Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sea-Watch3: D‘Flüchtlingen hunn d‘Schëff verlooss
International Neiegkeeten

Sea-Watch3: D‘Flüchtlingen hunn d‘Schëff verlooss

No iwwer zwou Wochen an der partieller Evakuéierung vu Flüchtlingen,

surprise
De leschten Cochonnet vun der Saison um Escher Gaalgebierg
International Neiegkeeten

De leschten Cochonnet vun der Saison um Escher Gaalgebierg

D’Sonn schéngt um Escher Gaalgebierg. Meteorologesch gesi steet dem leschte Championnatsmatch vun

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire
International Neiegkeeten

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire

Datt et keng Steiergerechtegkeet ka ginn, déi dësem Ausdrock kéint

Schéisserei an Hessen: Aacht Mënsche Stierwen

Schéisserei an Hessen: Aacht Mënsche Stierwen

An der hessescher Stad Hanau (bei Frankfurt am Main) sinn hënt aacht Mënschen duerch Schëss déidlech, fënnef weider Persounen deels schwéier blesséiert ginn. Laut dem Spriecher vun der Police sinn d‘Täter nach op der Flucht an zu den Hannergrënn kéint zur Stonn näischt gesot ginn.

Bis ewell ass gewosst, datt op zwou verschiddene Plazen, e Mëttwochowend géint 22 Auer Schëss gefall sinn. D‘Police konnt dann oh nëmmen déi „Doudeg“ bestätegen, bei der Unzuel vun de Blesséierten ass net geséchert, ob déi all erkannt goufen oder ze erkenne ginn hunn. Och bei den Hannergrënn schéngt et nach Ongereimtheeten ze ginn.

SchéissereiE Sträit tëscht „rivaliséierende Banden“? Méiglech. Laut de Kollege vum Hessesche Rundfunk (HR) wier eng Shisha-Bar am Hanauer Stadkär d‘Zill vum éischten Ugrëff gewiescht. Aenzeien hunn hei vu bis zu néng Schëss geschwat. Uschléissend wieren d‘Täter an de Quartier Kesselstadt bei déi nächst Shisha-Bar gefuer, wou si den Zeenario widderholl hunn.

A béide Fäll huet et Doudeger ginn. De Parquet ass opgrond dem Ëmfang alertéiert a wëll nach an de nächste Stonnen e Punkt zur Situatioun maachen. De Gemengepapp Claus Kaminsky huet sech géintiwwer de Bild „erschüttert“ gewisen a gemengt, datt dës Dot d‘Awunner nach laang wäert beschäftegen. Et wier einfach ee schrecklechen Owend.

SchéissereiBezunn op de Choix vun de Lokalitéiten déi vun den Täter „ugegraff“ goufen, gëtt et natierlech déi wëllste Spekulatioune. Geet et ëm Drogen oder Schutzgeld? Sinn et Banden déi sech an d‘Hoer kritt hunn? An de sozialen Netzwierker gëtt et dozou vun allem, awer näischt wat sech bestätege léisst. Hei ass ee gutt beroden d‘Enquête ofzewaarden…

mat indymedia/fra

Foto: © Ryan / unsplash

Ähnlech Sujeten Bandekrich, Hanau, Hessen, Rietsextremismus, Schéisserei, Schutzgeld, Terror
Nächsten Artikel Virrechten Artikel