Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi gréng Stad: Akzenter setzen elo!
International Neiegkeeten

Déi gréng Stad: Akzenter setzen elo!

Fir de François Benoy steet fest, wann een déi richteg

Schluss mam Rausch – Opdeckung vun engem gréisseren Drogennetzwierk!
International Neiegkeeten

Schluss mam Rausch – Opdeckung vun engem gréisseren Drogennetzwierk!

An de vergaangenen Deeg konnten d’Beamten vun der Douane ee

Phas 2: de Message vun der Gesondheetsministesch
International Neiegkeeten

Phas 2: de Message vun der Gesondheetsministesch

Säit enger Woch ass gewosst, déi zweet Phas vum Deconfinement

Schéisserei zu Jersey-City war offensichtlech eng geziilt Attack géint jiddescht Geschäft

Schéisserei zu Jersey-City war offensichtlech eng geziilt Attack géint jiddescht Geschäft

Bei enger Schéisserei zu Jersey-City hu sechs Mënschen hiert Liewe verluer. Wéi et elo heescht, géif et sech bei dësem „Virfall“ ëm eng geziilten Attack op eng koscher Epicerie gehandelt hunn. Dat zumindest betount esou de Buergermeeschter vu Jersey-City, Steven Fulop via Twitter.

Wat de leschte Stand vun den Ermëttlunge betrëfft, esou ass dovunner auszegoen, datt d‘Täter mat enger Camionnette en Dënschdeg „lues“ d‘Strooss erofgefuer sinn an direkt virum Geschäft stoe bliwwe sinn. Si hätten dann och onvermëttelt d‘Feier op d‘Epicerie erëffent. De James Shea vun der lokaler Verwaltung fir ëffentlech Sécherheet huet ergänzt, datt sech zum Zäitpunkt vun der Attack, vill Leit um Trottoir beim Geschäft opgehalen hunn, awer nëmmen op d‘Epicerie geschoss gouf.

Jersey-City

Jersey-CityJersey-CityHie schwätzt dann och net ronderëm de Bräi a stellt fest: „Dat war eendeiteg hiert Zil an si wollten de Leit am Geschäft Schued zoufügen“. D‘Täter sinn awer uschléissend net geflücht – woubäi net kloer ass ob si dat iwwerhaapt wëlles haten – an esou huet et véier Stonne gebraucht, bis d‘Police d‘Situatioun am Grëff hat. Heibäi sinn och d‘Ugräifer „ausgeschalt“ ginn. Op der Plaz war den FBI an d‘Sonnereenheete vum NYPD. Dee ganze Quartier gouf wäitraimeg ofgespaart a geraumt.

E weideren Doudegen?

Wéi d‘Autoritéite weider bericht hunn, sollen déi zwee doudeg Verdächteger virun der Dot nach eng weider Persoun ëmbruecht hunn. De Procureur vun New Jersey, Gurbir Grewal, geet dovunner aus, datt déi béid Verdächteg Persounen, och fir de Mord un engem Uber-Chauffer verantwortlech sinn, deen de Weekend iwwer an der Stad Bayonne (Bundesstaat New Jersey) opfonnt gi war. All d‘Spure géifen zu de genannte Persoune féieren, esou d‘Erkenntnisser vun der Police.

Jersey-CityZudeem schéngt erwisen, datt mindestens een vun de Verdächtege, online géint Judden a Police gehetzt huet. Dat muss elo méi genee ënnersicht ginn, huet de Procureur matgedeelt. Dat géif dann awer den Ermëttlunge vum Dënschdeg widderspriechen, déi dovunner ausgaange sinn, datt dee ganze Virfall säin Ulaf op engem Kierfecht geholl huet. Hei gëtt et nach Klärungsbedarf…

mat indymedia/nyc

Foto: © Jersey-City Police

Ähnlech Sujeten Antisemitismus, Jersey-City, Koscher Epicerie, Schéisserei, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel