Search

You may also like

Inzeenéiert Empörung amplaz Mataarbecht am Sënn vum Fortschrëtt
International Neiegkeeten

Inzeenéiert Empörung amplaz Mataarbecht am Sënn vum Fortschrëtt

Am Ufank vun der ëffentlecher Sitzung huet d’CSV de Mëtteg

Akkreditatioun vun zwee neien Ambassadeuren
International Neiegkeeten

Akkreditatioun vun zwee neien Ambassadeuren

Gëschter huet S.A.R. de Groussherzog als éischt Seng Exzellenz den

Medezineschen Tourismus: „e Mythos!“ esou MdM
International Neiegkeeten

Medezineschen Tourismus: „e Mythos!“ esou MdM

En Donneschdeg huet d‘ONG „Doktere vun der Welt“ (MdM) säi

Schéisserei zu Dallas – 22 Joer jonken Täter erschoss!

Schéisserei zu Dallas – 22 Joer jonken Täter erschoss!

Gëschter Moien huet de maskéierte Brian Isaack Clyde am Earle Cabell Federal Building zu Dallas ëm sech geschoss. Wéi den FBI matdeelt, ass den 22 Joer jonken Täter no der Schéisserei vun Offizéieren ausserhalb vum Gebai erschoss ginn.

Dallas

Méi wéi 300 Employéë waren zur Zäit vum Virfall am Earle Cabell Federal Building. Eng Damm ass liicht blesséiert ginn, wou si sech virum Attentäter verstoppe wollt. Kuerz nom éischte Schoss um Moien huet de Federal Protective Service gehandelt an de Clyde ugegraff. Uschléissend ass hien an d’Baylor Hospital bruecht ginn, wou hien op der Plaz verstuerwen ass.

Zuelräich Polizisten an Ambulanze waren no der Schéisserei an der 1100 Commerce Street. An den nächsten Deeg wäerten, wéinst den Ermëttlungen d’Stroossen ronderëm d’Geriichtsgebai gespaart sinn. D’FBI Agente – si sinn mam Virfall beoptraagt ginn, wëll d’Schéisserei um Territoire vun der Regierung stattfonnt huet – setzen sech elo fir Gespréicher mat der Famill, Frënn a Bekannten an, sou datt een d’Motiv vun der Dot schnellstméiglech erausfënnt.

Dëse Video gouf mat engem Handy vum Tim Brown opgeholl a weist eng maskéiert arméiert Persoun, déi no bei der Entrée ufänkt ëm sech ze schéissen. D’Kugelen hunn dobäi och d’Glasscheiwe vun den Diere getraff. Et héiert een d’Schëss an et gesäit een Damp, nodeems den Täter d’Strooss erof bei eng Parkplaz leeft an do zesumme geet.

Laut dem Matthew De Sarno, Spezialagent vum FBI Dallas, soll den Clyde méi wéi 5 Magasinner mat 30 Schoss bei sech gedroen hunn, wat immens vill gewiescht wier. Elo analyséiert een d’Videoen, fir seng Dot méi genau ënnert d’Lupp ze huelen. Dës weideren ënnersträicht den Agent, datt ouni d’Agräife vun de Sécherheetskräften dëse Virfall déidlech ausgaange wier.

De jonken Täter, deen am Joer 2017 bei der Arméi entlooss ginn ass, hat säin Auto no bäi geparkt. Eng Spezialeenheet vun der Police fir d’Entschäerfung vu Bommen huet d’Gefier mat engem Roboter ënnersicht an sech fir eng kontrolléiert Explosioun entscheet.

Dallas ISD gëtt un, datt de Brian Isaack Clyde d’Woodrow Wilson High School besicht huet. Am Mee 2019 huet hien säin Ofschloss an Ugewannte Wëssenschaften um Del Mar College kritt.

Mat indymedia/dfw

Related topics Attentat, Brian Isaack Clyde, Dallas, Earle Cabell Federal Building
Next post Previous post