Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
DP & CSV: Esou schnell kann et goen
https://moien.lu/rocket-league-matchmaking-points/

lance armstrong dating 2017

Net wierklech iwwerraschend awer trotz allem onerwaart schnell, huet sech

dating a girl you met at a bar
https://moien.lu/rocket-league-matchmaking-points/

Syrien: A 5 Deeg stierwe 400 Zivilisten vrun den Diere vun Damaskus

Iwwer 400 Doudeger, wouvunner eng 100 Kanner, sinn zanter e

Keng Revolutioun a keng Experimenter
https://moien.lu/rocket-league-matchmaking-points/

Keng Revolutioun a keng Experimenter

Si si Staatspartei, äerzkonservativ an houfreg drop. Den Transfert vun

Schiedlech Kuelenindustrie: D’Pensiounskeess investéiert an d’Verschmotzung vun eiser Otemloft

Schiedlech Kuelenindustrie: D’Pensiounskeess investéiert an d’Verschmotzung vun eiser Otemloft

Net nëmme sinn d’Kuelekraaftwierker de Klimakiller schlecht hin, mee si sinn ausserdeem verantwortlech fir den Ausstouss vu geféierleche Substanzen déi op ville Platze fir eng gesondheetsschiedlech Verschmotzung vun eiser Otemloft suergen. An enger Etüd, déi kierzlech verëffentlecht ginn ass, mierkt een datt d’Loft zu Lëtzebuerg staark mat Schuedstoffer aus dräi Kuelekraaftwierker vun RWE belaascht ass. Dës grausam Tatsaach, gëtt vun eiser Regierung a Kaf geholl, wëll soss géifen si eise Pensiounsfong net méi an d’Kuelenindustrie investéieren.

Eng Etüd déi vu Greenpeace an Climate Action Network an Optrag gi gouf, weist en erschreckend Bild vun den Gesondheetsschied, déi duerch Kuelekraaftwierker an Europa verursaacht ginn. Och eist Lëtzebuerger Land ass staark vun den negative Facetten aus der Kuelenindustrie betraff.

D’Verfaasser vun dëser Etüd hunn berechent, datt um gesamten nationalen Territoire eng geféierlech héich Partikelbelaaschtung an der Loft ass. Dëst ass op den Ausstouss vun NO2 an SO2 aus dräi, an West-Däitschland stoenden Kuelekraaftwierker vum Energiegigant RWE zréckzeféieren. Dës dräi Kuelekraaftwierker sinn déi vu Weisweiler, Neurath an Niederaussem. Déi vill ze héich Partikelbelaaschtung vun eiser Loft ka, wéi eng aner Etüd wéisst, zu chronescher Bronchite, Asthmasymptomer an souguer bei verschiddene Fäll zum Dout féieren.

Zwee vun den dräi genannte Kuelekraaftwierker (Niederaussen an Neurath) stinn ausserdeem an engem direktem Zesummenhang mat den Ofholzunge vum Hambacher Forst. Dëse Bësch, mat senger grousser Aartevillfalt, gëtt vun RWE séit Joerzéngte schonn ofgeholzt, fir datt si hiren Dagesbetrib vum Ofbau vu Kuel an der Ëmgéigend vergréissere kënnen. Ëmweltaktiviste vun der „Anti-Kohle-Bewegung“ haten den Bësch besat, fir eng weider Zerstéierung ze verhënneren. Mat dem temporären Ofholzstopp, den vum Uewerverwaltungsgeriicht Nordrhein-Westfalen opgeluecht ginn ass, ass dëser Beweegung en Tëschenerfollëg gelongen.

Wéi Miessungen zu Lëtzebuerg scho gewisen hu, läit d’Belaaschtung vun eiser Loft duerch déi genannte schiedlech Substanze gréisstendeels iwwert dem Grenzwäert. Och wann dës Verschmotzung an éischter Linn ob den Ausstouss vun Dieselautoen an op eis Industrie zeréckféieren ass, sou ass et awer bedenklech, datt eis Loft zousätzlech nach duerch d’Verbrenne vu Kuel verschmotzt gëtt.

Ëmsou méi erschreckend ass et, datt Lëtzebuerg zu dëser Entwécklung bäidréit, andeems den Pensiounsfong (Fonds de Compensation) d’Kuelenindustrie mat den Pesnsiounscotisatiounen vun den Lëtzebuerger Bierger finanziell ënnerstëtzt. Sou kënnt et och dozou, dass RWE, genau sou wéi aner grouss Kuelenentreprisen, sech op der Investitiounslëscht fir Pensiounsfonge befënnt. Déi Lëtzebuergesch Pensiounscotisatiounen fléissen an dräi vun den fënnef schiedlechste Kuelekonzerner (RWE, PGE an CEZ), wéi eng Etüd vu Greenpeace an CAN wéisst.

déi Lénk hunn der leschter Regierung oft un d’Häerz geluecht, fir hir Investitiounspolitik op en méi modernen an ëmweltfrëndlechen Niveau ze bréngen an hir Investitiounen an d’Richtung vun nohaltegen Infrastrukturen zu Lëtzebuerg ze lenken, amplaz a fossil Energien ze investéieren. Am Beräich vun der nohalteger Energie huet eist Land nämlech nach en grousse Réckstand. Den Ausbau heivunner kéint duerch d’Hëllef vun ëffentleche Gelder méi schnell no fir bruecht gi, mee déi nei Siichte vun der DP-LSAP-déi gréng Regierung weise keng konkret Zilsetzung zu dësem Thema op.

De Weltklimarot IPCC huet an sengem leschte Bericht, dee viru COP24 verëffentlecht ginn ass, dorop opmierksam gemaach, dass déi ökologesch Transitioun nëmmen duerch eng staark ëffentlech Hand an groussen Investitiounen an den Klimaschutz ze meeschteren ass. Wann eis nei Regierung wierklech sollt sou gréng sinn, wéi si et vun sech selwer behaapt, da kënnen si sech un der Neigestaltung vun der ëffentlechen Investitiounspolitik, déi dréngend noutwendeg ass, beweisen.

déi Lénk fuerderen d’Regierung op, ähnlech wéi scho bei den Atomkraaftwierker Cattenom, Tihange an Doel, diplomatesch Schrëtter anzeleeden, an dat schnellst méiglechst Zoumaache vun dëse Kuelekraaftwierker ze fuerderen. Dëst soll geschéien, opgrond vun der nogewise grousser Gefor déi des Kuelenindustrie op d’Bierger vu Lëtzebuerg an der Groussregioun hunn.

Ähnlech Sujeten CAN, Ëmwelt- a Klimapolitik, Greenpeace, Kuelekraaftwierk, RWE
Nächsten Artikel Virrechten Artikel