Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

https://moien.lu/dating-clone-app/
DP & CSV: Esou schnell kann et goen
International https://moien.lu/jamie-lynn-spears-dating/

life after weight loss dating

Net wierklech iwwerraschend awer trotz allem onerwaart schnell, huet sech

https://moien.lu/dating-clone-app/
Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken
International https://moien.lu/jamie-lynn-spears-dating/

Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken

Déi franséisch Insele Saint-Barthélémy a Saint-Martin sinn op Alarm „Mof“

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum
International https://moien.lu/jamie-lynn-spears-dating/

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum

No villem „hin an hier“ ass et e Méindeg am

Schlechten Timing fir d‘Inauguratioun vun der US-Ambassade zu Jerusalem

Schlechten Timing fir d‘Inauguratioun vun der US-Ambassade zu Jerusalem

Während zu Jerusalem déi nei US-Ambassade ageweit ginn ass, an domatter eent vum Trump sengen ëmstriddenste Verspriechen ëmgesat ginn ass, si bei Ausenanersetzungen op der Grenz zu Gaza, 55 Palestinenser gestuerwen an bis 2.400 blesséiert ginn.

Domatter war de 14. Mee, Dag vum 70. Onofhängegkeetsjubiläum, dee bluddegsten Dag am israelesch-palestinensesche Konflikt zanter dem Krich vun 2014. Déi palestinensesch Leedung huet d‘Ausenanersetzung e „Massaker“ genannt, während den Benjamin „Bibi“ Netanyahu d‘Gewalt rechtfäerdegt an op den noutwennege Schutz vu senge Grenzen, virun der Hamas, hiweist.

Och wann ee mat esou enger Entwécklung, net zur lescht wéinst der Provokatioun, huet misse rechnen, esou huet den Ausmooss vun der Gewalt déi international Communautéit beonrouegt. An engem éischten Ament, hunn d‘Tierkei a Südafrika hir respektiv Ambassadeuren zréckgeruff.

D‘Géigner vun Israel a Mënscherechtsorganisatiounen hunn den Aktivismus vum hebräesche Staat veruerteelt. Säit dem 30. Mäerz – mam Ufank vum Marsch fir de Retour, wou sech dausende Palestinenser laanscht d‘Grenz tëscht der Enklav Gaza an Israel versammelen – huet den Asaz vu militäresche Mëttel schonn 109 Affer gefuerdert.

Eng Zuel déi an de nächsten Deeg wäert mussen no uewe korrigéiert ginn. Dat well eng nei Mobilisatioun bei der Grenz virgesinn ass. Haut um Dënschdeg 15. Mee, gëtt a Palestina d‘Nakba, d‘Katastroph zelebréiert, well mam Staat Israel huet hiren Exodus ugefaangen.

Mat alle Mëttel

Während zu Jerusalem déi amerikanesch an israelesch Gäscht, an der neier US-Ambassade, en historesche Moment gefeiert hunn, war d‘Peripherie vum Gazasträifen eng geschlosse Militärzon. Dausende Palestinenser huet dat net vum Protest ofgehalen. Déi resolut ënnert de Palestinenser, hunn sech den Zaldote gestallt, mat Steng geworf a versicht d‘Barrière ze iwwerwannen.

Virun esou engem Akt haten déi israelesch Autoritéite gewarnt, a betount, datt si all Mëttel géifen asetzen, fir en Andréngen an Israel ze verhënneren. D‘Gefor vun engem Ugrëff op d‘Zivilisten an d‘Awunner vum Grenzberäich ass um Joresdag vun der Nakba reell.

De Kuwait huet als éischt arabescht Land reagéiert an eng Drénglechkeetssëtzung vum UN-Sécherheetsrot ugefrot. D‘USA hunn dann och e Méindeg hire Veto agesat, an esou verhënnert, datt de Sécherheetsrot e Communiqué konnt erausginn, an deem dëse senger „Trauer an Entrëschtung“ Ausdrock wollt verléinen, géintiwwer dem Doud vu Mënschen déi friddlech manifestéiere wëllen.

Amnesty International geet esou wäit, an bezeechent den Asaz vun disproportionéierter Gewalt als e „Krichsverbriechen“. D‘EU a London hunn Israel opgeruff sech zréckzehalen, Paräis huet d‘Gewalt veruerteelt. Teheran bedauert a schwätzt vum „Dag vun der Schimmt“ an Ankara gesäit e Genozid.

Kee Vertraue méiglech

Israel stellt sech der proklaméierter „friddlecher Mobilisatioun“ vu Gaza an de Wee, a begrënnt d‘Moossname mat stännege Versuch vun der Hamas, de hebräesche Staat wëllen z‘infiltréieren. Laut der Arméi solle wéinstens dräi Equipe versicht hunn, Sprengmëttel laanscht d‘Barrière ze placéieren. Et hätten sech och Leit vun der Hamas ënnert de Manifestante verstoppt.

Jerusalem

Déi israelesch an amerikanesch Fändele ginn op d‘Stadsmauer vun der Alstad vu Jerusalem projezéiert. Den Ulooss war d‘Inauguratioun vun der US-Ambassade zu Jerusalem, woumatter Washington, déi helleg Stad als Haaptstad vun Israel unerkennt. © Ahmad Gharabli/AFP

An der US-Ambassade, déi wäitraimeg vun honnerte Polizisten ofgespaart ginn ass, huet näischt op déi dramatesch Lag un der Grenz zu Gaza higewisen. Eenzeg de Jared Kushner a seng Fra Ivanka, d‘Duechter vum US-President, huet gemengt: „Wie Gewalt provozéiert ass en Deel vum Problem“.

Via Videokonferenz huet den Donald Trump den Transfert vun der US-Ambassade op Jerusalem begréisst, an d‘Aktioun als „groussen Dag fir Israel“ bezeechent. Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen ass e gewoten diplomatesche Schratt, a stellt e klore Broch mam internationale Konsens duer. Vun der arabescher Welt gëtt dës Entscheedung als Provokatioun bezeechent.

D‘Entscheedung selwer begléckt d‘Autoritéiten, déi an dësem Geste, d‘Unerkennung vun enger 3.000 Joer aler Realitéit fir d‘jiddescht Vollek gesinn. Datt d‘Inauguratioun vun der US-Ambassade dann och op de Joresdag vun der Staatsgrënnung fält, ass keen Zoufall.

Dem Fridden entgéintgewierkt

Wann et wuel richteg ass, datt dësen Dag fir esouwuel d‘Amerikaner wéi fir d‘Israelitten an d‘Geschicht wäert agoen, esou ass et kee gudden Dag. Kee gudden Dag fir de Fridden, an keng Basis fir mëttels Verhandlungen, dësem Konflikt bäizekommen. Fakten déi zu Washington bekannt sinn, wat eng gewëssen Absicht vun der US-Politik erkenne léisst.

Israel hat sech Ostjerusalem 1967 beim Sechs-Deeg Krich gekroopt a kuerzerhand annexéiert. D‘Israelitte consideréiere Jerusalem als hir ondeelbar an éiweg Haaptstad, während op der aner Säit och d‘Palestinenser hiren Usproch erhiewen, an déi helleg Stad als Haaptstad vu Palestina gesinn.

Fir déi international Communautéit – zumindest fir d‘Majoritéit heivunner – bleift Ostjerusalem e besate Gebitt, an et dierft hei keng Ambassade installéiert ginn, esou laang wéi de Statut vun der Stad net eendeiteg gekläert ass. Et wier dann och d‘Verantwortung vun den internationale Partner, hei eng Léisung erbäizeféieren, net awer Ueleg an d‘Feier ze schëdden.

D‘Provokateuren an dësem Fall sinn den Trump an de Netanyahu. Et kann ee béide politeschen Acteure keng gutt Absichten zouspriechen, an et grenzt un Zynismus, wann sech béid Personnage trauen, d‘Wuert „Fridden“ an de Mond ze huelen, nodeems se d‘Feier geluecht hunn.

mam Jonah Mandel an dem Joe Dyke/AFP

Foto: Déi israelesch an amerikanesch Fändele ginn op d‘Stadsmauer vun der Alstad vu Jerusalem projezéiert. Den Ulooss war d‘Inauguratioun vun der US-Ambassade zu Jerusalem, woumatter Washington, déi helleg Stad als Haaptstad vun Israel unerkennt. © Ahmad Gharabli/AFP

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, Donald Trump, Israel, Jerusalem, US-Ambassade
Nächsten Artikel Virrechten Artikel