Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwéngspescht: d’Juegd op Wëllschwäin ass erlaabt!
hinge dating app prices free dating sites uk only

match com dating subscription cancellation telephone number

Vergaangene Freideg huet sech de Conseil vun der Regierung, ënnert

https://moien.lu/pof-dating-site-down/
hinge dating app prices free dating sites uk only

Mënscherechtskommissioun mat der Äntwert vum Minister onzefridden

No der Verëffentlechung vum Rapport, an deem d‘Opnamekonditioune vun den

Ab e Freideg start d‘Wanteraktioun 2017/18
hinge dating app prices free dating sites uk only

Ab e Freideg start d‘Wanteraktioun 2017/18

Organiséiert vum Familljeministère, gëtt d‘Wanteraktioun vun dräi gemengnëtzegen Organisatioune geréiert.

Florida: 3 Doudeger bei Schéisserei zu Jacksonville

Florida: 3 Doudeger bei Schéisserei zu Jacksonville

Wéi d‘Police matgedeelt huet, si während engem Videospill-Tournoi zwou Persounen erschoss, an 11 Mënsche blesséiert ginn, wéi e Mann – deen sech uschléissend selwer higeriicht huet – am Sall wëll ronderëm sech geschoss huet.

„Et waren dräi Doudeger op der Plaz. Eng vun den doudege Persounen ass de supposéierten Täter, dee sech no der Dot selwer erschoss huet“, deklaréiert bei engem Pressepunkt de Sheriff Mike Williams. Hien huet nach bestätegt, datt 11 Leit verletzt goufen an am Spidol musse behandelt ginn.

De Sheriff konnt zur Identitéit vum Täter soen, datt et sech dobäi ëm de 24 järegen David Katz aus Baltimore handelt. Den Täter war e Participant vum Videospill-Tournoi „Madden NFL 19“, an d‘Dot ass während dem Verlaf vum Tournoi passéiert. De Mike Williams füügt nach bäi, datt den Täter sech mindestens enger Handfeierwaff bedéngt huet, fir seng Aggressioun duerchzeféieren.

Madden ass e Videospill fir multipel Spiller, an den USA extrem populär a baséiert op de Spiller vun der National Football League (NFL). D‘NFL huet an engem Communiqué deklaréiert, datt ee „wéinst der schrecklecher Tragedie vu Jacksonville, schockéiert an traureg wier“.

Den Tournoi selwer huet an enger Bar am animéierte Quartier vu Jacksonville-Landing, um Ufer vum Floss St. Johns, wou sech vill Restauranten an Animatiounsbetriber befannen, stattfonnt. De Steven Javaruski, e Spiller dee vun der Los Angeles Times befrot gouf, huet uginn, iert et vum Sheriff bestätegt konnt ginn, datt den Tireur e vun de Spiller war, dee beim Tournoi verluer huet.

Live am Internet

Den Tournoi vu Jacksonville war eng Eliminatiounsphas an ass live am Internet (Streaming) gewise ginn. E Videomatschnëtt vun der Iwwerdroung huet dann och seng „Ronnen“ am Internet gedréint. Hei kann een d‘Zeen u sech net gesinn, mee d‘Schëss sinn eendeiteg ze héieren. D‘Police huet en Appell u méiglech Zeie geriicht, fir weider Billermaterial ze erhalen.

Um Tournoi hunn och Professionell Equippen deel geholl. Ee vun de Spiller dee sech konnt duerch d‘Bascht maachen erzielt de Virfall op Twitter: „Um Tournoi ass geschoss ginn. Ech hat vill Gléck. D‘Kugel huet just mäin Daum getraff“, esou de Spiller vun 19 Joer, Drini Gjoka, Member vum am Team „Complexity Gaming“.

De Patron vum Team, Jason Lake, dee wuel net op der Plaz war, huet géintiwwer der AFP, mat enger Twitter-Noriicht matgedeelt, datt säi Spiller „flüchte konnt an et hin gelongen ass sech an engem Sportsclub ze verschanzen“.

E sëllechen aner Spiller hu via Twitter hire Frënn a Famillje matgedeelt, datt et hinne gutt geet, och wann se sech fierchterlech erschreckt hunn. „Et huet eng Schéisserei um Madden-Tournoi zu Jacksonville ginn. Eise Spiller @JoelCP ass gesond a monter“, schreift d‘Equipp „SK Gaming“.

Eigentlech just e „Fait Divers“

De Senateur vu Florida, Marco Rubio, huet wësse gelooss datt déi Federal Police (FBI) enquêtéiert. D‘Spriecherin vum Wäissen Haus, Sarah Sanders, huet informéiert, datt den US-President Donald Trump vum Virfall a Kenntnis gesat gouf.

De Bureau vum Gouverneur vu Florida, Rick Scott, weist drop hin, datt den Donald Trump den Autoritéite vu Florida „all federal Assistance zougeschwat huet, déi gewënscht gëtt“.

Florida ass an de leschte Joren ëmmer erëm duerch „gréisser“ Schéissereien opgefall. Am Juni 2016 hat e Mann 49 Mënschen zu Orlando an engem Schwule-Club erschoss. De 14. Februar 2018 huet e 19. järegen an der Highschool vu Parkland 17 Mënschen ëmbruecht, iert e konnt festgeholl ginn.

mam Leila Macor/AFP

Foto: No der Schéisserei, hunn d‘Leit vum Sheriff an d‘Police de Beräich groussraimeg ofgespaart. Beim Virfall sinn 3 Mënschen, dorënner den Täter, gestuerwen, 11 goufen esou schwéier blesséiert, datt si am Spidol musse behandelt ginn. © Gianrigo Marletta/AFP

Ähnlech Sujeten Florida, Jacksonville, Schéisserei, Videospiller
Nächsten Artikel Virrechten Artikel