Search

You may also like

USA: déi eng gi vum selwen, deenen anere wëll den Trump op d‘Spréng hëllefen
International Neiegkeeten

USA: déi eng gi vum selwen, deenen anere wëll den Trump op d‘Spréng hëllefen

Dem Donald Trump seng Entscheedung d‘Truppen aus Syrien ofzezéie bréngt

Sozialplang: Kritik säitens der ALEBA duerch déi geplangt Entloossunge bei Kneip
International Neiegkeeten

Sozialplang: Kritik säitens der ALEBA duerch déi geplangt Entloossunge bei Kneip

Op Demande vun der Personaldelegatioun vu Kneip huet d’ALEBA an

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 4
International Neiegkeeten

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 4

[onionbuzz quiz-id=82][/onionbuzz] Lëtzebuerg ass e Land voller klenger Ecken a

Schéisserei op US-Militärbasis zu Pearl Harbor

Schéisserei op US-Militärbasis zu Pearl Harbor

En Zaldot vun der US-Navy huet virun ee puer Stonnen op der Militärbasis vun Harbor-Hickham zu Pearl Harbor op Ziviliste geschoss an der dovunner zwee ëmbruecht. De Matrous huet sech duerno selwer erschoss, esou de Konteradmirol Robert Chadwick. Eng weider Persoun wier blesséiert ginn, hiren Zoustand awer ass stabil.

Den Tëschefall huet sech bei engem Dréchen-Dock vum Stëtzpunkt zougedroen. Iwwert d‘Motiver oder d‘Hannergrënn déi zu dëser Schéisserei gefouert hunn konnten d‘Autoritéiten zur Stonn keng Ausso maachen. De Virfall géif elo vun der Militärpolice gepréift, firwat déi ganz Anlag groussraimeg ofgespaart huet missen ofgespaart ginn.

Pearl Harbor ass awer och d‘Heemecht vun der nationaler Gedenkplaz, déi un de japaneschen Iwwerfall vum 7. Dezember 1941 erënnert. Fir dëse Weekend sinn dann och Gedenkfeiere virgesinn. Déi géife wéi virgesi stattfannen, esou d‘Autoritéiten ofschléissend.

mat indymedia/hnl

Foto: Alan Jones / Pixabay

Related topics Harbor-Hickham, Hawai, Pearl Harbor, Schéisserei, US-Airforce, US-Navy
Next post Previous post