Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Lëtzebuerger Arméi am Asaz: e Bilan dee sech weise léisst
International Neiegkeeten

D‘Lëtzebuerger Arméi am Asaz: e Bilan dee sech weise léisst

Ganzer 25 Joer engagéiert sech schonn eis Arméi bei militäreschen

Alles am Bléck: Zu Besuch am Cargozenter
International Neiegkeeten

Alles am Bléck: Zu Besuch am Cargozenter

Jo, mir si spéit un, an awer: Um vergaangene Freideg

„All Mënsch hei huet et gären a weess wéi et preparéiert gëtt“: D’Musahar iessen zur Nout Raten – a ginn dofir ausgeschloss
International Neiegkeeten

„All Mënsch hei huet et gären a weess wéi et preparéiert gëtt“: D’Musahar iessen zur Nout Raten – a ginn dofir ausgeschloss

D‘Rat kraucht iwwer den Aarm vum Phekan Manjhi, dee versicht

Amerikaneschen a Lëtzebuerger Krichsminister erklären de Weltraum zum Schluechtfeld

Amerikaneschen a Lëtzebuerger Krichsminister erklären de Weltraum zum Schluechtfeld

Am August 2019 huet d‘US-Administratioun annoncéiert eng „Weltraum-Sträitmuecht“ ze schafen. Ee perséinleche Wonsch vum US-President, deen d’Virmaachtstellung vun den Amerikaner am Weltraum sécherstelle soll. A virun e puer Wochen huet den Donald Trump dann de Weltraum zum neie Schluechtfeld erkläert.

Elo sinn dann déi zwee fir d‘Arméi zoustänneg Minister, François Bausch an Henri Kox (déi gréng) rezent op Washington gepilgert, wou si ënnert anerem zwee Dokumenter ënnerschriwwen hunn, déi eng Zesummenaarbecht am Weltraum sécherstelle sollen. Et ass awer net dovunner auszegoen, datt elo an de nächste Méint Lëtzebuerger Zaldoten hei an de Asaz geschéckt solle ginn.

Rock den Orbit

Beim 1. Accord geet et laut Krichsministère ëm d‘Mandatserdeelung fir en „Aarbechtsgrupp zur Zesummenaarbecht am Weltall“ (Space Cooperation Working Group), dat zweet ass eng sougenannt Absichtserklärung (Memorandum of Understanding) zur „Zesummenaarbecht bei der Sécherheet vu Raumflich an d‘Bereetstellung vu Mëttel zur Observatioun vun Aktivitéiten am Weltraum“.

Domatter ënnerstëtzt déi Lëtzebuerger Regierung kloer an däitlech dem Donald Trump seng geféierlech Aussepolitik, dee mat sech der Grënnung vun der „Weltraum-Sträitmuecht“ en eegent a sécherlech och nohaltegt Monument erriicht. Woubäi dës Sträitmuecht och esou am Militärbudget vun 2020 ageschriwwe gouf, an den US-President zu kämpfereschen Aussoe verleet huet.

Wou ass de Scotty?

Esou huet de Milliardär de versammelten Offizéier erkläert, datt sech op dësem neie Schluechtfeld vill doe wäert, firwat d‘Grënnung vun enger „Weltraum-Sträitmuecht“ e grousse Schratt ass. Den US-Verdeedegungsminister Mark Esper, war do eppes méi däitlech an huet erkläert datt d‘Space Forces d‘Missioun hunn d‘Virmaachtstellung vun den USA am Weltraum ze verdeedegen.

Esou ginn dës „Space Forces“ dann och zur sechster „US-Sträitmuecht“ nieft der Army, der Navy, de Marines, der Air Force an de Coast Guards. Woubäi d‘Space Forces der Air Force sollen ugegliddert ginn. Dem Mark Esper säi Virgänger Jim Mattis hält dës „Weltraum-Sträitmuecht“ fir eng deier „Spillsaach“ an war net iwwerzeegt vun der Iddi, wéi hien et dem Kongress erkläert huet.

Alles Microsoft oder?

Nieft dem Weltraum, hunn eis Pazifiste mat Wäitbléck dës Aarbechtsvisite, déi schonn eppes méi laang geplangt war, och genotzt fir iwwer Cyber-Ofwier ze schwätzen. Detailer dozou gëtt et keng, mee et sollt een net dovunner ausgoen, datt och esou eppes richteg an d‘Geld geet, wann een sech op d‘Notzung vun „héich spezialiséierten“ US-Entreprisen entwéckelter Software aléist.

Dat erkläert zwar net firwat sech eis Regierungsvertrieder och nach mam US-Handelsminister Wilbur Ross getraff hunn, dee jo u Lëtzebuerg ganz aner Erwaardunge stellt. Eventuell ass et jo beim Gespréich mam Handelsminister ëm Google gaangen, wou sech d‘Regierung jo beméit huet, hinnen e gréisseren Terrain ze besuergen. Inklusiv Geheimvertrag wéi mir wëssen.

Foto: De John Rood, Ënnerstaatssekretär vum US-Verdeedegungsministère (l) an de Vizepremier François Bausch hunn ënnert den opmierksame Blécker vum James Randolph Evans, US-Ambassadeur zu Lëtzebuerg an dem Logementsminister Henri Kox déi wichteg Dokumenter ënnerschriwwen. © MAEE

Ähnlech Sujeten François Bausch, Henri Kox, John Rudd, Lëtzebuerg, Mark Esper, Pentagon, Rëschtung, USA, Weltraum, Weltraum-Sträitmuecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel