Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Veianen a Lenneng hunn nei Schäffen!
International Neiegkeeten

Veianen a Lenneng hunn nei Schäffen!

Haut um fréie Mueren huet d’Inneministesch Taina Bofferding nees zwee

Vereenten Natiounen: „Et bleiwen nach zwee Joer fir géint de Klimawandel virzegoen!“
International Neiegkeeten

Vereenten Natiounen: „Et bleiwen nach zwee Joer fir géint de Klimawandel virzegoen!“

De Chef vun der UNO huet e Méindeg drop higewisen

Éisträichesche Kanzler wënscht sech eng Reform vun der EU
International Neiegkeeten

Éisträichesche Kanzler wënscht sech eng Reform vun der EU

Nodeems schonn de franséische President Emmanuel Macron am Mäerz „seng

Schéisserei zu Hanau: den Dag duerno…

Schéisserei zu Hanau: den Dag duerno…

Nodeems e Mann an Hessen 10 Mënschen an uschléissend sech selwer ëmbruecht huet, sinn eis Noperen „erschüttert“. De Virfall huet fir zimlecht Ramouers an der Politik gesuergt, a well et jo méi schwéier ass Léisungen erbäizeféieren, gëtt sech a Scholdzouweisung geüübt.

De Mäerder vun Hanau (eng 100.000 Awunner Stad bei Frankfurt am Main) huet an zwou Shisha-Baren 9 Mënsche mat Migratiounshannergrond erschoss, du seng Mamm an ofschléissend sech selwer. De Generalprocureur Peter Frank huet erkläert, datt den 43 järege Mäerder eng zudéifst rassistesch Gesënnung hat. D‘Bundesstaatsanwaltschaft huet den Dossier iwwerholl, well hei ee friemefeindlechen Hannergrond vermutt gëtt.

HanauZu dësen Erkenntnisser sinn d‘Ermëttler komm, nodeems si d‘Videomessage an eng Aart Manifest op der Internetsäit vum Mann ausgewäert hunn. D‘Affer am Alter tëscht 21 a 44 Joer schéngen net geziilt ëmbruecht ginn ze sinn. Déi tierkesch Ambassade huet awer emol erkläert, datt fënnef vun hire Bierger ënnert den Affer sinn. Et ass och bestätegt ginn, datt de Mann déi benotzte Waffe legal besiess huet.

Vun der Bundesanwaltschaft heescht et weider, datt op der Internetsäit vum Täter droleg Gedanken an abstrus Verschwierungstheorien zum beschte ginn huet. Elo géif awer an éischter Linn no méigleche Komplizen oder Ënnerstëtzer gesicht. Dofir ginn elo d‘Ëmfeld an d‘Kontakter, am In- an Ausland, vun dësem Personnage ofgekläert. Den hesseschen Inneminister Peter Beuth geet vun engem Eenzeltäter aus.

Einfach esou?

„Bis ewell leie keng Hiweiser op weider Täter vir, an de Mann war bis zur Dot net am Viséier vun den Ermëttler. Hie war weder als friemefeindlech bekannt, nach soss polizeilech an Erscheinung getrueden“, esou de Peter Beuth an enger éischter Stellungnam. Gewosst ass awer elo och, datt den Täter ee puer Deeg virum Verbriechen e Message op YouTube verëffentlecht huet, an deem hie fléissend englesch schwätzt a sech un all d‘Amerikaner riicht.

HanauAm offensichtlech an enger Privatwunneng enregistréierte Message, seet de Mann, datt et an den USA ënnerierdesch militäresch Ariichtunge géif ginn, an deene Kanner mësshandelt an ëmbruecht ginn. Do géif och den Däiwel ugehimmelt an et wier elo un der Zäit, datt d‘Amerikaner sollten erwächen a sech géint dës Zoustänn zur Wier setze missten. Ansonste gëtt Däitschland vun engem Geheimdéngscht gesteiert a generell wieren Araber an Tierken un allem Schold.

Et stellen sech déi wichteg Froen: 1) psychesch kranken Eenzeltäter? oder 2) rietsextremen Terror? An déi schonn ee puer Stonnen no der Dot beäntwerten ze wëllen, ass net wierklech seriéis. Sécher ass et esou, datt all Indizien op eng Dot aus Friemefeindlechkeet hiweisen, mee et sollt een den Ermëttlungen net virgräifen heesch et. Dat elo och bei den Autoritéiten no Verantwortung gesicht gëtt, soll awer net iwwerdecken, datt dat och ee gesellschaftleche Problem ass.

Déi „grouss“ Politik gräift an

Den däitschen Inneminister Horst Seehofer huet sech perséinlech zu Hanau e Bild vun der Lag an der Stëmmung gemaach an nach op der Plaz gemengt: „Rassismus ass Gëft. Gëft dat Verwirrung an de Käpp ausléist an dofir suergt, datt dat Béist zum Virschäin trëtt“. Hien huet dann och direkt emol ugekënnegt, datt d‘Sécherheet an Däitschland elo gestäerkt gëtt. En wichteg Ausso, schliisslech ass Fuesent an och an den nächsten Deeg zolidd eng lass.

HanauAn esou sollen d‘Leit wéinstens d‘Gefill hunn, datt een eppes fir d‘Sécherheet mécht. Dofir huet den Inneminister nach ënnerstrach, datt een elo „den Optrag hätt, de Géigner vun der fräiheetlecher Gronduerdnung, d‘Stir ze bidden“. Et géif elo drëms goe politesch Konsequenzen ze préiwen, et kéint och noutwenneg gi Gesetzer ze änneren. Wat sech am Rietsextremismus zur Zäit deet wier immens beonrouegend an hie géif sech elo mat der Justizministesch ofschwätzen.

Mee och de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier huet den Deplacement op sech geholl an dem hessesche Ministerpresident Volker Bouffier zu Hanau d‘Partie gehalen. De Bundespresident huet de Leit an Däitschland déi vum Rassismus bedreet gi verséchert, datt si net eleng wieren an déi grouss Majoritéit vun den Däitschen all Form vun Haass, Gewalt a Rassismus veruerteelen. Dofir wier et elo imminent wichteg en Zeeche vun der Solidaritéit ze setzen.

Rassismus an der gesellschaftlecher Mëttegstonn

No der NSU-Affär, dem Mord um Walter Lübke an de Morde vun Halle, fir emol déi bekanntst ze ernimmen, huet och d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel erkannt, datt de Friemenhaass sech an der Mëtt vun der Gesellschaft etabléiert huet. Méi wéi d‘Dot veruerteele kann si wuel net, schliisslech muss si eppes Récksiicht op d‘Wäerteunioun huelen. Net esou d‘Annegret Kramp-Karrenbauer, déi bekanntlech an der Kausa Thüringen net grad gutt ausgesinn huet.

HanauD‘Verdeedegungsministesch gesäit d‘Dot zu Hanau als Beweis dofir, datt d‘CDU (an iwwerhaapt all d‘Parteien) net mat der AfD dierfen zesummeschaffen. Si géif sech an hirer Haltung bestätegt fillen, datt eng Kooperatioun mat Faschisten net zoulässeg, jo net emol ze toleréiere wier. Dat gesi vill CDU an CSU Politiker wéi och déi konservativ Basis allerdéngs anescht, och wann et grad net den Ament ass, dat ëffentlech zum Ausdrock ze bréngen.

Mee och vun den anere Parteie gouf et kleng Attacke géint déi onséileg „Alternativ fir Däitschland“ (AfD). Gutt d‘FDP huet de Ball ganz flaach gehalen, wat och, wann een den Allerwäertesten tëscht zwee Still hänken huet, déi beschte Léisung ass. Fir all déi aner ass ersiichtlech, datt et elo zu enger Iwwerwaachung vun der AfD duerch de Verfassungsschutz komme muss. Den AfD-Fraktiounschef Alexander Gauland verwiert sech géint eng Instrumentaliséierung vun der Dot…

mat indymedia/fra

Foto: Grouss Gedenkversammlung op der Maartplaz zu Hanau nodeems en „Eenzeltäter“ néng Mënsche mat engem Migratiounshannergrond ëmbruecht huet. © Viola Müller

Ähnlech Sujeten Faschismus, Friemenhaass, Gesellschaft, Hanau, Hessen, Politik, Rassismus, Rietsextrem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel