Partnerschaft mat ville Virdeeler

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen

Um Dënschdeg huet d‘Universitéit vu Lëtzebuerg e neien Accord mat der Ferrero Group ënnerschriwwen. En Ofkommes dat esouwuel fir d‘Land selwer, mee fir d‘Universitéit ganz besonnesch, ee grousse Gewënn ass.

De Professer Stefan Braum vun der Fakultéit fir Recht, Ekonomie a Finanzen, war dann och ganz zefridden. Den Accord, vun deem Master- an PhD-Studente profitéieren, ass ee groussen a wichtege Schratt an déi richteg Richtung. Et erlaabt der Uni manner op ëffentlech Fongen zréckzegräifen an d‘Zesummenaarbecht mat engem staarke Partner huet och Virbildfunktioun fir aner Beräicher.

Mat dëser Ënnerschrëft geet zugläich eng Debatt opgemaach, déi wuel néideg ass. De Professer Braum gesäit dann och de spannende Momenter entgéint. Bis zu fënnef Studente sollten dank dem „Ferrero Fellowship Programme“ vun engem Stipendium profitéieren. Rechts- Wirtschafts- a Finanzwëssenschaften oder ee Master an „Entrepreneurship and Innovation“ ginn hei ënnerstëtzt.

E bedeitend Partenariat

Fir den Direkter vu Ferrero, de Bruno Conti, ass et een historesche Moment. De Group ass zanter 1973 zu Lëtzebuerg etabléiert. Hei ass dann och den Operatiounszenter, vu wou aus de Gros vun den Haiser an der Welt gesteiert gëtt. Mat ronn 1.100 Salariéeën an den Haaptberäicher Finanz, Verkaf a Marketing muss een och net op d‘Valeur vun esou engem Partenariat higewise ginn.

Mat der Ënnerschrëft vum Bruno Conti ass de Memorandum of Understanding besigelt (© Martine de Lagardère)

Et versteet sech dann, datt duerch déi op laang Siicht geplangten Zesummenaarbecht, och den Accès zu engem bezuelte Praktikum méi einfach dierft sinn. De Wäert vun der Erfarung, déi ee sech an enger multinationaler Entreprise erschafe kann, muss een einfach ze schätze wëssen. Natierlech huet och Ferrero en Interessi u gutt ausgebilte Leit. Si kënnen sech esou zu engem gewëssen Deel schonn de Nowuess ukucken a fir hir Zwecker sécheren.

Den Interesse vun de Studente Rechnung droen

De Professer Eric Tschirhart, op der Universitéit fir den Technologietransfert a Fundraising zoustänneg, ënnersträicht dann nach eng Kéier d‘Virdeeler. Mat bis zu 4.000 Ufroe fir e Léiergang, ass de Beräich Rechts-, Wirtschafts- a Finanzwëssenschaften erwisenermoosse fir jonk Leit interessant. Wann een dann nach bedenkt, datt bei Ferrero iwwer 100.000 Leit weltwäit beschäftegt sinn, verstinn sech d‘Zesummenhäng vun esou enger Kooperatioun vum selwen.

Et hätt een sech och ganz schnell verstanen. D‘Interesse vun der Universitéit an Ferrero sinn net kontradiktoresch. Zwou Entrevuë sinn dann och duer gaange fir sech op de grousse Parameter eeneg ze sinn. Ee Partenariat op Aenhéicht, deen esouwuel dem Standuert Lëtzebuerg wéi och Ferrero gutt zu Gesiicht steet.

Foto: (v.L.n.R.) Prof. Eric Tschirhart, Special Advisor to the President, Technology Transfer and Finance; Prof. Tonie van Dam, Vice-President for Doctoral Education; Jorge de Maragos, Chief Finance Ferrero; Bruno Conti, Director Ferrero HQ HR; Prof. Stefan Braum, Dean Faculty of Law, Economics and Finance (© Martine de Lagardère)

Ähnlech Sujeten Ferrero, Lëtzebuerg, Uni.lu, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel