What the Fakt – D’Geschicht vun der éischter Häerztransplantatioun
Haut viru 51 Joer huet d’Medezin een enorme Fortschrëtt gefeiert.
De 24. August huet d‘Trump-Administratioun annoncéiert, der UN-Agence fir palestinensesch
Sechs Méint nodeems d‘USA d‘Nuklearofkommes mam Iran zerrappt hunn, huet
Um Donneschdeg gouf bei der Pressekonferenz zu Berlin matgedeelt, datt eis däitsch Noperen mat immensen Investitutiounsréckstänn net grad zu den europäesche Spëtzereider gehéieren. Pro Kapp huet een 76 Euro an de Schinneverkéier geluecht, wouduerch souguer de Groussherzogtum, vun deem een denkt, datt d’Awunner den Auto preferéieren, un hinne laanscht zitt.
© Allianz pro Schiene
„Aus haiteger Siicht schéngt et net ze faassen, datt eng Regierung grad beim klimafrëndlechen Verkéiersdréier Schinn spuere kann. Genee dat hu mir iwwert Joerzéngten erlieft“, erkläert den Dirk Flege, Leeder vun Allianz pro Schiene. „Et passt och net méi an d’Zäit, datt de Bund nach ëmmer de Schwéierpunkt vun den Investitioune beim Verkéier an d’Strooss sëtzt.“
An Éisträich sinn am vergaangene Joer zwee Drëttel vun den Investitiounen an den Ausbau vum Schinnennetz gefloss, just een Drëttel ass an d’Strooss investéiert ginn. Ähnlech gesäit et och an der Schwäiz a bei eis aus.
© Allianz pro Schiene
Nom Budget 2020 sollen d’Investitiounen an d’Schinnennetz no de Berechnunge vun Allianz pro Schiene ëm 40 Prozent klammen, eng Hausse, déi een virdrun nach ni gesinn hätt. „Eréischt wann d’Schinn eng kloer Prioritéit kritt an de Bund seng investititounen dauerhaft an nohalteg eropfiert, kënne sech d’Mënschen op d’Verkéierswende mat enger Schineninfrastruktur op europäeschem Spëtzenniveau freeën.“
Grad d’Coronakris hätt bewisen, datt ee mat méi Reserve bei de Kapassitéiten och d’Leeschtungsfäegkeet an d’Luucht dreiwe kéint. Duerch d’Pandemie gouf d’Netz entlaascht, wouduerch ee signifikant méi pünktlech an zouverlässeg konnt ginn. „Mat dëser méi héijer Attrakivitéit loosse sech spierbar nei Clienten fir d’Bunn erschléissen. Dat geléngt just duerch besonnesch Kraaftustrengungen bei den Investitiounen an d’Infrastruktur, duerch déi zwéngend noutwenneg Moderniséierung an Digitaliséierung vum System, „ënnersträicht d’Maria Leenen, Leederin vun SCI Verkehr.
(v.l.n.r.) Dirk Flege, Leeder vun Allianz pro Schiene; Maria Leenen, Leederin vun SCI Verkehr ; François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten © Allianz pro Schiene
Tëscht 2013 an 2016 huet d’Lëtzebuerger Regierung d’Investitiounen an d’Eisebunns-Infrasturkture verduebelt. Esou erkläert den Transportminister François Bausch, datt den Zuch „als Massentransportmëttel eng zentral Roll an der zukünfteger Mobilitéitsstrategie an eiser Gesellschaft“ spille wäert.
Virun allem d’Entwécklung vun den urbane Liewensraim an d’Klimaproblematik géifen eng effizient Organisatioun bei der Mobilitéit fuerderen, a genee hei kéint den Zuch een immense Beitrag leeschten.
Opmaacherbild: François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten © Allianz pro Schiene