Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee President, eppes Sarkasmus an ëmmer déi béis Reporter
International Neiegkeeten

Ee President, eppes Sarkasmus an ëmmer déi béis Reporter

Nodeems den Donald Trump an de Raum gestallt huet, datt

Stuff-Brauerei: E Ritter op wäissem Samett
International Neiegkeeten

Stuff-Brauerei: E Ritter op wäissem Samett

Hiergestallt vun der Steeseler Stuff-Brauerei, wat eng vun de klengsten

Saudesche Kinnek op Konfrontatiounskurs mat den Ajatollahen
International Neiegkeeten

Saudesche Kinnek op Konfrontatiounskurs mat den Ajatollahen

Dee vum saudesche Kinnekräich organiséierten „duebele“ Sommet vum Golf-Kooperatiounsrot an

Schéisserei zu Philadelphia: E mann huet op d‘Police geschoss a sech verbarrikadéiert

Mindestens 6 Polizisten ugeschoss, Situatioun nach ëmmer oniwwersiichtlech

Schéisserei zu Philadelphia: E mann huet op d‘Police geschoss a sech verbarrikadéiert

Op de Biller an der Tëlee ass e Groussasaz vun der Police ze gesinn. Dosende Beamten, dorënner och schwéier ausgerëschte Sonnereenheeten. Wat ass geschitt?

Éischt geséchert Informatioune weisen drop hin, datt sech e Mann zu Philadelphia, am Quartier „Nicetown-Tioga“ an engem Haus verschanzt huet an op d‘Poliziste schéisst. Aenzeien hunn ugi wéinstens honnert Schëss héieren ze hunn an d‘Police huet via Twitter informéiert, datt déi ganz „Operatioun“ nach net ofgeschloss ass, an ee sech soll vun der Géigend ewech halen.

Philadelphia

Vum Philadelphia Police Department heescht et, datt de Mann och no Stonnen net op d‘Fuerderung vun der Police, dach endlech opzeginn, net nokomm ass. De Policechef Richard Ross huet bei der Pressekonferenz um Mëttwochowend bestätegt, datt sechs Beamten ugeschoss goufen. Si goufen an d‘Spidol bruecht wou se zur Stonn behandelt ginn. Alleguerte sinn se an engem stabillen Zoustand.

PhiladelphiaWéi weiderhin heescht, huet d‘Police de Mann ugeruff an deen huet den Telefon opgehuewen, awer mat de Beamten hätt hien net geschwat. Fir den Ament géif versicht mam mann ze verhandelen, mee éiweg kéint d‘Situatioun och net unhalen. Ob et schonn en Zäitplang fir d‘Erstiermung gëtt? Dozou konnt oder wollt sech de Richard Ross bei der Pressekonferenz net äusseren.

PhiladelphiaZu Gewaltausbroch wär et komm, wéi Polizisten um Mëttwoch en Haftbefehl ausféiere wollten. Si hätten sech och schonn am Haus opgehalen, wéi déi éischt Schëss gefall sinn. Laut dem Policechef huet de Mann e puer mol op d‘Beamte geschoss an déi hunn d‘Feier erwiedert, iert se sech duerch d‘Bascht gemaach hunn. Et sinn nach zwee Beamten am Haus an et géif deenen esouwäit gutt goen.

mat indymedia/phl

Foto: © Cynthia (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Nicetown-Tioga, Philadelphia, Police, Schéisserei, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel