Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Iran: Nei Rakéitenofwier getest
Meenung Neiegkeeten

Iran: Nei Rakéitenofwier getest

Op der iranescher Staatstelevisioun huet de Kommandant vun der Fluchofwier

Rechtsstaat: d‘EU fuerdert vu Warschau Kloerheet
Meenung Neiegkeeten

Rechtsstaat: d‘EU fuerdert vu Warschau Kloerheet

De Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Frans Timmermans, huet um Mëttwoch

Polen: 100 Joer Onofhängegkeet a kaum een deen et interesséiert
Meenung Neiegkeeten

Polen: 100 Joer Onofhängegkeet a kaum een deen et interesséiert

Zu Warschau waren d‘Stroosse voll mat „rout-wäisse“ Fändelen. Dausende Leit

Dat schéint Postgebai gehéiert eis all!

Dat schéint Postgebai gehéiert eis all!

An enger Zäit, an där eis Haaptstad zouhuelend zu engem Getto fir Räicher gëtt, huet de Proprietär vum „Hôtel des Postes“ nämlech POST Lëtzebuerg – zu 100% mat staatlech – annoncéiert, datt dëst symbolträchtegt Gebai, dat viru méi wéi engem Joerhonnert, mat Steiergelder fir den ëffentlechen Déngscht gebaut ginn ass, zukünfteg zu engem Hotel soll ëmgebaut ginn.

D‘Privatiséierung vun engem ëffentleche Gebai zugonschte vu Luxustouristen a Geschäftsreesende mat Uspréch, ass en typescht Beispill dofir, wéi een et net maache sollt. Dës Aktioun, déi vun der liberaler Buergermeeschtesch gewollt an vun enger staatlecher Entreprise, ënnert der Opsiicht vun engem sozialistesche Minister duerchgefouert soll ginn, weist op en Neits de Mangel u strategesche Visioune vun der Stad an der Regierung.

Lëtzebuerg brauch keng weider Feelentwécklung vum Typ „Royal Hamilius“, wou zu 100% ëffentlech Grondstécker fir privat Spekulante bereetgestallt a fir de Bau vun engem Luxus-Akafszenter a Wunnenge fir Ultraräicher genotzt goufen. Esou Praktiken, déi dem ëffentlechen Interesse zuwidderlafen an eng Verontreiung vu Steiergelder duerstellen, muss en Enn bereet ginn.

Wat ons Stad brauch, dat sinn bezuelbar Wunnengen an ëffentlech Déngschtleeschtungen, déi alle Schichte vun der Gesellschaft zerguttst kommen, och an hirem Hyperzentrum.

déi lénk ass der Opfaassung, datt POST Lëtzebuerg als ëffentlech Ariichtung vum Lëtzebuerger Steierzueler keng Entreprise wéi all déi aner ass, a schonn emol guer keen Instrument fir liberal politesch Entscheedungsträger wéi d‘Lydie Polfer an den Etienne Schneider. Säi Grondbesëtz an den Déngscht vu Privilegiéierten ze stellen an sech esou un der Gentrifizéierung vum Stadzentrum ze bedeelegen, widdersprécht ganz kloer senger ëffentlecher Missioun.

An dësem Sënn muss dat fréiert „Hôtel des Postes“ Gebai senger Funktioun enger ëffentlecher Déngschtleeschtung verflicht bleiwen. Esou wéi dat vun de Lëtzebuerger Steierzueler viru méi wéi engem Joerhonnert gewollt gouf. D‘Installatioun vun enger oder méi kulturellen Ariichtungen an/oder d‘Schafung vu bezuelbarem Wunnraum, déi u Familljen, Jugendlecher a Studente verlount ginn, sinn dobäi zwou Verwendungen déi sollten ënnersicht ginn, nieft aneren, déi an déi selwecht Richtung ginn.

Dofir: 1) bekräftegt déi lénk seng Oflehnung un der Privatiséierung vum „Hôtel des Postes“ an organiséiert muer de Moien, 18. Dezember ab 9 Auer um Piquet eng Protestaktioun ënnert dem Motto: „Dat schéint Postgebai gehéiert eis all!“ 2) kënnegt déi lénk un, datt den David Wagner, Deputéierte vun déi lénk a Member vum Gemengerot, eng parlamentaresch Ufro zur Notzung vum Grondbesëtz vu POST Lëtzebuerg an aneren ëffentlechen Entreprisen un de Wirtschaftsminister Etienne Schneider riichte wäert.

Matgedeelt vun déi lénk – Sektioun Stad, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten déi Lénk Stad, Hotel des Postes, Post Lëtzebuerg, Postgebai, Um Piquet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel