Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Ris geet op d’Rees – wat erlieft hien?
Stories

De Ris geet op d’Rees – wat erlieft hien?

De bekanntsten Awunner vu Beetebuerg? Ma deen ass ronn zéng

Sozialwahlen 2019: Eng Gewerkschaft iwwertrëfft sech selwer
Stories

Sozialwahlen 2019: Eng Gewerkschaft iwwertrëfft sech selwer

Et kann een de Houfert vun der gréisster Lëtzebuerger Gewerkschaft

E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss
Stories

E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss

Um Mëttwoch war bei der Gëlle Fra eng weider lass.

Schlecht Stëmmung bei der Post

Schlecht Stëmmung bei der Post

Bréifdréier an Schalterpersonal geroden ënner Drock, Clientë kréie ferm an d’Täsch gegraff

D’Privatiséierung vu sämtleche Postdéngschter fänkt un beim Personal vun der Post vir schlecht Stëmmung ze suergen. Et gëtt ewell net nëmme méi d’Clienten déi sech zurecht mat der neier wirtschaftlecher Ëmstellung vun de Postservicer mussen ausernee setzen, nee och beim Personal hannerléisst de neie Modus Operandi Spueren.

© moien.lu/MdL

Bei de Bréifdréier sinn et besonnesch déi al gedingten, also déi wou nach den Härebierg absolvéiert hunn an vir hire gréissten Deel kuerz virun der Pensioun stinn, wou an der Schosslinn vun der Direktioun leien.

Hir privilegiéiert Situatioun als Staatsbeamten an déi domadder verbonnen héich Paie schéngt de Patronen een Dar am A ze sinn. Wéi soss erkläert et sech dat justement des Mataarbechter ëmmer méi ugehale ginn duebel Tournéeën ze maachen? Hirer lass ze ginn ass allerdéngs net méiglech an mat kougenéieren dierft sech d’Direktioun enger direkter Konfrontatioun mat der Bréifdréieschgewerkschaft aussetzen.

Gläiches ass festzestelle beim Schalterpersonal déi ëmmer méi Aarbecht opgedréckt kréien ouni dat neit Personal géif agestallt ginn. Dat huet allerdéngs System wéi ons vertraulech matgedeelt gouf. Esou wëllt d’Post, hisichtlech der Schléissung vun enger helle Wull u Büroen an hire Pläng bezüglech Optimisatioun an Effizienz, sech net herno mat „iwwerflëssegem“ Personal mussen erëmschloen.

Quo Vadis Post?

Eng Entreprise wéi d’Post, déi ëmmerhi mat Steiergelder opgebaut gouf, vir an Zäite vun der allgemenger Liberaliséierungswell zu engem ganz gewéinleche Wirtschaftsacteur ëmfunktionéiert ze ginn, muss sécherlech den diversen ekonomesche Faktore Rechnung droen. Se bleift awer am Ament nach ëmmer ee Staatsbetrib an huet, besonnesch wat hiren Departement „Post-Finance“ betrëfft eng gréisser sozial Verantwortung ze droe wéi dat bei enger Bank de Fall ass.

Déi nei UCL, gëtt sech es och dann net midd d’Bierger zu enger wäitleefeger Ënnerschrëftenaktioun opzeruffe vir deem ze begéinen. Mat 4 Euro Gebühr vir dat eegent Geld vum Kont dierfen opzehiewe gi besonnesch déi Leit mat enger prekärer Liewenssituatioun an d’Pensionären direkt getraff. Wann ee Client aus genanntem Sozialemfeld also ee mol d’Woch well oder muss 40 Euro ophiewen, dann huet deen 10% Fräien, bei 80 Euro sinn et nach ëmmerhin 5%. Dat nennt een net Profit gemaach, mee schlicht an ergräifend Wucher.

Et dierf ee sécherlech berechtegt unhuelen dat all Déngschtleeschtung och mat enger Opwandsentschiedegung ze rechtfäerdegen ass. Hei gëtt awer sécherlech eng rout Linn iwwerschratt déi vermudde léisst dat d’Post sech dëser Clientë well entleedegen. Déi Leit hunn net einfach emol eng „VISA“ an kréie beschtefalls eng „Prépayée“ vir déi se da bei all Opluedung nach emol dierfen 3 Euro op den Dësch leeën. Eng Fräiheet déi sech bei der aktueller konjunktureller Lag ëmmer manner Mënsche kenne leeschten.

Do ass et dann och net berouegend dat de Wirtschaftsminister vun der LSAP gestallt gëtt, well ee jo zurecht dierft unhuelen dat een Sozialist weess wat sozial Verantwortung bedeit. Deen awer ka jo ophands vun der Privatiséierung sech gutt aus der Affäre zeien, well dat jo eng Entscheedung vun der Firma ass op déi d’Politik keen Afloss sollt huelen. Leider ass de Staat den Haaptaktionär an et ass och net bekannt dat sech ei Leit am Conseil d’Administratioun dorops besënnt hätten hir Opwandsentschiedegungen kleng ze halen.

Dat et am Liewen näischt vir näischt gëtt kann een akzeptéien. Net akzeptabel ass et wann déi Ärmsten vun engem Staatsbetrib och nach dofir bestrooft ginn dat se net genuch verdéngen oder eben eng kleng Rent hunn. All Betrib huet nieft der Verantwortung sengen Aktionären oder Investoren géinteniwwer, och eng Sozialverantwortung där se sech net dierf entzéien. Leider muss grad dat der Post zum Virworf geméet ginn.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel