Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Porsche Carrera Cup Däitschland: E schwierege Saisonstart fir den Dylan Pereira
International Neiegkeeten

Porsche Carrera Cup Däitschland: E schwierege Saisonstart fir den Dylan Pereira

De Lëtzebuerger Pilot Dylan Pereira hëlt beim Saisonstart vum Porsche

money
JCR Pharmaceuticals léisst sech zu Lëtzebuerg néier
International Neiegkeeten

JCR Pharmaceuticals léisst sech zu Lëtzebuerg néier

Wéi et aus dem Wirtschaftsministère heescht, huet JCR Pharmaceuticals, eng

Dateschutz – eng besonnesch Erausfuerderung fir d’Gemengen
International Neiegkeeten

Dateschutz – eng besonnesch Erausfuerderung fir d’Gemengen

De SIGI verëffentlecht e praktesche Guide zum Dateschutz-Reglement RGPD De

Trump an Dieselskandal werfen hire Schied op de Genfer Autosalon

Trump an Dieselskandal werfen hire Schied op de Genfer Autosalon

D‘Automobilindustrie kann sech am schéinste Kleed weisen, um haidegen Dënschdeg, um Genfer Autosalon, steet se am Schied vun enger eege verschëlte Diesel-Kris an der Menace vun Douanestaxen aus den USA. Dat schléit op d‘Stëmmung, an deem engen oder anere kommen Zweiwel.

Den US-President mat senger „America First“ Politik ass ee vun den Haaptsujeten an de Kulisse vum weltwäit wichtegsten Autosalon. Dat eenzeg wéinst der Aféierung vun enger Schutzsteier op de Stol an den Aluminium.

„Wann d‘Douanestaxen erhuewe ginn, mussen d‘Präisser klammen an dann ass et um Konsument d‘Hand un de Portmonnie ze leeën (…) also gleewen ech net drun, datt et bei dësem Zeenario kann e Gewënner ginn“, esou d‘Äntwert un den Trump vum Didier Leroy, Vizepresident vun Toyota. Deen ass iwwregens besuergt, datt et zu engem Bumerang-Effekt kéint kommen, falls China an Europa och Mesure géifen aleeden.

Net ze vergiessen, datt den Donald Trump och domatter gedreet huet, Steieren op Import-Autoen aus Europa ze erhiewen. Dovunner wieren an éischter Linn déi däitsch Constructeure betraff woubäi et grad si sinn, déi massiv an Nordamerika produzéieren.

„D‘Verkafszuelen an der Automobilbranche hunn 2017 nei Rekorder gebrach. Mee zu Genf, hannert dem Glamour an de Pailletten, hunn der vill Suergefalen op der Stir“, kommentéiert de Ferdinand Dudenhöffer, Direkter vun „Center Automotive Research“, mat Sëtz an Däitschland.

Den Diesel erhëlt sech net

Déi gréisste Suerge bereet nach ëmmer de massive Réckgang am Verkaf vun Diesel-Gefierer. Dobäi hate grad déi grouss europäesch Constructeuren op den Diesel gesat, fir hir CO2-Emissiounen erofzesetzen. An déi ëffentlech Hand, zesumme mat der Politik, hat och ferm mat ugepaakt fir den Diesel ze fërderen.

Elo mussen d‘Constructeuren hiert industriellt Handwierksgeschir upassen, fir esou déi Autoen ze bauen déi de Konsument fuerdert. Also méi Bensinner, E-Autoen oder Hybriden. Ugefaangen hat et mam VW-Skandal, wou mat der Software gefuddelt gi war. Haut ass gewosst, datt keen Hiersteller op déi eng oder aner Weis, net och gefuddelt hätt.

Mee domatter net genuch. Vill Stied denke ganz am Eescht doriwwer no d‘Diesel-Gefierer baussent de Stadsmaueren ze halen. An Däitschland huet dat héchste Geriicht emol de Wee fräi gemaach, fir Reglementer zouzeloossen, déi zumindest fir al Diesel-Gefierer e Fuerverbuet kënne festleeën.

Dat suergt fir nach méi Onsécherheet beim Konsument, an déi grouss Constructeuren hunn dann och schonn Ukënnegunge gemaach. Esou ass an der Branche rieds vun Investissementer an héicht vun Dosende Milliarden Euro. Et soll besonnesch déi elektresch Strategie berécksichtegt ginn, och wann aktuell keen Expert sech iwwert Aussiichte vum kommerziellen Erfolleg äussere wëll.

Toyota ouni Angscht

D‘Evolutioun an der Automobilbranche beonrouegt Toyota manner wéi déi meescht vun hire Konkurrenten. Toyota profitéiert éischter vun der aktueller Situatioun, wat un enger grousser Gamme un Hybrid-Gefierer läit. Zudeem huet Toyota um Méindeg ugekënnegt, datt nach dëst Joer de Verkaf vun Diesel-Autoen an Europa agestallt gëtt.

Eng Motorisatioun déi 2017, 15% vum Verkaf bedeit huet. D‘Gamme vun den Bensin-Elektro Hybriden huet 40% vun de Venten ausgemaach. E Marché deen nach ëmmer mat enger Hausse rechnen dierf, a besonnesch vun Toyota besat ass. Woubäi de Constructeur aus Japan, virun 20 Joer, hei och eng Pionéierroll iwwerholl hat.

An Elektro-Gefierer gëtt et och um Genfer Autosalon. Neies a wéi gewinnt villes ënnert der Bezeechnung „Konzept“, also Autoen déi et esou op der Strooss éischter ni wäert ginn. Mee dat ass et och, wat de Public, dee vun haut bis den 18. Mäerz den Autosalon ka besichen, och wëll gesinn.

Vill Neigekeeten

Ënnert de villverspriechenden Neiegkeeten, den éischten elektresche vu Jaguar: den SUV I-Pace, mee och de Kona, e 4×4 SUV (elektresch) vun Hyundai. Iwwerhaapt huet d‘Branche den Interessi vun de Leit erkannt och Urban mat engem SUV oder City 4×4 wëllen ënnerwee ze sinn. Déi elektresch a „grouss“ Gefierer stinn aktuell héich am Kurs.

Als Beweis kann ee d‘Ernimmung vum Volvo XC40 als Auto vum Joer uféieren. Iwwregens eng Première fir d‘Mark aus Schweden. An et ass dat zweet Joer hannertenaner, wou en SUV – nom Peugeot 3008 d‘lescht Joer – dësen Titel erhält. Hale mir nach fest, datt Volvo den XC40 och als Hybride an als Elektromodell wëll kommerzialiséieren.

An engem méi klassesche Register, presentéiert Peugeot säi Modell 508. Eng franséisch Luxuslimousine, déi et mat de Nobelkarrossen aus Däitschland soll kënnen ophuelen. Geléngt de Fransousen dëse Coup, wier dat ee wichtege Schratt fir d‘Mark mam Léiw.

Wéini kënnt de „Smart-Car“?

Fir d‘Constructeure kënnt d‘Kris vum Diesel wuel net onverhofft, mee zu engem wierklech ongënschtegen Zäitpunkt. Zudeem kënnt mat den elektreschen an autonome Gefierer, och eng nei Konkurrenz op de Maart.

Esou Tesla, wou d‘Fortschrëtter enorm sinn, mee och d‘Entreprisen aus der Informatiounstechnik wëllen hei matmaachen. Apple a Google sinn do scho ganz gutt ënnerwee, an et dierft kloer sinn, datt och d‘Chinesen e Stéck vum „Smart-Car“ Kuch wëllen hunn.

Informatik, kënstlech Intelligenz an Telekommunikatioun wäerten d‘Häerzstéck vum Auto vu Muer sinn. Domatter entzitt sech den Auto den traditionelle Kompetenze vun de Constructeuren. An d‘Fro déi ee sech stelle muss: „Ginn déi vun der Automobilbranche generéiert Rekord-Profitter duer fir d‘Upassung ze finanzéieren?“.

Op eng Äntwert muss een hei nach eppes waarden. Zudeem gëtt et Hiersteller déi ganz gutt opgestallt sinn, och wann d‘Zukunft méi komplizéiert wäert ginn. Mee bis et esouwäit ass, wäerten och 2018 iwwer 700.000 Leit e Bléck op d‘Neiegkeete vun der Automobilindustrie geworf hunn.

mam Daniel Aronssohn an dem Yann Schreiber/AFP

Foto: De Volvo XC40 ass den europäeschen Auto vum Joer. 58 Journalisten aus 22 Länner hunn d‘Jury Gebilt, déi dësen SUV als bescht Gefier ernimmt huet. © Harold Cunningham/AFP

Ähnlech Sujeten Autosalon, Bensin, Diesel, Elektro, Genf, Hybrid
Nächsten Artikel Virrechten Artikel