Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Xavier Bettel huet vun Estland fir besonnesch Verdéngschter en Uerde kritt
astrological signs dating compatibility

De Xavier Bettel huet vun Estland fir besonnesch Verdéngschter en Uerde kritt

Eise Premierminister, ass um Méindeg vum estneschen Ausseminister Sven Mikser,

https://moien.lu/hook-up-turn-offs/https://moien.lu/dating-advice-what-to-talk-about/
popular gay dating apps in europe
astrological signs dating compatibility

Haushaltsspär an den USA: Kee Budget, keen ëffentlechen Déngscht

Op den Dag genee no engem Joer Trump-Presidentschaft, mussen d‘USA

e-Lake festival 2019: 3 Deeg, 2 Bühnen, 1 Séi!
astrological signs dating compatibility

e-Lake festival 2019: 3 Deeg, 2 Bühnen, 1 Séi!

Un dësem Weekend komme Musek-Fans aus alle Beräicher nees op

Schëtzeg ënnerwee: Mat 107 km/h duerch Duerf?

Dës Nuecht haten d'Automobiliste wuel nach schnell eppes vir!

Schëtzeg ënnerwee: Mat 107 km/h duerch Duerf?

Verschiddene Leit schéngt et op der Strooss wuel net schnell genuch ze goen. Esou huet d’Police gëschter Owend an am Laf vun der Nuecht verschidde Chauffeuren aus dem Verkéier missen zéien!

D’Lëtzebuerger Police huet gëschter Owend op der N28 Vitessekontrolle gemaach. Tëscht Éiter a Bus ass hei ee Kandidat mat 153 km/h gepëtzt ginn. Op der Héicht vun der Ausfaart Kanech konnt den Automobilist, deen iwwer 60 Kilometer an der Stonn ze schnell war gestoppt a kontrolléiert ginn. Natierlech war de Führerschäin op der Plaz fort. Donieft ass ee provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat an eng Plainte erstallt ginn.

Och zu Beefort sollt et zackeg viru goen. Amplaz vu 50km/h huet hei wuel ee Chauffeur säi Fouss net kontrolléiere kënnen an ass mat 107 km/h iwwert d’Route de Beaufort gebriedert. Och him ass de Führerschäin direkt ewech geholl ginn. An engem weidere Fall ass, duerch d’Iwwerschreide vun der Vitesse eng Plainte erstallt ginn, sou wéi deier Verwarnunge fir 3 aner Automobilisten. D’Strooss ass keng Rennstreck!

A weider geet et

Bei der Kontroll zu Éiter ass kuerz no 01:00 Auer ee Chauffeur op seng defekt Luucht opmierksam gemaach ginn. Nodeems d’Beamten de Geroch vun Alkohol wouergeholl hunn ass een Alkoholtest gemaach ginn, deen, wéi ze erwaarde, positiv ausgefall ass. Opgrond vum Resultat ass de Führerschäin agezu ginn. Allerdéngs sollten an dësem Fall och d’Pabeieren net an der Rei sinn an esou huet d’Police de Mann Heem bruecht.

Ähnlech Sujeten Alkohol um Steier, Beefort, Éiter, Policekontroll, Strof, Vitesse
Nächsten Artikel Virrechten Artikel