Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich: D’Gesetz zur Eisebunnsreform ass gestëmmt, elo gëtt de Kollektivvertrag verhandelt
International Neiegkeeten

Frankräich: D’Gesetz zur Eisebunnsreform ass gestëmmt, elo gëtt de Kollektivvertrag verhandelt

Nodeems en Donneschdeg am franséische Parlament d’Eisebunnsreform ugeholl ginn ass,

Biodiversitéit ass eis Liewensgrondlag, dofir muss sech agesat ginn, och politesch
International Neiegkeeten

Biodiversitéit ass eis Liewensgrondlag, dofir muss sech agesat ginn, och politesch

Gëschter huet d‘Asbl natur&ëmwelt en zolitte Fuerderungskatalog virgeluecht, deen si

Fest vum drëtten Alter zu Steesel
International Neiegkeeten

Fest vum drëtten Alter zu Steesel

De Gemengerot vu Steesel invitéiert ganz häerzlech op den Dag

Schéisserei zu Utrecht: Police geet vun terroristeschem Motiv aus

Eng weider Persoun vun den Autoritéite verhaft

Schéisserei zu Utrecht: Police geet vun terroristeschem Motiv aus

Nodeems e Méindeg de 37 järege Gökmen Tanis an engem Tram zu Utrecht dräi Mënschen ermuert an aner Leit deels liewensgeféierlech verletzt huet, mellt d‘Police, datt si nach eng Persoun – e Mann vu 40 Joer aus Utrecht – am Zesummenhang mat dëser Dot verhaft hunn. De Mann ass vun enger Spezialeenheet gëschter am Nomëtteg festgeholl ginn, weider Detailer gëtt et nach keng.

E Méindeg waren nieft dem Täter an enger Fra, nach zwee Männer interpelléiert ginn. Si sinn an der tëscht nees a Fräiheet, d‘Ermëttlungen hätten erginn, datt si net un der Attack op den Tram bedeelegt waren. Am Auto vum „Haaptverdächtegen“, Gökmen Tanis, huet d‘Police e Schreiwes fonnt, dat zu engem „Revers“ an der Enquête gefouert huet. Eng Bezéiungsdot wier ausgeschloss.

Utrecht

Dat heescht datt d‘Police an Holland elo muss vun enger terroristesch motivéierter Dot ausgoen. Esouwuel d‘Schreiwes wéi de Verlaf vun der „Operatioun“ géifen an dës Richtung hindeiten. Aus dem Büro vum Procureur heescht et allerdéngs, dat och weiderhin en anert Motiv méiglech ass, mee elo geséchert ass, datt den Täter keng „direkt Bezéiung“ zu den Affer op der Oktoberplein hat.

Gewosst ass och, datt de Gökmen Tanis déi ganz Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg verhéiert ginn ass. Ob sech de Mann zur Dot bekannt huet, seng Motiver virgeluecht oder einfach de Mond gehalen huet, dat hunn d‘Autoritéiten net matgedeelt. Si hunn awer eppes zu den Affer gesot: heibäi handelt et sech ëm eng Fra vun 19 Joer an zwee Männer am Alter vun 28, respektiv 49 Joer.

Utrecht

Wann déi grouss Politik hir Blummen néierleet… (videograb)

Laut engem Aenzeien deen sech géintiwwer engem Radiosender ausgedréckt huet, soll den Täter et bewosst op eng Fra ofgesinn hunn. Déi tierkesch Agence Anadolu huet bericht, datt de Mann wéinst enger „Familljenugeleeënheet“ op eng Fra geschoss hätt, an uschléissend op d‘Leit déi der Fra hätten hëllefe wëllen. Et gëtt an dësem Dossier nach vill Ongereimtheeten déi gekläert gehéieren.

De Gökmen Tanis ass dat wat ee „Polizeibekannt“ nennt. Hien hat an de leschte 7 Joer ëfters mat der Police an der Justiz ze dinn. Laut dem Lokalsender RTV, wier de Mann schonn eng kéier wéinst versichtem Mord veruerteelt ginn, an hätt kierzlech wéinst dem Verdacht op Vergewaltegung viru Geriicht gestanen. Hie soll 2013 och an eng Schéisserei verwéckelt gewiescht sinn…

Utrecht

… a wann d‘Polizisten den Affer hire Respekt erweisen © Politie Utrecht

mat indymedia/ams

Foto: Ergräifend Zeen zu Utrecht. Bauaarbechter vum Chantier nieft dem Tatort, hunn aus Respekt den Affer vun der Schéisserei géinteniwwer, Blummen ofgeluecht an eng Gedenkminutt agehalen. © Anne Gellinek

Ähnlech Sujeten Gökmen Tanis, Police, Schéisserei, Terrorismus, Utrecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel