Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sträit ëm d‘Ressourcen an der Ägäis
Neiegkeeten

Sträit ëm d‘Ressourcen an der Ägäis

Zu Ankara dreemt de Sultan Recep Tayyip Erdogan vun engem

Et geet duer! – Schluss mam organisatoresche Chaos!
Neiegkeeten

Et geet duer! – Schluss mam organisatoresche Chaos!

Eng Woch no der Reprise am Fondamental schéckt de MENJE

EU-Sommet: May verréit Deeler vu sengem Brexit
Neiegkeeten

EU-Sommet: May verréit Deeler vu sengem Brexit

Déi britesch Premierministesch Theresa May huet um Donneschdeg fir déi

De schlechten Ëmgang mat Antibiotiken ass eng Gefor fir d‘ëffentlech Gesondheet

De schlechten Ëmgang mat Antibiotiken ass eng Gefor fir d‘ëffentlech Gesondheet

Lëtzebuerg ass EU-Duerchschnëtt wat Mesuren ugeet, déi de Mëssbrauch vun Antibiotiken verhënnere sollen. Dat huet d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP) bestätegt. Zesumme mam Landwirtschaftsminister Fernand Etgen, huet d‘Ministesch e nationale Plang presentéiert, mat deem d‘Situatioun verbessert soll ginn.

Mir wëllen de Club vun de Beschten, dee Momentan vun Dänemark, Finnland, Holland a Schweden gestallt gëtt. Zumindest ass dat de Wonsch vum Direkter vun der Santé, Dr. Jean-Claude Schmit. En Zil, dat een awer nëmmen erreeche kann, wann déi zwee Ministèren zesummeschaffen. Woubäi ee muss drop hiweisen, datt de Landwirtschaftsministère och fir de Konsumenteschutz zoustänneg ass.

Gëschter hunn also béid Minister de Startschoss fir den éischten nationalen Antibiotik-Plang ginn. Dee bezitt sech och fir dës éischt Ausgab op den Zäitraum 2018-2022. E Plang deen déifgräifend beschriwwe ginn ass, woubäi och d‘Konsequenze vum Mëssbrauch vun Antibiotiken, ënnerstrach goufen. E Mëssbrauch, deen sech net eleng op de Mënsch bezitt.

Et wier den onverantwortlechen Ëmgang mat Antibiotiken – esouwuel an der Humanmedezin, wéi och an der Veterinärmedezin – deen dozou gefouert huet, datt een sech haut multiresistente Bakterië géinteniwwer gesäit. Eng vun den dramatesche Folgen: ëmmer méi Infektioune kënnen net méi esou behandelt ginn, well d‘Antibiotiken hir Wierkung verluer hunn.

Zäit ëmzedenken

D‘Lydia Mutsch huet drop opmierksam gemaach, datt et op EU-Niveau all Joer bis zu 25.000 Stierffäll gëtt, déi an Zesummenhang mat Infektiounen duerch multiresistent Bakterie stinn. Eng Zuel, déi net réckleefeg ass. Ganz am Géigendeel: aus globaler Siicht betruecht, kéint ee bis 2050 scho mat bis zu 10 Millioune Stierffäll am Joer rechnen.

An den Doud ass net den eenzege Präis deen de Mëssbrauch vun Antibiotike verlaangt. Esou kascht dat ganzt och Geld, vill Geld. Bréissel geet beispillsweis dovunner aus, datt well ëmmer méi Bakterie multiresistent sinn, e grousse wirtschaftleche Schued entsteet. Esou gi wéinst de Käschte vun de Soinen an d‘Perte duerch de Produktivitéitsverloscht 1,5 Milliarden Euro duerch d‘Päif.

Zu Lëtzebuerg ass d‘Situatioun awer nach net dramatesch, wat een och dorunner erkenne kann, datt bei der ambulanter Behandlung de Konsum vun Antibiotik ëm 7% konnt reduzéiert ginn. An och am Spidolssecteur, kann een e Réckgang vum Asaz vun Antibiotiken notéieren. D‘Ministesch ass hei iwwerzeegt, datt déi vill Campagnen och zu engem Ëmdenke bäigedroen hunn.

Elo ass et dann och net fir sech op de Friichte vum Erfolleg auszerouen. Et brauch nach Fortschrëtter an Efforten, well trotz alle Beméiungen ass de Konsum vun Antibiotiken nach ze héich. Wuel kann ee saisonsbedingt Variatioune (besonnesch am Wanter gëtt es ze vill benotzt) berécksiichtegen, mee et sollt ee méi bewosst mat Antibiotiken ëmgoen.

Ähnlech Sujeten Antibiotiken, Fernand Etgen, Gesondheetsministère, Landwirtschaftsministère, Lydia Mutsch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel