Search

You may also like

De Wirtschaftsminister a Guardian Europe
Neiegkeeten

De Wirtschaftsminister a Guardian Europe

Den Dossier Guardian Europe (Luxguard Diddeleng a Käerjeng) ass där

Dem Olivier Laxe säi „Quand viendra le Feu“ kënnt de 25. September an eis Kinoen
Neiegkeeten

Dem Olivier Laxe säi „Quand viendra le Feu“ kënnt de 25. September an eis Kinoen

„Quand viendra le Feu“ ass eng Koproduktioun vun Tarantula Lëtzebuerg,

US-President wëll sech aus UN-Waffenofkommes zréckzéien
Neiegkeeten

US-President wëll sech aus UN-Waffenofkommes zréckzéien

Op der Generalassemblée vun der „National Rifle Association“ (NRA), der

Schnepperkopp: Schlässerei a Flamen fuerdert gutt 100 Pompjeeën

An der Nuecht vu gëschter op haut koum et zu Miedernach zu engem gréissere Brand. Nodeems géint 2 Auer Moies beim 112 den Appell agaangen ass, sinn d’Asazkräft schnell op d’Plaz geschéckt ginn.

De Brand an der Industriehal, déi sech iwwert zwou Etage streckt, huet dobäi direkt e puer Geforen opgewisen: Zum engen hunn d’Flame gedreet op d’Nopeschhal an op d’Wunnhaiser iwwerzegräifen. Zum aneren waren eng Rëtsch Gasflächen gelagert, wouduerch d’Waasserversuergung erschwéiert ginn ass.

Aus dësem Grond huet den Asazleeder Verstäerkung ugefuerdert an de Centre de Gestion des Opérations gouf aktivéiert, fir esou déi verschidden Aktiounen an Demanden ze koordinéieren.

Ronn 100 Pompjeeën aus 14 verschidden Asazzentren konnten en Iwwergräife vun de Flame verhënneren an dofir suergen, datt keng Persoun blesséiert gouf. Géint 4:30 Auer war d’Feier schliisslech ënnert Kontroll.

Am Asaz waren de CIS Beefort, de CIS Bettenduerf, de CIS Kolmer-Bierg/Schieren, de CIS Konsdref, de CIS Dikrech, de CIS Iermsdref, de CIS Jonglënster, de CIS Fiels, de CIS Lëntgen, de CIS Lëtzebuerg, de CIS Miedernach, de CIS Mäertert-Gréiwemaacher, de CIS Reisduerf, de CIS Waldbëlleg, de Centre de Soutien Logistique, en Officier Santé, 2 Pelotonscheffen an de Compagniechef aus der Zon Osten.

Dës weideren sinn de Buergermeeschter, de Service Technique vun der Gemeng an d’Waasserverwaltung op den Uert vum Virfall komm, fir sech selwer e Bild vun der Situatioun ze maachen.

Fotoen: © CGDIS

Related topics 112, Brand, CGDIS, Flamen, Miedernach, Pompjeeën, Schlässerei, Schnepperkopp, Waasserversuergung, Waasserverwaltung
Next post Previous post