Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Op e Kaffi mam Stater Schäfferot
International Neiegkeeten

Op e Kaffi mam Stater Schäfferot

Emol de Mount, esou d‘Traditioun, trëfft sech d‘Press mam Schäfferot

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de véierten Dag
International Neiegkeeten

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de véierten Dag

Um Donneschdeg sinn eis zwee Schwëmmer erëm bei den Olympesche

Elo hu mir se: d‘Luxembourg Space Agency
International Neiegkeeten

Elo hu mir se: d‘Luxembourg Space Agency

LSA kléngt net ganz esou „renomméiert“ wéi „NASA“, mee et

Schéisserei zu Pensacola: 3 Doudeger

Schéisserei zu Pensacola: 3 Doudeger

E Saudiarabeschen Zaldot huet op der Militärbasis vu Pensacola (Florida) dräi Persounen erschoss an der aacht blesséiert iert hie vu Sécherheetsbeamten ausgeschalt gouf. Den Zaldot war an den USA fir eng Formatioun ze maachen.

De Sheriff David Morgan huet erkläert datt den Zaldot aus Saudiarabien an engem Schoulungsraum mat enger Pistoul ëm sech geschoss huet, iert hie selwer erschoss ginn ass. D‘Enquête géif vum FBI iwwerholl esou de Sheriff, deen op den internationale Charakter vun dësem Virfall higewisen huet.

PensacolaVum US-President gëtt et zur Dot en Tweet. Hie schreift, datt de Kinnek Salmane hien ugeruff hätt, fir him säi Bäileed auszedrécken. De saudesche Kinnek hätt de „barbareschen Ugrëff“ veruerteelt. Den Täter wier net representativ fir dat saudescht Vollek, dat d‘USA gären huet

PensacolaE Spriecher vun der US-Navy huet gemengt, datt et nach hätt vill schlëmmer kommen. Dat gesäit och de Gouverneur vu Florida, Ron DeSantis, esou. Hien huet betount, datt duerch dat behäerzten Agräife vun den Bedeelegte vill Mënscheliewe konnte gerett ginn.

Hien ass allerdéngs och der Meenung, datt et elo un der saudescher Regierung wier eppes fir d‘Affer, respektiv d‘Famillje vun den Affer, ze maachen. „Sinn sinn hei eng schëlleg“, esou de Ron DeSantis, géintiwwer de Medien. Wéi an ob et iwwerhaapt méiglech ass, bléift ze klären.

Du kanns kengem an de Kapp kucken

Den Timothy Kinsella vun der US-Navy huet bestätegt, datt regelméisseg Zaldote vun alliéierten Arméien zur Ausbildung op d‘Militärbasis vu Pensacola kommen. Et wier hinnen allerdéngs net erlaabt Waffen um Gelänn vum Stëtzpunkt ze droen. Zu méiglechen Hannergrënn konnt hien näischt soen.

Am Kontext vun den Ermëttlungen, géif och ënnersicht, ob et méiglecherweis en terroristesche Beweeggrond fir dës Dot gëtt. De Gouverneur: „Wann en auslännesche Bierger an esou eng Dot involvéiert ass, virun allem wann hien aus dëser Géigend vun der Welt kënnt, da gëtt anescht enquêtéiert“.

De Virfall vu Pensacola ass deen Zweeten an dëser Woch. En Donneschdeg hat en Zaldot vun der US-Navy op der Militärbasis vun Harbor-Hickham zu Pearl Harbor (Hawaii) zwee zivil Mataarbechter erschoss, iert hie sech d‘Liewe geholl huet. Och hei ass näischt zum Motiv gewosst.

mat indymedia/mia

Foto: Chris Flores / Twenty20

Ähnlech Sujeten Florida, Kinnek Salmane, Pensacola, Ron DeSantis, Saudiarabien, Schéisserei, US-Navy
Nächsten Artikel Virrechten Artikel