Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kommentar: E Patronage fir Esch2022
International Kultur Neiegkeeten

Kommentar: E Patronage fir Esch2022

Knapps datt ee bericht huet, Esch2022 géif elo kommunizéieren, gesäit

Lénke Ministerpresident empfänkt Spriecher vun déi lénk
International Kultur Neiegkeeten

Lénke Ministerpresident empfänkt Spriecher vun déi lénk

De Spriecher vun déi lénk, Gary Diderich, war an der

Steet dem Marschall Pétain en Hommage zou?
International Kultur Neiegkeeten

Steet dem Marschall Pétain en Hommage zou?

Fir den 90 järege Jean-Marie Le Pen, rietsradikale Politiker, Grënner

Schlass Drachenburg – eng heemelesch Residenz mat magescher Ambiance

Schlass Drachenburg – eng heemelesch Residenz mat magescher Ambiance

Et ass d’Schlass Neuschwanstein beim Rhein: Drachenburg ass eng Mëschung aus Villa, Buerg a Schlass. Et verbënnt méi Stiler a war schonn deemools een architektoneschen Dram, wou säin Erbauer, de Baron Stephan vu Sarter, trotzdeem ni gewunnt huet.

Wien emol an der Géigend vu Bonn oder Köln, méi genau zu Königswinter ass sollt sech dëst Meeschterwierk net entgoe loossen. Uewen um Drachefiels, mat enger prächteger Vue op de Rhäin, fënnt een dat magescht Schlass, wat een och liicht un Hogwards erënneren kéint. Op de Bierg kënnt een entweder zu Fouss duerch de Bësch oder et hëlt een d’Drachefielsbunn, déi all hallef Stonn fiert.

Uewen ukomm huet ee schonn eng herrlecht Siicht op dat extrat Schlass, wat engersäits vum mëttelalterleche Stil gepräägt ass. Een Tuerm un der Ostsäit léisst dorun erënneren. Mëtteg ass sech, mat enger Fënsterrous an typesche spatze Fënsterbéih, un der Gotik orientéiert ginn. Op der lénker Säit fënnt een dann de barocke Stil, mat engem klenge Gaart a gëllenen Hirschen, déi d’Juegd als Hobby vum Sarter opgräife sollen.

Schlass Drachenburg

De Gaart vum Schlass ass zwar kleng, mee bitt eng wonnerbar Kuliss.
© Shari Pleimelding/moien.lu

Praktesch ass hei, datt ee sech op der Platz een Audioguide op säin Handy erofluede kann, sou datt een zu all Zëmmer, dem Gebai u sech an der Ëmgéigend eng Rei informativ Geschichten erzielt kritt. D’Schlass zielt zwou Etagen, mat engem Lieszëmmer, engem Juegd- a Billiardzëmmer, Schlofzëmmer fir d’Gäscht a villes méi. Opfälleg ass ëmmer déi prunkvoll Ariichtung, bei der de Sarter sech un der franséischer Bannenarchitektur inspiréiert huet. Zu Paräis huet hien sech nämlech déi meescht Zäit opgehalen.

1902 ass de Baron verstuerwen, ouni jeemools a sengem eegene Schlass gewiescht ze sinn. Knapp 30 Joer méi spéit ass des Residenz zu engem Jongeninternat ëmgewandelt ginn. Vill Molereien un de Maueren missten iwwerstrach ginn, wëll se duerch d’Biller vu plakege Fraen d’Schüler vum léieren ofgehalen hunn.

Schlass Drachenburg

Hei hätt de Baron wuel eng schéin Vue um Moien gehaat, wann en dann am Schlass gewunnt hätt.
© Shari Pleimelding/moien.lu

Duerch den Drock vun den Nationalsozialisten huet d’Schoul missen zougemaach ginn. Elo sollt hei ee Schulungszentrum fir d’Reichsbahn entstoen. An der fréierer Galerie louchen d’Gleiser, un deenen d’Jongen übe konnten. Am Krich ass d’Schlass, duerch seng Notzung vun den NS staark bombardéiert ginn, wouduerch et duerno laang Zäit eidel stoung. D’Holzvertäfelung gouf ass Brennholz genotzt, d’Molereien am Trapenhaus, Nibelungen- an Iesszëmmer si vun Schatzjeeër geklaut ginn.

Glécklecherweis konnt de Paul Spinat d’Ofrappe vum Gebai verhënneren. Duerch hien konnt d’Schlass nees hiergeriicht a restauréiert ginn. Bis zu sengem Dout 1989 huet den Här Spinat am Schlass Drachenburg residéiert an och wärend Liefzäite schonn der Ëffentlechkeet zougänglech maachen.

Hautdesdaags steet dat architektonescht Meeschterwierk ënnert Denkmalschutz, dat och wéinst der Nordrhein-Westfalen Stëftung. Ee Gléck, wëll schonn eleng déi super Vue ee Besuch wäert ass. Mech perséinlech huet dat ufanks onscheinbart Schlass vollkomme begeeschtert! Och fir Hochzäitszeremonien- a Fotoen ass d’Residenz beim Rhein eng super Lokation.

Méi Informatiounen zum Schlass Drachenburg fënnt een op hirem Site.

Ähnlech Sujeten Bonn, Däitschland, Drachenburg, Drachenfels, Köln, Königswinter, Kultur, Paul Spinat, Schlass, Schlass Drachenburg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel